Wuertschatz.lu

Do ass mir de Kolli bal geplatzt!

Ech hunn e Verhalt ewéi eng Seibecken!

Dir ginn d'Aen nach op ewéi Gënzescheeken!

Hie gëtt un ewéi eng Tut voll plakeg Mécken.

Du gëss der Welt Stéiss!

Merci fir méi wéi 1.700 Maile
mat ronn 3.000 Spréch!
Spréch entdecken
Riedensaarten a Riedewendungen

VILLMOOLS MERCI! Méi ewéi 1.700 Maile mat ronn 3.000 Spréch krute mer tëschent Juni 2021 a Mee 2022 vun Iech geschéckt: Dir fannt se hei, als Wuertschatz-Korpus 2021-2022. Natierlech goufen eenzel Spréch méi ewéi eng Kéier proposéiert an heiansdo gouf och esouguer eng Erklärung matgeliwwert. Merci fir d’Matmaachen! (DʼAktioun, fir Spréch ze proposéieren, hu mir elo ofgeschloss.)

Nieft Ären Ausdréck fannt Dir hei och nach 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten mat hirer Erklärung aus dem „Lëtzebuerger Online Dictionnaire“ (LOD), e sëllegen dovu sinn ëmgangssproochlech. (99 aner flott Spréch fannt Dir am Band 2 vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ mam Titel „DʼPan klaken + dʼSchong voller Féiss“. Kuckt ganz ënnen op dëser Säit.)
Noliesen

Virwuert
Riedensaarten a Riedewendungen

D’Lëtzebuerger Sprooch huet munch Iwwerraschung parat, wann een e bësse sicht. E sëllege Wierder, Spréch a Riedensaarte si mat der Zäit a Vergiessenheet geroden, mat Ärer Hëllef gräift dëse Site se nees op. Mam Lëtzebuerger Wuertschatz wëlle mer de Räichtum vun der Sprooch weisen an op eng flott a faarweg Aart a Weis presentéieren.

D’Lëtzebuergescht huet eng Hellewull vun eenzegaartegen an originelle Kreatiounen, op dëser Säit kréie se eng modern Vitrinn: D’Sprooch lieft!

Dofir gëtt och Äre sproochleche Schatz gebraucht: Schéckt eis Wierder a Spréch, déi Der selwer gebraucht, déi Der vu fréier kennt oder déi Är Elteren a Grousselteren nach gesot hunn, an hëlleft eis, d’Sprooch vu fréier a vun haut ze dokumentéieren an ze erhalen.

Mat beschte Gréiss

Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Pousteren
Buchserie
Spréch fir nozeliesen

DʼSerie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ gouf 2020 gestart an dokumentéiert de Räichtum vun der Lëtzebuerger Sprooch. Am éischte Band gi Wierder virgestallt, am zweete Band Riedensaarten an deen drëtte geet op Uebst a Geméis, op Kraider, Gewierzer an Nëss an. Am Ganze sinn zwielef Bicher virgesinn, déi no an no vum ZLS zesumme mam SCRIPT publizéiert ginn. Et gëtt se an de Librairien an et fënnt ee se och op letzshop.lu.