Den Owend gi mir eis mol een Décken an d'Sakristei uergelen.
[Den Owend gi mir eis mol gutt besaufen.]

Hien héiert d'Fléi néitsen.

Du bass net déi hellste Käerz um Kuch.

Rapp dech um Giddong!
Dat dauert vun 12 Auer bis Mëtteg.
En ass an d'Kréibänk geschloen.
Lee nach e Stéck Holz an d'Schminni.
Du Feierstëppeler!
Si sinn um Bauen, d'Speisbitt ass an Aktioun.
Wat mécht deen op senger Arbecht? - e schéint Gesiicht an eng gutt Impressioun.

___

"Gutt, dass Dir Iech um Glawe festgehalen hutt", sot de Paschtouer zum Mann, deen en Accident um Daach hat.
"Nee, Här Paschtouer, et war de Kullang!"

d'Päerd vun hannen opgezeimt

Et ass a graffe Buschstaf
(fir Leit, awer och Objeten)

Rutsch mer de Bockel erof!

Theema duzen: En "Du" dacht nëmmen eppes, wann en aus dem "Dir" kënnt.

Hätten an Haten waren zwee aarmer Staaten.

En huet haut seng Bockemaul un.

Den Härgott verzeit, Internet ni.

Theema: eng gutt partie machen:
En ass abestuet a koum gutt sëtzen, et ass e Geprafften.

E schwätzt ze vill, et ass e Sabbler.

Ass dat deng Moss? Jo, ech sinn hire Knëff.

„D‘Geess hätt och léiwer e laange Schwanz kritt!“

Gehei d‘Bengele mol net bei d‘Tromm!

Do bléist de awer och nach keng Plomm an d'Luucht

Deen do huet net vill hannert der Stier.

Maach elo keng Konschten!

Aus aner Leits Lieder ass gutt Rimmer schneiden.

Ech si gespaant wéi an ale Prabbeli.

En huet d'Blat misse botzen.

Fänk der eng Streck un.

En huet de Bloen Houscht (= Coqueluche).

Seng Sue ginn d'Strass erof.

Engem de Punkt op den i setzen

Gëff mer e Megot, wou ass de Cendrier?
Mäin häerzgeblummelte Bratzelstack
Gëschter ass et spéit ginn, dee läit nach an der Mautsch.
D’Rent ass komm, ech hunn erëm Penunzen (Lat.: Pecunia).
Mäi Pätter huet an d’Täsch gegraff, et gouf en décke Billjee / Schäin.
Deen ass ëmmer kuerz ugebonnen (= schwätzt net gär).
Dee läit scho laang um Kierfecht.
En huet seng Stellage opgeraumt a fiert elo op den Tipp.
Meng Groussmamm huet Gromperen och Patatte genannt
En huet Hämmelsbichelcher (kräfteg Hänn an Äerm).
En huet keen Iwwerleeës (denkt net no).
Et ass an Ierbessenzielert.

Et bestit een sech net mat enger ofgeleckter Botterschmier.

Du bass domm wéi 7 Schapppe Schäissdreck.

Du kucks dran, wéi wann d'Hénger der d'Brout gestuel hätten.

Ech schweessen ewéi eng Sängerin.

Et ass Zäit fir eng Kippchen!

eppes an Ongedanke maachen

hatt kritt deen an d'Box gefiddert (wann een net vun engem ka loossen)

Niklosdag gouf et e Boxemännchen

E sëtzt um Suedel wéi eng Wäschklam op der Léngt.

Et geet op de Bulli lass.
(vu Bouilli fir Zopp wéi Ierbessebulli)

Eng Gromper gëtt no där anerer giess.

Ech sinn ze aarm fir bëlleg anzekafen.

D'Rechnung ass mat der Forschett geschriwwen.

Ech stieche mir dach keng Dynamitstang an d'Täsch.

Bal ass keng Maus gefaang.

De Kuch kënnt op d'Hiertche fir auszekillen.

Hal bäi Mules:
Streng dech un (bezunn op eng kierperlech Aarbecht/Aufgab), gëff net op

Bréng mol eng gliese Schmier:
Bréng eng Béier

Gëff der Geess Fouder
Fir: Gëff Gas, maach virun, dréck op d'Gaspedall
(meeschtens op d'Bedéngung vun enger Maschinn bezunn)

sech erausfizen

eppes ass eng Rent
(et geet op de Portmonni)

Kufft d‘Schmull an dibber nobes, d‘Zankerte kommen.
Aus dem Jéineschen: Mond halen, sech ewech maachen, d‘Police kënnt.

Dirängel mech net!
(vun drängeln oder déranger?)

Hie läit kromm an de Kéieren.
(seng Tallonge si schif ofgelaf)

Et kann een iwwer alles laachen,
awer nach laang net mat egal wiem.
"Mat där laachen ech net."

En huet d'Ham bis Kiermesméindeg geléint.

Hien oder hatt huet Héngerbeen.

Al ginn, ass näischt fir Feiglinger.

Pak schléit sech,
Pak verdréit sech.

Fir Ouschtere gratuléieren ech em fir Pakendag.

E gutt Päerd spréngt net méi héich wéi et muss.

Ech drécken op de Knäppchen.

Wann den Dreck Mëscht gëtt, da gëtt e gär gefouert!
Dee schreift seng Rechnunge mam Mëschtgreef.
Egal ass: an déi eng Hand geschass, an déi aner geschmass, dann ass et egal, wat fir eng dass de oflecks!
Deen do späizt sech selwer op de Kënn.
Deem do kaalwen d’Ochsen um Späicher.
Wann s de d’Suen an de Kullang gehäit häss, dann hätt een se wéinstens gehéiert rabbelen.
Wat schwätz du e Blech!
Sech gréng a giel iergeren.
Vun Angscht an d’Box maachen.
Rapp dech um Rimm!
E kräischt wéi eng Muedeléinchen.
Ech hunn d’Leeëndecker um Kapp!
Hien huet net vill Liicht vu Gott!
Hien huet en Aasch wéi e Kasärestack (wéi e Brauereispäerd)!
Bass de hongereg? Iess Salz, da gëss de duschtereg!

An der Nout frësst der Däiwel Mécken

Domm ewéi siwe Schëppe Schäiss

Engem d'Zong laang maachen

et ass eng Gerot

et ass, fir d'Midderchen ze kréien

dat gëtt dem Fuerz de Klang

Deen Alen ass e Lidderhanes, e schafft näischt. D‘ganz Famill läit um Aarmebüro.

Hien huet ëmmer säi Speckdeckel um Kapp, si hiert Schiethaischen.

En huet eng dréche Liewer genee wéi säi Papp.
(Si saufen allen zwee.)

e Paillass
(eng Popp mat Stréi ausgestoppt, de Kapp an d‘Broscht waren aus Kartong)

hir goungen d‘Dronkenellen aus a si ass an d‘Schwächt gefall

A goueregt Meedchen, hanne wéi en Dill a vir wéi e Briet. Keng Ham a keng Mam. Et krut ni eng waarm Zopp.
(ganz negativ fir d‘Fraen, sorry, et war awer d‘Realitéit)

En huet seng Fra erëm hannert d‘Kachmaschinn bruecht.
(si duerf net méi schaffe goen)

Gotteszéif (Wäin, deen een net kann drénken)

Aus de Schippelcher sinn Hinkelcher an da Pëllen ginn.
Se leeë scho Pëlleneeër. (déi ware méi kleng)


Beruffer:

E Luerenzweiler Klautjen (vu cloutier). Si hunn Neel gemaacht, mat deenen
Entréesdiere verstäerkt an dekoréiert goufen.

E Moustrëppler a Kabestrëppler (Millebaacher Gemeisgäertner)

Leemknätzler (Boch, Familljen aus dem Rollengergronn)

Lompekréimer aus Weimerskirch = pejorativ; selwer hu si sech et Lakerte genannt.

Aarm ass net deen, dee wéineg huet,
sonder deen, de gär méi hätt.

An Hechtchen aus der Stad;
wéineg am Portmonni, awer hänkt den decke Bretz eraus.

An hätt den Tram a Rack un, géing an deem och nach nolafen.
En ass fraleitsgeckeg. (Mannsgeckeg gëtt et och.)

En huet säi beschte Fuedem un, et ass net nëmmen de Beschten, sonder och den eenzegen.
Et ass säi Sonndesgezei.

Theema shoppen, akafen:
Fänke mer op der Gar un oder an der Groussgaass?

Meng Groussmamm huet den Teppech geluxt.
(Op deem éischte Stëbssuckler/Staubsauger war dat Wuert Lux, also gouf den Teppech geluxt.)

Si hu Foussball gespillt, et gouf Schinnegebeess.

Kann e Lëtzebuerger sech selwer ëmbréngen?
Well dann hëlt en sech dach d‘Liewen?

Fir d'Elteren ass et Pubertéit vun hire Kanner nëmmen e Prelavage.
Et kënnt nach knuppendéck.

Dee lieft dem Honn hannen, do ass d‘Welt mat Brieder zougeneelt.

E geet um Bengel (Gehstock).

et ass mär net "hanne wéi vir"

Zu Covid:

e Schnësssäckchen
e Kussecapot
en Ieleboubonjour
eng Schnësstut

---

den Deckel kënnt op de Pëtz, wann d'Kand am Pëtz läit

am Pëtz souz de Kropemann

mäi Mann steet ëmmer am Mëttelpunkt (am Zentrum), dowéinst ass en ëmmer an de Féiss.

Wie schléift, begeet keng Sënn, wie virdru sënnegt, schléift besser.

zu Foussball:
fir d'éischt hate mir kee Gléck an du koum och nach Pech dobäi

déi lafen elo schonns op de Felgen

schnell wéi e Wisel

e spitzige Kärel

e richtige Méckentarzan

loosse mer de Kapp net hänken

ze spéit kënnt méi schnell wéi s de denks

---

wann e Produit näischt kascht, da bass du de Produit

haut de Muergen hunn ech d'Daachdecker = Kappwéi

Um Bau:
d'Mauere si beworf a muer kommen d'Plättercher
= die Wände sind verputzt und morgen kommen die Fliesen

hie schafft esou, dass him d'Kapphaut bascht [gëtt ironesch gebraucht fir Leit, déi wëssen, wat Aarbecht ass an dofir e grousse Bou ëm d'Aarbecht maachen]

Angscht a Suen ni gehat

mir waren op d'Schueberfouer et gouf een Eisekuch (Waffel )

e Batz = en Apelbatz, awer och e Rescht
(him blouf nëmmen de Batz)
e Butz = dat klengt Kand

huelen:
- mir huelen de Bus
- mir huelen d'Kand mat
- mir huelen eng Tablett/Pëll
- mir ginn een huelen

Beschass ewéi en Héngerjuck

Wann al Scheiere brennen, ass kee Läsches méi

Alles am grénge Beräich

Vill Gléck am neie Jor an eng Paréck mat Geessenhor

Geet et oder soll ech mam Torschong kommen?
(Wann een esou Paltong zitt, datt ee fäerte muss, op senger Schläimspuer auszerutschen)

Nickes, dat geet an de Kickes (= Looss dat sinn, dat geet schif)

Mat de Sandalen de Mount Everest erop (= déi Aufgab ass fierchterlech schwéier)

Dir zwee sidd Feegfeier, dir selwer zesumme sidd den tasmaneschen Däiwel

Nëmmen ze mengen, datt s de bei him eng Chance hues, ass dat selwecht wéi ze mengen, et kéint ee bei engem Ferrari de Motor mat der Neelfeil wiesselen.

Hie wiesselt d’Frëndin wéi aner Leit d’Ennerwäsch.

Sou ass dat, an der Stad.

Hien ass nick déi hellste Käerz um Kuch.

Schéi elo d’Päerd net op

Verkaf de Pelz net, ier de Bier geschoss ass

Et gëtt méi Ketten ewéi rosen Honn

Dat kanns de zéien ewéi e Lastik

Stell dech net de Batti

Geet et mam Geliits?

Eng déck Schnëss an näischt dohannert

Dat geet an de Beidel

Et ass fir ze vrecken

Deen ass ze domm, fir säin Numm an de Schnéi ze pissen

Deen ass emol näischt fir an eng Mausfal

Du mengs, du misst Kuebe katzen

Géi, fänk der eng Mouk
fir: Looss mech mat Rou!

Bekëmmer dech ëm näischt, da kënns de an näischt

Dat ass d'Kou vun hannen opgesuedelt

Heen ass erausgefiizt wéi e Pouhunn.

D’Fraleit si wéi d’Fräschen: Se hunn ëmmer kal Féiss, se hunn ëmmer de Mond op a se hunn Angscht virum Storch.
["Misogyn" huet d'Persoun, déi dee Sproch erageschéckt huet, als 'Remark' derbäigeschriwwen.]

Rutsch mär de Bockel erof

Dat ass geheelt, ier s de bestuet bass.

Këss d'Kaz

E kritt Mëscht geliwwert

Wat s de kräischs, brauchs de net ze pissen.

et geet d'Schäissergaass aus

Et ass keen Dëppen esou raschteg, et fënnt säin Deckel
(et gëtt ëmmer 1 Persoun, déi zou engem passt)

Wann … wann den Hond net geschass hätt, hätt en den Hues erëmkritt.

Ech hu mech un der geckeger Knippche gestouss (Ielebou).
E sëtzt an Néckels (Prisong).
E studéiert Gitterkunde (Heimatkunde wor e Fach an der Primärschoul, hei eng Variatioun)
Uebst ass zeideg, iwwerzeideg oder matsch (gëtt och z. B. bei Persoune gebraucht, déi keng Decisioun huelen)
Si halen eng Kosettchen.
Et ass e spëtzege Kärel, esou e richtege Méckentarzan.
Ech hunn op der Eemaischen e Péckvillche kritt.
Déi riets Hand weess net, wat déi lénks mécht.
Hien ass e Pafefrësser (e primär antiklerikalen).
D’Klack laut of (et ass fäerdeg, et geet zum Schluss).


Wantergréng = Eefeu

schneit mer en Dill erof
(eng déck Tranche Brout)

e war krank an huet sech gutt gerëselt
e war no beim Patron

(Onse Bouf geet am Hierscht an de Kolléisch,) elo ass säi Brout gebak.

Esou schnell schéissen d’Preisen och net

D'Boulette war en Internat an der Stad

e geet an de Quatsch
(dat war d’Museksschoul um Hellege Geescht an der Stad)

hien ass e Pafefrësser

et ass e Knéchler, en tässelt, en zierkelt an en diedegt
e gëtt bei alles säi Pefferkär

et ass e krommen Hond, e Rabbelkapp, e Schnëssert an en ass, wie wonnert sech, de Stoussnéckel

en huet Bonjour gesot, dee war haut gespréicheg

Si huet Onrou an hirer Figur, si ass verbaut / d’Gerüst ass gutt, awer d’Fassad ass et net

Ech brauch eng nei Coiffure, ech gi bei de Straubejitzer (aus dem Jéineschen).

Et laacht ewéi eng Rësel, déi d’Trap eroftrëllt.

E gudde Fotograf? Jo, en ass Meeschter vum Photoshop.

d’Klack laut of

An der Pandemie: "Hues de deng Schnësstut un"?

Mir ware pilgeren, den Hotel huet no verstëbster Hellegkeet gericht.

Et kritt alles vun him, en huet awer näischt. (Theema: ierwen)

En ass matsch wéi eng Bier (an d'Bier ass vu bannen no bausse gefault, se gesäit nach ëmmer intakt aus).

Nimm, déi et haut net méi gëtt:
Streckmisch
Kiischtejeanne
Duderbatt
Fouermannsjemp

Bonifatius, Pankratius, Servatius an dat kaalt Sophie, dat sinn dei Äishelleg.
(Mir hunn och d'Hären, déi sech ëm d'Heizung gekëmmert hunn, ons Äishelleg genannt [→ Gebaier a Verwaltungen].)
De Mann, deen d’Kuelen an d’Heizung gemaach huet, wor och en Äishellegen.

E Schloff ass e klengen Espace.
E Schloff zwëschent 2 Haiser ass e klengen Espace.
Tëschent ärem Haus an onsem ass e Schloff.

D’Réimer si mat Latäin gestuerwen, ech stierwen duerch Latäin.
(Schüler vun der Boulette, kathoulescht Internat an der Stad)

Zwou Madammen, hir Männer schaffen op der Bunn:
„Wa mäi Mann päift, muss däi fueren.“
„Wa mäi Mann schäisst, muss däi waarden.“

De Code, fir eng Capote beim Apdikter oder Coiffer ze kréien: e Schaffskostüm wgl.

E Frënd ass een, dee laanschtkënnt, wann hie Problemer huet.

Zum Adel: den Här von und zu; habe nichts und brauche viel

Huele mer d’Liewen, wéi et kënnt, et gëtt keen anert.

Wat fir eng Schong kann een net undoen? Kornischong(en)

Een Af mécht der honnert.

Deem geet de Mond op wéi der Int den Hënner.

"Ze vill" an "net genuch" si keng Moossen.

Maach dir e Knuet an d'Nues.

Dat wor e Metzleschgang.

Deen do huet eng Aemooss wéi eng hëlze Kou.

Engem Plakege geet alles an engem Hongerege schmaacht alles.

Et gi méi Kette wi rosen Honn.

Et ass fir an eng Tas ze klammen an zur Hing (Henkel) erauszekucken.

An der Nout frësst der Däiwel Mécken.

Si sinn e Kapp an en Aasch.
Huet een un dengem Regal gewackelt / un dengem Bam gerëselt?

Deen huet d’Rechnung ouni de Wiert gemaach.

Ee wéi hirer zwee

En huet kee Geschéck, e brécht sech de Fanger an der Nues.
En Apel fir den Duuscht a fir den Honger eng Kuuscht.

En Apel fält net wäit vum Bam, ausser e steet op engem Hiwwel.
Dat ass net mäin Af an och net mäin Zirkus.
Déi gefléckte Karen halen am längsten.
Suen an Angscht, ni gehat.
Wat huet dat kascht? Dräi Minutten Doudangscht.
Deen huet säi Polver scho laang verschoss.
De Mann vum Sprëtzenhaus = Pompjee
D’Schéinheet vergeet, de Rescht bleift.
Dat Bësschen, wat deen ësst, kann en och drénken.
Hien ass ewéi e Stull, e gëtt mat all Aasch eens.
Ech war seegelen op de Séi, de ganze Gratin aus der Stad war do.
Besser schlecht gefuer wéi gutt ze Fouss gaangen.
Si hu Kommioun; et gëtt gekacht a gebracht.
Hire Mann ass e Kichekueder, e sëtzt niewent der Kachmaschinn a kuckt wéi de Schuedi an de Schäffche kënnt.
Dat kanns du an d’Haascht schreiwen, muer steet et net méi do. (Den Damp huet erëm alles geschwäerzt.)
Mat de Frënn ass et wéi mat de Schong ‒ mat der Zäit mierks de, déi al sinn déi bescht.
De Fouss beim Mo halen
Deem hänke jo d’Eeërschuelen nach un den Oueren.

Ech si mam Latäin um Enn.

Mir hu Fechtbréiwer geschriwwen. (= Mir sichen nach Sponsoren.)

Bass de ruinéiert, lieft et sech ganz ongenéiert.

En huet de Sak kritt.

En ass Direkter vun der Doudangscht.

Et gouf nëmmen e blot A, ech si gutt ewechkomm.

En huett seng Schnësstut un (Covid-Mask).

Hie koum op de Paangech (an der Stad; Lantergässelchen).
→ En hat gesoff a war streidereg.

Esou ass dat an der Stad.

Ech schaffen, fir gutt ze liewen.
Ech liewen net, fir ze schaffen.

Kaum sëtzt en an der Schoulbänk, huet en Ieselsgedanken.
(E geet net gär dran.)

All Vull baut säin Nascht, nëmmen de Faulenzer léisst sech säint bauen.

Et ass en Téitscheemer (= Teenager).

En ass matsch wéi eng Bier.

Et gouf Knuppefreed.

Ech hunn näischt, dann ass däint onst.

Am Fréijoer spillen d'Kanner mat de Wäck oder Aga(r)en.
(→ et gëtt eng Kailchen/Kaul gemaacht a se ginn dra gedikst.)

Ech hunn de Kéis.

Wou et dämpt, ass Feier.
An dunn huet e sech d'Hänn am Kouflapp gewiermt. (Aus der "gudder aler Zäit" vum Kéihiert am Hierscht)

Dat geet net mat Polish eraus.
(Meeschtens bei Autostéitschen, awer och fir aner Accidenter am Liewe gebraucht.)

Klo net iwwer däi Mann, du hues dir däi Pelz selwer gesicht.

Du muss deem weisen, wou de Bock d'Lach huet

beim Foussball: "du muss d'Féiss zentréiert kréien"

et war eng schéi Läich,
also a schéint Begriefnis

en huet eng mat der Broutschéiss kritt

bis da leeft nach vill Waasser d'Musel erof

e Greechen ( = en Elbling )

am LOD: https://lod.lu/?GREECHEN1

wann d'Sonn déif steet
werfen esouguer Zwergen e laange Schiet

et Iesse war gliddeg,
ech hu mer et Fudderduch verbrannt

e féiert sech op wéi e Späizmännchen

Fënnef-Frangstourist
(esou goufe mer genannt, wa mer als Guiden/Skauten ënnerwee waren, obwuel eng Limonad schonn 10 Francs kascht huet)

haut de Mëtteg gëtt et Buschtawenzopp.
(Si staucht mech zesummen.)

wien huet de Käfeg rëm opgelooss?
(wann en Trapp Toperten engem entgéintkënnt oder ze vill vun enger Zort)

gutt geduecht ass nach laang net gutt gemaach

mat Pinsche setzt si sech duerch

en ass ausgerutscht, en huet en Tour du Grand-Duc gemaach
(= en huet de ganzen Dag gefeiert)

et ass ee wéi de Blëtz,
just net esou zackeg

wien no ass bei der Krëpp, dee seent sech

e schléit dra wéi et Sau an de Weessebräi
(en huet keng Mooss)

kal beim Schaffe ginn
a waarm beim Iesse ginn
dat huet de Patron net gär

en Etoile-Bleues-Hengscht
(Etoile Bleue war e Miwwelgeschäft an der Stat, dat de Privatbeamtem an de Staatsbeamte Kredit ginn huet. Bei der Schlusspressessioun hunn déi ëmmer besonnesch haart gebiet vrum Geschäft: und vergib uns unsere Schuld ...)

en huet vun der Pastéit an de Gronn gekuckt
hien huet d'Arche Noah gesinn

(en huet vun de Bastiounen op d'Arche Noah gekuckt = en Haus ganz no um Rand vun der Rumm)

meng Katz ass a Spéngelsfässchen

si huet Mountsbauchwéi

dat ass dach keng Staatsaffär

d'Gras wiisst net méi schnell, och wann s du drun zitts
alles brauch seng Zäit

en ass mat Waasser aus der Péitruss gedeeft
en ass Stater

Et gëtt een esou al wéi eng Kou an et léiert een nach ëmmer derzou!

D'Gecken an d'Kanner soen d'Wourecht.

Kannermond:
Kneppjuter = Computer
Poufwaasser = Rousperter

Si hunn eng Kuelebootsch Kanner
(eng Kuelebootsch = e ganze Koup)

schneit mer a klengt Stéck Taart erof.
Awer nëmmen e Riemchen

e verhéngert beim Broutruecht
(deen ass ze domm, sech eppes fir ze iessen ze maachen)

hien huet de Courez-vite. Dat gëtt eng grouss Kommissioun!!!!!

Boma: Wéi ass däi klenge Bridderchen?
Keng Hoer, keng Zänn. Boma, ech mengen, mir un en ale kritt.

wat fëmmt dee fir e Kraut / Kraitchen / Däiwelskraut?

et Meedche kann e Bockel hunn
Haaptsaach hir Stécker (Felder) si riicht

en huet et Schlappe verluer
et ass him e Strapp ze schnell gaang

et ass kee Mann / Maanskärel hir gutt genuch.
si kritt een zu Nouspelt gebak

si ass eng Quisel (=leeft ëmmer mam Rousekranz duerch et Géigend an ëmmer an der Mass )

si kruten et Panz geschwenkt ( et gouf gratis ze saufen )

wéi schreift Dir Iech ( wéi ass Ären Numm )

en huet säi Gebuertsschäi verluer
(e weess net méi, wou en hierkënnt, an ass agebilt)

de bierelt, et geet engem duerch Muerch a Schank

lee emol en Zant zou (= d'Dëppen um Hiel méi no bei et Feier hänken, da geet et méi schnell)

an ass en ale Rummepätter (um Plateau du Rham war en Altersheem)

hien ass eng Krunneméck (=drénkt ze vill)

et gouf Kaffi, Quetsch an Zigar(en)

wann s du näischt drastéchs, kënnt och näischt eraus

dot mech net léien ...
Esou gouf eng Fro beäntwert

si hunn hie gepleimt (= si hunn e bestuel)

et ass eng krank Dauf
ëmmer huet et eppes, wat net geet (Gesondheet)

dee kritt de Poppes gefrueden.
= (dee kritt Streech)

e gesäit eraus wéi dem Doud säi Reesender

dee bleift net un engem Bonjour hänken

en einfache Bürohengst, e Schrëftgeléierten

hie wëll eng Freiesch,
en ass bestuederesch

Zweemol geplënnert an eng Kéier verbrannt, da bass de e gemaachte Mann

dee mam Gipskolli = (ass de Pastouer)

et kann een en Dag un engen Ee schielen

mir Lëtzebuerger sinn Idealisten,
ausser et bréngt näischt

entweeder du gees schaffen oder du gees op d'Bunn

dee bestuet sech ni, dat ass e waarme Brudder

wien näischt mécht,
deen näischt brécht

Vum Lämmes gebass

Gecke sinn och Leit, awer keng wéi di aner

Zwee haarder Steng muele seele reng.

et gëtt net mat Glacéshändchen ugepaackt, et ass net mat Zoossissen ugestréckt a hiren Ale sëtzt um Portmonni

Hie gëtt u wéi eng Tut plakeg Mécken

deem säi Rack war esou kuerz, et huet ee Metz a Paräis gesinn

dat kanns de an d'Haascht schreiwen, dat ass muer giess

dee kënnt laanscht, wann e Problemer huet

Roserei afriessen

deem kanns de net mat enger geseentener Käerz hëllefen

eng Gebeesseschmier

en huet a Panzschlag gemaach

dee kanns de am Botter broden, deen ännert sech ni
(e bleift, wéi en ass)

Een, ee méi, an d'ganz Bagage
(zielen op Lëtzebuergesch: 1, 2 an de Rescht)

e promenéiert seng Schwenkbietchen

elo ass d'Brout vergarelt
(schif ofgeschnidden)

garel mir e Rondel Zoossiss erof
garel mir eng Tranche Ham erof
(garelen = schneiden)
[D'Luxemburger Wörterbuch kennt garrelen am Sënn vun "mit Mühe abschneiden")

de Pompier am volle Wichs a mat der Kasserollskap

wann et déck reent, kréien déi kleng Fësch och Waasser

d'Schlappe verléieren

besser vreckt gelaacht wéi doutgeiergert

däin Noper trëppelt dir e Piedchen an d'Haus
(däin Noper ass ëmmer bei dir)

dee geet mir op d'Schlappen

hie gouf drop gestouss, gedréckt a gehuewen

et ass onsen Topert, mir musse maachen, dass en eng gutt Plaz kritt

säi Grousspapp war a Gielemännchen

si hunn sech an d'Schnëss geschloen, et gouf Schnëssstécker

si huet hiert Schiethaischen un (grousse Sonnenhutt)

Eisebunnesch-Zoossiss (= Liewerwurscht)

eng Gendarme-Klatz (= ass e Bol Jelli) kafen

dee kritt esou eng hannert d'Läffelen, da mengt en, de Palais wier eng Frittebud

en huet eng Datz kritt

si huet sech en Hut verdéngt, et gouf eng Hellecht
(sie hat sich einen Hut verdient, es war die Gegenleistung bei einer vermittelten Hochzeit)

et Hochzäitsgeschier

en huet sech an de Broschtkär geworf

a kënnt ech sprooche wéi de Metz vun Eech ...

Hien ass keen Af!
(Hien ass e schéine Mann)

Hien ass kee Schéinen, mä e gudden Dommen

D'Geess hätt och gär a Schwanz gehat, si leeft awer ëmmer nach mam Deckel erëm

hien huet eng Aachtche gemaach
[méindes net schaffen, an huet di al Woch méi laang gemaach]

eng Sau bleift eng Sau, och wann se mam Zylinder am Bett läit

geplot gelieft ass och gelieft

léier en alen Af keng Grimasse schneiden

... gleefs et net? Dann erzielen ech dir eng aner (Geschicht)

de Pafesak gëtt ni voll

aarm wéi eng Kierchemaus

e war net an d'Mass, hie stoung am versoffene Rousekranz

hire Puppelche gesäit clever aus. Kee Wonner, e souz jo bal 2 Semester am Cours (universitaire)
[die Studentin hat ein kluges Kind geboren, es saß schon fast 2 Semester im Cours universitaire]

ech weess, wéi et geet, kënnt ech kachen

hie war am belgesch Kongo, wat huet hien do gemaach? Den Afe Kniet an d'Schwänz

Wat méchs du haut? Näischt. A Muer? Dat selwecht, ech sinn dann och nach net fäerdeg

Wa Fäsche keen Holz ass, dann ass Zoossiss kee Fleesch.

Et si kal Sue ginn.

Kaffi war net gutt, et gouf nëmme Schikrie ( Chicarie )

et gouf geknéckt, et gouf nëmmen eng plackeg Taass Kaffi

wann den Dreck Mëscht gëtt, da léisst en sech féieren.

aus krommem Holz gëtt et näischt Riichtes

si mussen sech mam Schnellzuch bestueden. Firwat dat dann? Si hunn e Brout am Uewen.

Éisleker Féiss a Paräisser Schong, dat geet net.

Wëlls du gelueft ginn, da musst du stierwen.
Wëlls du beschass ginn, bestuet dech.

de Kleesche geet an d'Éislek op eng Kopp an huerteg an den Himmel erop.

en huet de Portmonni gezoppt

e leeft do wéi en Hond, deen op d'Kiermes geet, op d'Schuebermëss geet.

en huet sech bal et Auerkette gebrach

gepotert ass besser wi et Leit beschass

dem Schoulmeeschter seng Kanner an dem Paschtouer säi Véi gi selten eppes oder och ni.

en huet de Schockelasfrang kritt
oder en huet a Gielche vom Heng kritt

Et ass nëmme fir der Bretz

en ass net vun der Dommeniksmillen.

engem Zocker an den Aasch blosen

et vir an hannen eragestach kréien

Et ass ee wéi eiser Giedel hire Misch

Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz

Hatt huet ausgesi wéi d'Gréidel am Hierscht

Wien et laang huet, dee léisst et laang hänken

Agemeete Kellertrape mat Spannebeen

Wann den Hond net geschass hätt ... hätt hien den Hues kritt

Iwwerlooss d'Denken de Päerd, déi hu méi en décke Kapp

D'Geess hätt och gären ee laange Schwanz kritt

Leck Salz, da gëss de duuschtereg

Waasserzopp

Agemeete Spannebeen a Kellertrapen

Du muss mat deene Meedercher danzen, déi do sinn

Dat gëtt e puer waarmer Oueren.

Et ass, fir Schlappen ze katzen

Du hues vun Tuten a Blose keng Anung.

E Mann wéi eng Maus packt eng Fra wéi en Haus

Eng Néngtchen halen
[9 Deeg am Soff an net heemkomm!]

Bei deem bëtschelen d’Geessen op der Gänn

lo geet et d’Späicherliicht Trap aus

Non di Flätsch am Schaf!

Jidderengem säint, da kritt der Däiwel näischt

Dat ass kee Muckefuck!
[Fir: Dat ass kee Ramsch, keng schlecht Qualitéit.]

wat méi al, wat méi domm

Dat ass sou al wéi Matusalem

Ech si rose wéi eng Spann

Hatt ass geklufft wéi d’Gréidel am Hierscht

Wann s du gees, geet e mat.

schéi kromm war nach ni ellen

Dat pisst den Hond der an den Schnéi

Dat geet sou séier, wéi d'Hënn sech zerbäissen

Dat léiert se, an d‘Kierch fuerze goen, ouni de Koschter ze froen

Et hëlt zou mam Ofhuelen.

Du muss méi Zilwaasser drénken.

"Zwee haarder Steng muele seele reng"

[Mäi Grousspapp huet mär erzielt, dass säi Papp de Sproch ëmmer gesot huet, wann der zwee net matenee konnten.]

E Wanterfierkel kann och e schéint Schwäi ginn

Dat war e Schoss an de Piano

D‘Box huet Sträit mat de Schong

Hues du de Blech vreckt?

Do kanns de waarde bis Mokuchsdag, wann d'Schleeke bëselen.

[De Sproch fonktionéiert besser als Äntwert oder Kommentar zu eppes, wat eng aner Persoun gesot huet, ouni den "Do kanns de waarde bis" virdrun. Mee ech hunn en awer och schonn esou benotzt an als alengstoende Sproch liest et sech sou besser. :)

Räute wénken

Vun der Long op d‘Zong

Bal ass na keen Haas geschoss!

Et gëtt een esou al wéi eng Kou, et léiert een ëmmer zou!

Deen huet sengen Hänn éiweg Rou versprach

Ech fille mech ewéi e Physik / Fisik.

[Ech weess net genau, wat dëse Sproch bedeit, mengen allerdengs, datt et heesche soll, datt ee sech gut fillt.]

-> Mir sinn dankbar fir all Tipp! E-Mail: lod@lod.lu. Ären ZLS

Déi Wëll, déi lafen am Bësch.
[Krute mir als Kanner gesot, wa mir soten: Ech wëll awer ...]

Klamm net méi héich wéi deng Fra déck ass

Déi Wëll lafen am Bësch!

Du bass engem Fransous duerch d'Kiche gelaf.

Dee richt wéi an der Zëttär gewäsch an an der Haascht gedréchent.

Du hues jo wuel eng mat der Ratsch!

Et gëtt een al wéi eng Kou an et léiert een ëmmer derzou.

Da ginn him d'Aen op wéi Ginzescheeken.

Hie klëmmt op alles, wat bei dräi net um Bam ass.

Dat ass esou sécher wéi den Amen an der Kierch

Sief elo net méi kathoulesch wéi de Poopst

Engem en Ouer vum Kapp schwätzen

Iesse wéi e gepanntent Päerd

Du bass een ewéi der Giedel hire Misch!

Et gëtt een al wéi eng Kou an et léiert een ëmmer nach derzou.

Hie kuckt d’Porrette gläich vun ënnen.

Léier en alen Af net danzen!

Hien héiert d’Gras wuessen.

Hien ass esou domm wéi d'hënnescht Véierel vun engem Iesel.

De Wollef verléiert d'Har, mee d'Naupen net.

De ganzen Dag schéi Keele gespillt, an owes kee Stong an der Täsch.

Do engem Tram e Kalzong/Schiertech un, dann ass hatt/hien hannendrun.

Dee leschte Kostüm huet keng Täsch.

Wéi ech dem Iesel d'Freessen ofgewinnt hat, ass e futti gaang.

Wien de Spillmann dankt, dee seet, wat e spillt.

Häss de mech gëscht gedankt, da wär ech haut deng Mod.

Et soll jiddereen op seng Aart a Weis séileg ginn.
Wann ee bis den Numm huet, dass ee fréi opsteet, da kann een all Dag bis 11 am Bett bleiwen.
Déi stiechen ënner enger Decken.
Dee schwëmmt wéi eng bläien Int.
Du schwätz Franséisch wéi eng Kou Spuenesch.

Elo kriss de gläich eng, dass d’Zänn am Aasch Piano spillen.

Léiwer a Gesellschaft gefuerzt wéi aleng de Bauch wéi.

Hien huet et fauschtdéck hannert den Oueren.

Et kann ee kengem Plakegen an d'Täsch gräifen.
De Gudde gëtt esou laang no bis en den Dommen ass.

Hie fiert ewéi eng Masett.
En huet Schong an Huese verluer.

Den Nee merci ass erhéngert an erdiischtert.

Ee Moment nach, d'Giedel pisst nach an de Waassersteen.

Du schneits eng Schëpp, et kéint een en Zweepënner dropleeën.

Et ass däischter a si hu keng Lanter.

Lee mol d'Ouer op di waarm Kachplack, da kanns de richen, wéi domm s de bass

Wat wëlls de hunn, soen d'Leit, an da ginn se der näischt.

elo ass d'Bëtschel awer fett
ech hale wuel jo
mir fuere mat der Heibleifskärchen
do ginn engem d'Dronkenellen aus

Mat enger Kanoun op Spatze schéissen

Alles hëlleft, sot den Zonkebutz, dunn huet en dem Mëller an den Däich gepisst.

Dat spillt keng Roll, sot de Bauer, dunn ass d'Éig iwwert e gefuer.

Kéins du nit haut, da kéins de mar ...

Hie war op, iert der Däiwel Schong an Huesen unhat.

Dat mécht der Kaz kee Bockel.
Ziel eis keng vun der rosaer Geess.

Et gi méi Kette wéi rosen Honn.

Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall.

Et géif ee mengen, deen hätt Schëffer um Rhäin fueren.

Hie mengt, en hätt den Herrgott mat der décker Zéif.
Hei lieft ee wéi Gott am Frankräich.
Hatt steet do wéi den Iesel beim Bur (oder: beim Pëtz).
Do louch d'Kand schonn am Pëtz.

Déi gutt Rotschléi an déi schlamm Geesse kommen ëmmer ze spéit!

Do ass een net mat Zoossissen ugestréckt

Krenonzéng am Schaf an zwanzeg op der Kréibänk

Wat Saachen a kee Schaf, fir se dranzemaachen

Wat hues de, wat gëss de?

Eng gutt Forschett schloen

Wann een enger Mouk wëll de Kapp erofbäissen, dann däerf een se net laang virdru bekucken

Hien ësst wéi eng invitéiert Police

Hien ass esou domm wéi seng eege Féiss

Hien ass esou domm wéi e laang ass

Léiwer d’Panz verrenkt wéi dem Wiert geschenkt

Den Ochs steet och nach gäre bei der Kou

Déi schlamm Geessen an déi gutt Rotschléi kommen ëmmer hannendrun

Kapp kal, Féiss waarm, maachen de beschten Dokter aarm.

Vum Merci vreckt mäi Päerd

Dat mécht de Bock och net fett

si war esou aarm wi St. Job/Ijob

Dreck schauert de Mo

et war keen Te Deum

et ass em net hanne wi vir

seng Schrëft gesäit aus wi wann e Giss mam Kickes driwwergerutscht wier

en huet en Hënneschten esou breet wi de Kasärestack

en ass am Karschnatz

en danzt ewéi et Fatz um Bengel

e léint et Ham bis Kiermesméindeg

aus aner Leits Lieder ass gutt Rimme schneiden

et ass e Paillasse

en huet näischt an der Schierbel

et ass net wäit, awer et zitt sech

En ass eng Laus um Roff

En ass méi wichteg wéi et Pan an der Fuesend

Dat deet mech stierwen!

aus anere Leit hirem Brout ass gutt Schmiere schneiden ...

iwwert de Schied sprangen

A wat fir eng Laus ass där iwwert d'Liewer gelaf?

Dou säis ous wi em Hergott sai Pääd un dat wour en Eesel.

… de Läffel ofginn

… sech duerch d'Päif maachen

d'Liewen ass kee Kichelchen

Du hues dach de Wecker vreckt!

an Amen a Jo (eppes erledeegen)

Ech kann den Iesel bei den Trach féieren, mä saufe (drénke) muss e selwer.
ech kann engem eppes erkläeren, mä ëmsetzen/applizéiere muss en et selwer.

Wat huet deen eng Gabber!
wat babbelt dee vill

Ween näischt mécht, deen näischt brécht.

D’Kand läit am Pëtz
de Worst-Case-Zenario ass agetrueden (a mir mussen dat Bescht draus maachen)

Hie schwätzt Brach / hie schwätzt Kabes
hie schwätzt Quatsch

Ech misst mat Stelzen an Zylinder ënnert de Plättecher erduerch goen.
ech misst mech schummen

E steet do ewéi d’Kand virum Dreck / wéi den Ochs virm Bierg
e versteet guer näischt, ass iwwerfuerdert vun der Situatioun

Ugi wéi eng Tut plakeger Mécken
e soll net uginn, wann näischt dohannert ass (sech iwwerschätzen + profiléieren?)

Hie soll net mat de groussen Hënn pisse goen, wann en d’Been net héich genuch kritt.

e soll net uginn, wann näischt dohannert ass (sech iwwerschätzen + profiléieren?)

sech opféieren
Féier elo keng op!

sech (net) schécken
Schéckt Iech!

een um Napp hunn

sech d‘Auer dobäi briechen
Ech hat mir bal d‘Auer dobäi gebrach.

Ech huelen dach keen Holz mat an de Bësch
(wann ee säi Partner net mathëlt)

d'Welt ass schéin
wieren d'Leit besser

Iess, dass de grouss a staark gëss,
well domm a frech bass de schonn.

Léiwer e Spatz an der Hand wéi eng Dauf um Daach

Et ass, fir den Aasch an d‘Säit ze kréien!

Den Apel fält net wäit vum Stamm

Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter

Du kriss geschwënn eng an d'Laiskaul

E Vull fir d'Kaz

Géint Dommheet ass kee Kraut gewuess!

eng Grëtz ze vill

e Krack ze séier

engem eng kréckelen

Du brauchs esou vill Kussen, fir sat ze ginn, wéi Schnéiballen, fir den Uewe waarm ze maachen

E Vull fir d‘Kaz

D‘Schleeke Metz erbëselen

de géien Honger hunn

Et kann een den Iesel bis bei d'Bar zéien, mee säufe muss e selwer!

Dat gesäit aus wéi enger Kou aus dem Aarsch gezunn

Et reent al Fraen!

Do hätt sech een e puer Schnësskichelcher verdingt!

Ech päifen aus deem leschte Lach!

Heen ass net déi hellste Käerz um Beemchen!

Hien huet vill Waasser a säi Wäin misste schëdden.

Si schwätzt franséisch wéi eng Kou spuenesch.

Keng Zopp gëtt sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt!

Elo ass d'Mass gelies.

Maach keng Fisematenten!

nëmmen do sinn, fir schéin ze maachen

Dee schwätzt vill, wann den Dag laang ass

... dann hues du awer de Wësch am Dëppen

Wat Saachen a kee Schaf, fir se dran ze maachen.

Et ass mir net hanne wéi vir.

Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap ouni Stuerz

wann een alles gewinnt ass, ass et och net ze waarm an da Häll

wann et dem Iesel ze wuel ass, geet en op d'Äis danzen

D'Ham ass besser, wa se an der Mëllech gekacht gëtt

den Dag drop war alles Botter

Schéinheet, gesond bass de!

Trëll op eng Millioun!

Du Hirni

Do krouten sech der zwee ze paken
(Wann en Accident geschitt ass.)

Klibber mech!

Déi sténkt aus der Maul wéi d'Kou aus dem Oosch!

Rutsch mer dach de Bockel rof.

Schéi vu wäit a wäit vu schéin!

Déi Wëll lafen am Bësch

Uewenerëm de Spëtzekranz, ënnenerëm de Läpp net ganz

Hatt ass een Duerfsiechter
(Hatt ass ëmmer um Tour - vun Haus zu Haus.)

Dat léiert Dech, an d'Kierch fuerze goen.
(Dat ass d'Resultat vun dengem schlechte Behuelen.)

Du kéins ee Rousekranz un him réieren.
(Du hues gemengt, hie wier hellig.)

Eppes an d‘Weeër leeden

Hien huet sech eng geknätzelt.

Dat ass Wurscht wéi Zoossiss

Hie kann och net mat de groussen Hënn pisse goen

Ee bei d’Lisette loossen

D’Gelegenheet mécht den Déif

bass du vum Lämmes gebass?

dat ass net genuch fir ze liewen an ze vill fir ze stierwen

Hien huet keng gutt an der Kopp
E mécht alles zum Onwee
En huet et erëm bont gedriwwen
Wat huet hien erëm eng opgefouert

Et ass ees ewéi ees!

Een nom anere, sot de Mëller, dunn huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht.

Do läit d’Kromm an der Heck!

Hätten an haten sinn zwee aarmer Staaten.

Eng Äntwert op e Saz wéi: Hätt ech dach nëmmen …, Wann ech dat gemat hätt …

Hutt dir Paangecher an den Dieren?

Et ass mer net hanne wéi vir …

'Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz"

Looss Kierch am Duerf!

'Du hues eng mat der Broutschéiss"

"wee gutt schmiert, wee gutt fiert, ween ze vill schmiert, bei der Däiwel fiert"

"et ginn domm Leit an et gi saudommer; ma du bass keen där Dommer een" ;-)

'Ween op Kiermes geet, verléiert seng Plaz"

"elo rabbelt et an der Broutgaass!"

"Kënns de haut net, kënns de muar!"

"Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter"

• Knapp derlaanscht ass och dernieft
• Fal op eng Millioun (wann eppes fält an een sech doriwwer muss opreegen)

En dommt Gesiicht an e gudden Androck

"dat geet net op eng Kouhaut"

Sécher ass sécher, sot d‘Fra, dunn houng se un der Auerketten.

Besser ass besser, sot d‘Fra, dunn huet se d‘Ham an der Mëllech gekacht.

Wat si mer eng Band, sot de Jong, du war en eleng / dunn hat en e Stréckel ëm de Bauch.

Léiwer de Kierchtuerm fält ëm wéi mäi Glas Wäin.

Aus enger Méck en Elefant maachen

Dat mécht mech midd! (Oder: DU méchs mech midd!)

Wann ee vun eppes (oder vun engem) genervt ass, awer et wëll een et e bëssi méi léif ausdrécken …

Wann et knuppt, da geet et na 1 Meter

Du gees mer op d‘Strëmp

Hatt huet een am Uewen
(Hatt ass schwanger)

D'Haus verléiert näischt.

Ech kréie scho Kënnwaasser

Häss de d'Schnëss nëmme vollgeschass

Deen do glëscht Grings

eng fléie loossen

sech duerch d'Bascht maachen

de Grapp ophalen

d'An an de Grapp huelen

engem an d'Gräpp lafen

sech eppes (net) laanscht d'Nues goe loossen

den Numm leeft mer laanscht de Mond

Zwee wësse méi wéi een.
A ratsch mat der Bom duerch d'Kichen.
Aarm wéi eng Kierchemaus
All Ufank ass schwéier.
All Vulle stierwen, just den Näidvull nit.
All Weeër féieren op Roum.
Alles geet mol eng Zäit laang.
Alles huet zwou Säiten.
Alles mat der Mooss.
Am Bësch sinn (näischt matkréien)
am Donkele fëschen
am Donkelen ass gutt monkelen
An d'Gette goen (vu Schwächt zesummebriechen)
An d'Gras bäissen (stierwen)
An d'Héiluucht goen
An d'Lach kucken
An der Nuecht sinn all Katze gro.
A fir de Rescht Telleren an Tasen (wann een Deel interessant/wichteg ass an de Rescht net)
Aner Säiten opzéien (sech änneren; méi streng ginn)
Äppel a Biere vergläichen (zwou Saache matenee vergläichen, déi näischt mateneen ze dinn hunn)
Ass de Mee kill an naass, fëllt en dem Bauer säi Faass.
Aus der Haut fueren
Aus der Këscht sprangen (plëtzlech d'Beherrschung verléieren a ganz rose ginn)
Aus der Rei danzen
Aus Kanner gëtt Leit.
Aus Maulefskéip Bierger maachen (iwwerdreiwen)
Aus Spaass gëtt heiansdo Eescht.
Bäi engem duerch de Kuerf sinn (bei engem näischt méi ze radetten hunn)
Bal ass keng Maus an der Fal
Bal ass nach keen Hues an der Fal.
Bauere sinn och Leit, mee keng wéi déi aner.
Bei engem Alen ass ee gutt gehalen.
Béimescht Duerf
Bekannt sinn, wéi e bonten Hond
Besser gro wéi net méi do.
Besser gutt gesiess wéi schlecht zu Fouss gaangen.
Besser haut wéi mär.
Besser jonk dragesprong wéi al dragezwong.
Besser spéit wéi ni.
Bestueden ass eng Lotterie, wee gewënnt, dee verléiert.
Bezuel, da bleifs de um Haff.
Blech schwätzen (Dommheeten erzielen)
Bleiw Vir eweg fun de Fraleit an Hannen vun de Pärd.
Blo a rout ass Baueremoud (eppes passt net zesummen)
Bludde wéi e Rand (immens bludden)
Blutt geleckt hunn (wann ee sech mat eppes befaasst, dat een duerno net méi lass léisst)
Brëlle wéi e Mauliesel (haart jäizen)
Brenne wéi Zitz (eppes wat ganz liicht a séier brennt)
Briech der d'Auer net (ëmmer mat der Rou, iwwerhuel dech net)
D'Ae si méi grouss wéi de Bauch.
D'An op oder de Beidel.
D'Ausriede si fir ze gebrauchen.
D'Baach eragoen (wann aus eppes näischt gëtt, zerstéieren, futti maachen, eppes verléieren)
D'Bengele bei d'Tromm geheien (ophalen, opginn)
D'Box voll hunn (Angscht hunn, es genuch hunn)
D'Dronkenellen gi mer aus.
D'Fléi néitzen héieren (luusseg sinn)
D'gebroden Dauwen kommen engen net an de Mond geflugen.
D'Gecken an d'Kanner soen d'Wourecht.
D'Geess hätt och gären ee laangen Schwanz si huet awer nach ëmmer nëmmen een Deckelchen.
D'Geld régéiert d'Welt.
D'Geleeënheet meëht den Déif.
D'Gléck geet dem Soff no
D'Gras wuessen héieren
D'Guttheet ass ee Stéck vun der Dommheet.
D'Hand iwwer een halen
D'Häut ass engen méi no wéi d'Hiem.
D'Hoffnung stierft fir d'lescht.
D'Kanner kommen éischter wéi d'Renten
D'Kar virun den Ochs spanen
D'Katzen loossen d'Mausen net.
D'Kaz duerch Baach schleefen
D'Kierch am Duerf loossen (net iwwerdreiwen)
D'Knëppele bei d'Tromm geheien (opginn)
D'Kräiz iwwer eppes maachen
D'Lach hunn (erausgoen)
D'Läffele spëtzen (gutt nolauschteren)
D'Läppen hänke loossen (traureg sinn)
D'Léift mécht blann.
D'Ligen hu kuerz Been.
D'Mass fänkt net un, oer de Paschtouer do ass.
D'Maueren hun och Ouheren.
D'Pans gerappt kréien (oder: eng Pansrappecht kréien) (vernannt ginn)
D'Pans schwenken (zum Beschte ginn)
D'Panz voll
D'schwaarzt Schof sinn
D'Ursache sin fir ze gebrauchen.
D'Waasser léft nët de Bierg aus.
D'Wieder op d'Goldwoo léen.
Da meng alt!
Dat bréngt d'Faass zum Iwwerlafen
Dat huet kee Kapp a kee Schwanz!
Dat lescht Wuert hunn
Dat mech de Bock net fett.
Dat preisescht Nuesschnappech huelen
Dat schéinste Meedchen kann net méi gin wéi et huet.
Dat schléit dem Faass de Buedem aus
Datt Zänn am Aarsch Piano spillen
De bäschte Plou mecht och alt mol eng kromm Fuer.
De Bëseler hunn (wibbeleg, nervös sinn)
De Botter vun der Schmier rappen
De Fanger nach an d'Wonn leeën (eppes nach méi schlëmm maache wéi et schonn ass)
De Fascht geschnidde kréien.
De Fuedem verléieren (duerch eppes gestéiert ginn, an doduerch net méi wëssen, wat ee soen oder maache wollt.)
De Gëtschel an d'Luucht hiewen (fréi opstoen)
De Känki gediebelt
De Känki voll
De Kéis hunn (d'Flemm mat eppes hunn)
De Kéis kréien (vernannt ginn)
De Läffel ofginn
De Pabeier ass gedëlleg.
De Paschtouer priedegt dat keng Zweemool.
De Schwanz bäizéien
De Wollef am Schofspelz
Deele wéi d'Pissinger mat de Kueben (ongerecht deelen)
Deemno Geld deemno Wuer.
Deen huet d'Klibbersuen nach an der Täsch (deen ass knéckeg)
Déi dommste Baueren hunn déi déckst Gromperen.
Déi Gutt sinn déi Bescht an du bass där keen (auswäichend Äntwert op eng generell Fro)
Déi Jonk päifen wéi déi Al.
Déi Wëll, déi lafen am Bësch (gëtt meeschtens als Äntwert benotzt fir kleng Kanner déi quengeleg sinn, an onbedingt eppes "wëllen" hunn)
Dem Honn hanne leien
Den Aarsch op hunn (se net méi all hunn)
Den Aarsch oprappen (ganz vill Méi ginn, vill schaffen)
Den Alter gét vir.
Den Apel fällt net wäit vum Bam.
Den Appetit kennt iwert dem Iessen.
Den Ärmut ass iwerall verstouss.
Den Eefalt markéieren
Den éischte Maufel schmacht am beschten.
Den Här priedegt keng 2 mol dat selwëscht.
Den Hënneschten ersielt kréien (een op den Hënner schloen)
Den Hond hänke goen (auswäichend Äntwert op d'Fro wou een higeet)
Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch.
Den Hunn ass Meeschter op senger Mëscht.
Den Trick 17
Der Däiwel sech dech huelen.
Do dech net aus irs de an d'Bett gees.
Do fënnt keng Kaz hir Jong méi erëm (do fënnt ee guer näischt méi erëm)
Do ginn engem d'Aen op wéi Ginzescheeken
Do läit d'Kromm an der Heck
Do läit den Hond begruewen
Do stoe wéi den Ochs virum Bierg
Domm gaangen
Domm gebuer, näischt geléiert an d'Hallschent vergiess
Domm si wéi siwe Sai knaschteg
Domm si wéi siwe Schëppe Kazebräi
Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck sinn
Domm wéi Stréi
Dra kucke wéi eng Kou, déi an d'Baach pisst
Drafache wéi d'Sau an de Bräi
Dräimol geplennert ass eemol verbrannt.
Dreck schauert de Mo (et deet näischt och wann de Kascht net ganz propper ass)
Dronkenellen ausgoen
Du gëss dech net bis keng Kniddel méi am Dëppen ass.
Du kanns den Iesel bei den Trach féieren mé du kanns hén net saufen doen.
Du kanns mech klibberen (ech brauch Dech net)
Du wäisse Kéidéif do.
Duebel geneelt hält besser.
Duerch d'Bascht sinn (sech ewech maachen, fort goen)
Duerch d'Fale léieren d'Kanner goen
Duerch d'Fangere kucken
Duerfir ass keng Ursaach.
E Fouss hannebäi kréien (kee Merci kréien)
E Fuerz am Kapp hunn
E Fuerz queesch hunn
E Geck mecht der Honnert.
E gudden Hunn gët net fett.
E Luussert sinn
E Mann ee Wuert.
Ee bei d'Lisett loossen
Ee gedellegt Pärd soll een net schloen.
Ee gutt Gewëssen ass ee gutt Schloofkëssen.
Ee lénks leie loossen
Ee Mënsch ass deem aaneren säin Däiwel.
Ee Schëmmel a Bless vernennen
Ee virun d'Dier setzen (een aus der Wunneng geheien)
Ee Wuert brengt dat aanerrt.
Een Aarschkrécher (een, deen iwwerméisseg schmeechelt)
Een Af mécht der honnert.
Een am A behalen (op een oppassen, een observéieren)
Een Apel fir den Duuscht (eng Reserv fir schwéier Zäiten)
Een ass dém aneren säin Däiwel.
Een dee mengt, dee weess näischt (een dee seet "ech mengen", deen ass sech net sécher vun deem wat en erzielt)
Een éiweg um Läpp hunn (een ëmmer hanneru sech hunn an em net lass ginn)
Een ëm den Eck bréngen
Een hanne lecken
Een Iesel vernennt dén aneren Säckdréier.
Een Ongléck kennt selten alleng.
Een op d'A drécken (een uschmieren)
Een op d'Maul schloen, datt d'Zänn em am Aarsch Piano spillen
Een op d'Plaz setzen
Een op d'Schëpp huelen (den Uz mat engem dreiwen)
Een op de Bam dreiwen (ee rose maachen)
Eierlechkeet hält am Längsten.
Elle wéi d'Nuecht sinn (net schéi sinn)
Ëm de Bräi fueren (net riicht eraus froen)
Ëmfale wéi d'Mécken
Ëmgedréint ass och gefuer (et geet och anescht)
En A op ee geheien (an ee verléift sinn)
En A zoudrécken (maache wéi wann een eppes net gesinn/an Uecht geholl hätt)
En Aarsch wéi e Brauereispäerd hunn
En Aarsch wéi e Kasärestack hunn
En ass an d'Schwämm Billjeeë rappen
En ass Buergermeeschter ginn (en huet den Heewon ëmgetippt)
En ass d'Scheefchen net wéi en d'Woll dréit
En ass do wéi d'Kugel aus der Flënt
En ass en Dräibiz
En Eck ewech hunn (verréckt sinn)
En huet an de giischter Pëtz gekuckt (bezeechent e liichtgleewege Mënsch)
En Zant zouleeën (méi séier maachen; et geet riets vun den Zänn vun engem Héil)
Endlech ass net éiwech.
Eng am Been hunn
Eng am Biz
Eng am Ginz
Eng am Kanelli
Eng bei d'Läffele ginn
Eng blann Sau kann och mol eng Eechel fannen.
Eng Briquette bäileeën
Eng Hand wäscht déi aner
Eng Kaz am Sak kafen
Eng Laach hu wéi eng Héngerseech
Eng mat der Broutschéiss hunn (se net méi all hunn)
Eng mat der Dänn hunn (verréckt sinn)
Eng mat der Pan hunn
Eng mat der Ratsch hunn (net ganz normal, verréckt sinn)
Eng Méck maachen
Eng op d'Noss kréien (oder: engem eng op d'Noss ginn)
Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap ouni Stuerz
Eng Schëpp bäileeën (méi séier maachen)
Eng schlecht Maus, déi nëmmen ee Lach huet.
eng Schnëss, déi ass net voll ze schäissen
eng Schrauf labber hunn
Eng ureg Fra ass wéi én Zonk em d'Haus.
Engem d'Levitte liesen
Engem d'Wierder am Mond verdréinen
Engem d'Zänn weisen
Engem de Bauch pinselen (engem schmeechelen)
Engem de Paltong zéien
Engem de Wiermchen zéien (ee mat Froe buere bis datt een endlech déi ganz Geschicht oder hire Fong héieren huet)
Engem den Eefalt stäipen (ee (finanziell) ënnerstëtzen, obwuel deen den Eefalt markéiert)
Engem duerch siwe Boxen an den Aarsch kucken (onverschimmt indiskret sinn)
Engem e Fanger maachen
Engem e Kuerf ginn (engem Freier oder enger Freiesch nee soen oder e/se verloossen)
Engem en Dar am A sinn (et geet deem net, et passt deem net)
Engem en X fir en U virmaachen
Engem eng Zigar verpassen
Engem eppes op eng Salztut schreiwen
Engem eppes schwaarz op wäiss ginn
Engem geet den Hutt héich
Engem gläiche wéi een Ee deem aneren (bal d'selwecht ausgesinn)
Engem Lächer an de Bauch froen
Engem mam Aarsch an d'Zänn sprangen
Engem mol de Brëll opdoen (een emol richteg opklären)
Engem net fir fënnef Su trauen
Engem op d'Schlapp(en) (oder: d'Strëmp) goen (engem op d'Nerve goen)
Engem op de Wecker goen
Engem op den Zant fillen
Engem weise wou de Bock d'Lach huet
Engem Zocker an den Aarsch blosen
Ënner aller Klarinett sinn (ganz schlecht sinn)
Eppes aus dem Effeff kënnen
Eppes iwwer de Knéi briechen
Eppes mat spilles machen.
Erëm op d'Féiss falen
Et ass ee wéi der Giedel hire Mischi
Et ass fir op e Schof ze klammen, a wann et nëmmen ass fir méi wäit ze kucken
Et ass nach ké Meeschter vum Himmel gefall.
Et ass net all Dag Kiirmes.
Et ass net alles Dreck wat sténkt.
Et ass net alles Gold wat blénckt.
Et ass net d'Lämmchen, wéi en de Pelz dréit
Et gët een esou al wéi eng Kou, et léiert een ëmmer zou.
Et get keng Zopp esou wärem giess wéi se gekacht gin ass.
Et gët méi Ketten wéi rosen Honn.
Et gëtt erëm alles gutt, et ass nach Puddeng am Schaf (Erweiderung: ...dofir ass awer kee Läffel méi do)
Et gëtt Holz op e getässelt (ee gedam maachen)
Et gëtt Zopp an z'iessen
Et gi fréi Biren (et muss ee fréi opstoen)
Et kann ee kengen 2 Hären dingen.
Et kann een net jiddferengem et gerecht man.
Et kann engem net méi schlecht goen wéi no der Doud an d'Häll.
Et lieft een nemmen eemol.
Et muss een d'Eisen sou laang dängelen wéi et wärem ass.
Et muss een mat deene Meedercher danzen déi een huet.
Et muss een net alles gleewen wat d'Leit soen.
Et muss et vun deenen Liewegen huelen well vun deenen Doudegen kriss de näischt.
Et sinn der méi am Patt erdronk wéi am Pull (den Alkohol fuerdert méi Doudesaffer wéi d'Mier)
Et soll een näischt am Äifer man.
Et steet een net gutt op engem Been.
Et versäit een sech net méi wéi hannert de Leit.
Et weess ee keemol ze vill, mee dacks net genuch.
Fal op eng Millioun.
Faarf bekennen (soen zu wiem een hält)
Falschen Hond
Feier a Flam sinn (begeeschtert vun eppes sinn)
Feier an der Box hunn
Fëmme wéi e Schaaschtech
Fëmme wéi en Tierk [Opgepasst! Dës Riedensaart kann als pejorativ empfonnt ginn.]
Fir d'Kaz sinn
Fräschen am Bauch hunn
Ganz Ouer sinn
Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner
Geckn sinn och Leit, awer keng wéi déi aner.
Gedeessems maachen (eppes opféieren)
Gehäit sinn
Géi dohin, wou de Peffer wiisst!
Géi mat Gott, awer géi
Gerëscht wéi e Pëngschtochs
Geschenkt ass net ze deier.
Geschitt ass geschitt.
Gestengegt ginn (Grouss Virwërf gemaach kréien)
Getten zéien (fortlafen)
Gewuer ginn, wat d'Pond Kiischte kascht
Gi mer virun d'Dier? Oder soll ech den Trottoir erabréngen? (wann een eng Kläpperei well ufänken)
Gläich a Gläich gesellt sech gär.
Glat wéi en Nonnebauch
Goe wou de Keeser zu Fouss geet (op d'Toilett goen)
Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen
Gréngs glëschten
Gutt doe bis an déi déck Zéif
Gutt geknat ass hallef verdaut.
Hanner dem Mound liewen (net Bescheed wëssen, net um aktuelle Stand sinn)
Hatt huet vill Holz virun der Dier (d'Framënsch huet eng grouss Broscht)
Hätten an hate waren zwéin aarm Staaten
Hätten an Haten wären 2 ärmer Staaten.
Hien ass en Haalwerweis (hien ass net ganz gescheit)
Hien ass geklaackt ginn (hien ass zur Rechenschaft gezunn ginn
Hien ass net ganz gebaack (hien ass net gescheit)
Hien ass sou gescheit wéi e Koup Kräsi
Hoer op der Zong hunn
Honn déi billen bäissen net.
Hues de schonn ee grénge Fuuss gesinn??
Ieren ass mënschlech.
Ieren ass mënschlech.
Iess Salz, da gëss de duuschtereg (als Äntwert op de Saz "Ech sinn hongereg."; meeschtens wann de Saz vu Kanner kënnt déi quengeleg sinn a sech net ginn)
Iessen an drénken hält Leif a Séil zesummen.
Iwwer de Bierg sinn (wann et engem besser geet)och: iwwer dem Kand sinn
Iwwer den Duuscht gedronk
Iwwer ee Leescht gezu sinn
Iwwerall dobäi sinn, wou eng Kaz geschleeft gëtt
Iwwerfloss mécht Iwwerdross.
Jiddwer Déierchen huet säi Pleséierchen.
Jiddweree fir sech an eiser Herrgott fir eis all.
Jiddwereen huet genuch mat sech ze dinn.
Jiddweree muss och mol Léiergeld bezuelen.
Jiddweree soll viru senger Dier kieren.
Jiddwere spiert säint am meeschten.
Jiddwerengem säin Handwierk.
Kaalwer, déi gutt saufen, brauchen näischt ze friessen.
Kabes schwätzen
Kal Féiss kréien
Kal Hänn, wärem Léift.
Kalenneren (mat de Gedanke vun eppes net méi lass kommen; däitsch: grübeln)
Kanner an d'Gecke soen d'Wourecht.
Kapp a Fouss hunn
Kapp an Aarsch matenee sinn
Kee Blat virun de Mond huelen (riichteraus schwätzen)
Kee Fouss faassen
Keen Holz mat an de Bësch huelen
Keen ass een Hellegen a sengem Duerf.
Keng Hamen a keng Mamen hunn
Keng Reegel ouni Ausnam.
Kënnt Zäit kënnt Rot.
Kleeder maache Leit.
Kleng Kanner klengt Leed, grouss Kanner grousst Leed.
Kleng mee reng.
Kloer wéi Bullettszopp (ganz kloer)
Knaschteg wéi en Héil (ganz knaschteg)
Kotzeg ginn (beleidegt ginn)
Kraache Kar (een deen al, teekelech a kränklech ass)
Kräisch net, iers de geschlo bass.
Kräisch net, iers de geschloe bass.
Krëschtdag am Kléi, Ouschteren am Schnéi.
Kuuschteg sinn (oder: ginn)
Laache wéi e Geck
Lauter Nullekackerten! (déi näischt fäerdegbréngen ...)
Leck d'Kaz an der Täsch
Leck d'Kaz do, wou se keng Buuschten huet
Léie wéi e Biischtebënner
Léie wéi gedréckt
Léier keen alen Af Grimasse schneiden.
Léierjoer si keng Härejoer.
Liewen a liewe loossen.
Maach de Geck mat dengen alen Schung.
maach elo hei keng Fisematenten
Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit.
Maachen, datt d'Kierch am Duerf bleift
Mäi léiwe Jolli
Mam Kapp duerch d'Mauer goen
Mam lénksen A an déi riets Täsch kucken (balucken)
Mär ass och nach een Dag.
Mat alle Waassere gewäsch sinn
Mat allem Pipapo
Mat den Enner zesummekommen
Mat der Dier an d'Haus falen (eppes ganz ondiplomatesch riichteraus soen)
Mat der Dir an d'Haus falen.
Mat der Heibleifskärche fueren (doheem Vakanz maachen)
Mat der Scheierpaart wénken
Mat engem Kapp an Aarsch sinn (mat engem eng onzertrennlech Frëndschaft hunn)
Mat Froen vermécht een näischt.
Mat Gewalt setzt de eng Kou hannerem mat méi eventuell zwou.
Mat him ass et net gutt Kiischten iessen
mat Kanounen op Spatze schéissen
Mat Klëppele fänkt ee keng Vullen.
Mat Knëppele fänks de keng Vullen.
Mat sengem Latäin um Enn sinn (net méi weider wëssen)
Mat zwéi Féiss um Buedem stoen (e gesonde Mënscheverstand hunn)
Mattheis mécht Äis oder brécht Äis.
Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee (cf. een dee mengt, dee weess näischt)
Mengen, et hätt een der Herrgott mat der décker Zéif (menge wat wonnesch datt een hätt)
Mengen, et misst een an e Patt fuerzen
Midd wéi siwe Mikkimausen
Mir fäerte keng Maus, a wann et e Ridd wier!
Mir näischt, dir näischt (einfach sou, klammheemlech)
Mir wäerten dat Kand scho schaukelen
Moie Misch! (zum Ausdrock bréngen, datt een net sou domm ass, bei eppes matzemaachen oder sech uschäissen ze loossen)
Mokes op den Dokes (der e puer op den Hënneschte kréien)
Nach gréng hanner den Oueren sinn (cf. nach net dréchen hanner den Ouere sinn)
Nach net dréchen hanner den Ouere sinn (ze jong sinn, nach keng Erfarung hunn)
Nach un de Kleesche gleewen (naiv sinn)
Näid mécht Sträit.
Näischt ass gutt fir d'Aen.
Näischt ass gutt fir an d'An.
Näischt gesot ass och geäntwert.
Näischt gesot ass och eng Äntwert
Näischt ze radetten hunn (näischt ze soen hunn)
Näischt ze räissen an näischt ze bäissen
Neel mat Käpp maachen
Nei Biesemen kiere gutt.
Nëmmen d'Wourecht mécht verhaasst.
Nëmmen eng Box am Aarsch gehat hunn (fréier ganz onbemëttelt gewiescht sinn)
Net aus de Kleeder kommen
Net vun der Heck gepléckt sinn
Nidderträchteg si wéi en Iesel voller Fierz
Nonnefleesch u sech hunn
Nuets vu plakege Mécke dreemen
O Mamm, o Kanner!
Ondank ass der Welt Loun.
Ongléck am Spill, Gléck an der Léift.
Onkruad vergeet nit.
Op d'Fangere kucken
Op d'héicht Päerd klammen (oder: um héije Päerd sinn) (sech opbauschen, sech eräiferen, keng Widderried akzeptéieren)
Op d'Schëff schécken (eng Fra oder e Mann verloossen)
Op eppes passe wéi d'Fauscht op d'A (gutt beienee passen)
Op Sand bauen
Pak schléit sech, Pak verdréit sech.
Pankratius, Servatius, Binifatius, dat sinn där Helleger Hären 3.
Probéieren geet iwwer studéieren.
Quecksëlwer an den Oderen hunn
Quetschen och
Rapp a Klapp sinn
Renne wéi eng Sau
Rënne wéi eng Seibecken
Rutsch mer dach de Bockel erof (du kanns mech emol)
Säi Kapp a Rou leeën
Säi Pak huelen (opginn)
Säi Pak maachen (fortgoen)
Säi Pefferkär bäiginn (säi Kommentar ofginn)
Säin Otem spueren
Saufe wéi e Biischtebënner
Schéin Fiederen schéin Plomme man.
Schif gelueden
Schlofe wéi e Muermeldéier
Schlofe wéi e Rat
Schong (oder: Schlappen) an Huese verléieren
Schreif der et hanner d'Oueren
Schwamme wéi eng bläien Int
Schwätz oder schäiss Buschtawen
Schweesse wéi eng Sängerin (immens schweessen)
Se net méi all am Schaf hunn (duerchgedréint)
Se net méi all hunn (eppes Oniwwerluechtes, Verrécktes maachen)
Sech an eppes erareiden (an eng komplizéiert Situation geroden)
Sech aus dem Stëbs maachen (fortlafen)
Sech de Batti stellen (sech den Domme stellen, Topegkeete maachen)
Sech de schéine Männche maachen
Sech een/eppes op d'Broscht huelen (sech mat eppes intensiv beschäftegen)
Sech elle gerëselt hunn (vill Gewiicht ofgeholl hunn)
Sech eppes hanner d'Ouere schreiwen
Sech eppes hanner de Spigel stiechen
Sech op de Kënn späitzen
Sech senger Decken no strecken.
Sech wéi d'Aaxt am Bësch behuelen (sech total donieft behuelen)
Sech wéi e Bettseecher schummen
Séier wéi de Blëtz
Seng Fangeren am Spill hunn (eppes mat eppes ze dinn hunn)
Seng Wierder friesse mussen
Senger Hänn kee Rod wëssen
Si huet d'Box un (d'Fra ass Meeschter am Stot)
Si sinn am Gaang ze maulafen
Soen an maachen ass zwéerlee.
Soss hëlt dech der Jomer
Sou wéi een sech d'Leit winnt sou huet een se.
Souvill vun eppes verstoe wéi d'Kallef vun der Houmass
Spéin hunn
Ugi wéi e Sak voll plakeg Mécken
Ugi wéi eng Tut plakeg Mécken (sech immens bretzen)
Um leschte Lach päifen
Um leschte Steiwer wunnen
Um Teppech bleiwen
Um Zännfleesch lafen
Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin
Un den An dierf een net mam Ielebou reiwen.
Un engem sengem Käfeg rabbelen
Un engen décke Mauffel ass nach keen erhingert.
Véirel op kal Ierbessen, wa se waarm si kriss de se z'iessen (auswäichend Äntwert op d'Fro wéi vill Auer et ass)
Verhouert wéi dem Jupp säin Iesel
Verloss dech op d'Leit dann bass de verlooss.
Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.
Vill Geschwätz a wéineg Fett mécht moer Zoppen
Vill Kanner gëtt schmuel Deelen.
Vir bäi an hanne widder sinn
Viru senger eegener Dier kieren (sech ëm seng eege Saache bekëmmeren)
Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn (eppes net erkennen obwuel et no läit)
Vum Falen léieren d'Kanner goen.
Vum Lämmes gebass sinn
Vun alle gudde Geeschter verlooss sinn (verréckt sinn)
Vun der Aarbecht gëtt kee fett.
Vun der Hand an de Mond (oder: den Zand) liewen (näischt op d'Säit leeën, all Su ausginn)
Vun der Long op d'Zong.
Vun Hippches op Hapches sprangen
Vun Tuten a Blose keng Anung hunn
Vu ville Mercië gëtt een net fett.
Waasser a säi Wäi schëdden (e Kompromëss agoen)
Wäit vun den Aen, wäit vum Häerz.
Wann al Scheiere brennen.
Wann d'Käche verléift ass, ass d'Zopp versalzt.
Wann d'Kand am Pëtz läit, kënnt een Deckel drop.
Wann d'Kand am Pötz läit, da kënnt een Deckel drop.
Wann d'Kanner Geld hunn, léisen d'Kréimer.
Wann d'Kaz fort ass, sinn d'Mais Meeschter.
Wann d'Katze Gras friessen, da gëtt et Reen.
Wann d'Katzen sech wäschen, da gëtt et Reen.
Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter.
Wann d'Mooss voll ass, leeft se iwwer.
Wann den aarme Jang un d'Dier klappt, spréngt d'Léift zur Fënster raus.
Wann der Däiwel d'Kou huet, kann en d'Kallef och huelen.
Wann ee esou ee Liewe wéi mäi Liewe Liewen nenne kann, da liewen ech nach.
Wann ee Vum Däiwel schwätzt, dann ass en net wäit ewech.
Wann et dem Iesel ze wuel gËtT, geet en op d'Äis danzen.
Wann s de engem de klenge Fanger gëss, hëlt en déi ganz Hand.
Wann s de mat deene groussen Honn wëlls pisse goen, da muss de d'Been och an d'Luucht kréien.
Wärem Hänn, Léift ouni Enn.
Wat bass du fir ee Krappschass.
Wat de Bauer net kennt. dat ësst heen net.
Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net (ni eppes neies ausprobéiere wëllen)
Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn.
Wat een net am Kapp huet, dat huet een an de Been
Wat laang dauert, gëtt endlech gutt.
Wat méi al, wat méi geckeg.
Wat muss sinn, muss sinn.
Wat näischt kascht, dat ass näischt.
Wat nit ass, kann nach ginn.
Wat wëlls de hunn, soen d'Leit an da ginn se engem näischt.
Wat s de hale kanns, solls de net verspriechen.
Wat s de net staark bass, muss de gescheit sinn.
Watschele wéi eng Gäns
Wee beim Wäihwaasser ass, dee seent sech.
Wee gär ee Maufel hëlt, muss de Mond opdoen.
Wee gutt schmiert, dee gutt fiert.
Wee schléift, sëndegt net.
Wee laang lieft, gëtt al.
Ween als éischte bei d'Mille kënnt, muelt als éischten.
Ween eemoll litt, litt ëmmer.
Ween et laang huet, léisst et laang hänken.
Ween op d'Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet.
Wéi den Här sou säi Geschier.
Wéi e Camion kucken (verwonnert sinn)
Wéi e Fär jäizen.
Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et rëm raus.
Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et erëm
Wéi ee Pohunn stolzéieren.
Wéi eng naass Zeitung (wann eppes schlecht ass)
Well ass keng Äntwert
Ween A seet, muss och B soen.
Ween als Eefalt fortgeet, kënnt als Dabo rëm.
Ween näischt huet, ass näischt.
Ween näischt mécht, deen näischt brécht.
Ween sech näischt mécht, deen ass näischt.
Wëssen, wou een der Méck d'Blutt hëlt
Wie litt, klaut och.
Wien ausdeelt, muss och kënnen astiechen.
Wien iwwer den Uess kënnt, dee kënnt och iwwer de Schwanz (wien dat Schwéiert gepackt huet, dee packt och nach de klenge Rescht)
Wien op d'Kiermes geet, verléiert seng Plaz
Wien zu lescht laacht, laacht am besten.
Wou Damp ass, ass och Feier.
Wou et d'Moud ass, séngt e Pompernéckel an der Kierch
Wou Holz gemeet gëtt, falen och Spéin.
Wou kee Gott ass, ass kee Gebot.
Zäit ass Geld.
Ze no um Waasser gebaut hunn (ufänke mat kräichen)
Ze vill Käch verdierwen de Bräi.
Ze vill zerräisst de Sak.
Ziddere wéi Espelaf
Zodi maachen (oder: schloen)
Zoppnaass sinn (ganz naass sinn)
Zu eppes Jo an Amen soen

um Dill sinn, ier der Däiwel Schung an Huesen unhuet

An d'Gras bäissen

De Vull ofgeschoss

Drénk net esou kal, soss kriss de eng Schläich an de Bauch.

-Du stees do wéi bestallt an net ofgeholl
-Wann d'Dommheet géng wéidoen, da géngs du den ganzen Dag jäizen
-sou déck wéi en Aaxtestill (een, deen net déck ass)
-Et steet all Daag en Dommen op
-Heen huet e Brëll op der Nues, mee en héiert a gesäit näischt
-Ech hunn d'Schong voller Féiss (wann een ze wäit gaang ass, an d'Féiss wéi huet)
-Ech man dat net fir dem Kaiser säi Baart
-Hei sëtz de wéi op engem Schläifsteen
-Deen ass mol net gutt fir an e Maisstéck ze setzen (een, dee fir näischt ze gebrauchen ass)
-En ass mol net gutt fir an eng Mausfal
-Du stungs ze no, wéi de Schäissdréck geklappt ginn ass (wann ee vill Sommersprossen huet)
-Dat daacht dach vir an hannen näischt / dat ass der Huddel näischt
-Schwätz oder schäiss Buschstawen (engem, deens de alles muss aus der Nues zéien)
-Deen ass elle wéi d'Nuecht däischter
-Enkt Jonkt frësst net méi wéi engt Aalt
-Dat ass mat den Hoer erbäigezunn
-Ech géng mer léiwer e Pull (Holzpfosten) um Kapp spëtzen loossen, wéi mat deem eppes unzefänken
-Du bass bekannt wéi en Donkelsser Wollef

Hien huet Fauscht déck hannert den Oueren!

"et ass ni ze fréi a selten ze spéit"

Glat wéi e Kanneraasch

Do gin engem d'Aan op wéi Schoofschéedten

Dréche wéi Gapp

Mär si vun Hippches op Hapches komm
Fal op eng Millioun/fal an de Rhäin
Hee mengt, hee wier mat mär an d'Schoul gaang
Uewenerëm de Spëtzekranz, ënnenerëm de Läpp net ganz
Wat e Gedeessems!
En huet de Stall op

Déi Kou musse mir och nach vum Äis huelen

Léiwer de Spatz an der Hand wéi d'Dauf um Daach

Hien ass net dee schäerfste Knäipchen am Tirang.

ziel mir mäi Liewen

Dat do passt ewéi d'Fauscht op d'Aen

Et ass, fir en Aasch an d'Säit ze kréien

Maach, dass d'Kierch am Duerf bleift

Den ale sténkt no Brieder!

He wullte gär, mee e puffte pas.
Wann ee mat den décken Hënn wëllt pisse goen, muss een d‘Been och héich genuch hiewen
Léiwer e Spatz an der Hand ewéi eng Dauf um Dag
Du weess, wat s du hues, mee du weess net, wat s du kriss
Wat deem enge senge Freed, dat deem aner säi Leed
Dee géif och säi lescht Hiem ginn
Wat een net am Kapp huet, huet een an de Been
Wann een A seet, muss een och B soen
Di Wëll lafen am Bësch
Deen ass domm gebuer an huet näischt bäigeléiert

Du bass en Tutebatti

Ech hunn erëm ee Weeschësser

Et ass keng weis, soss ging et sangen

"Hätt den Hond net geschass, dann hätt et net gedämpt" ;-)

"Mär wëssen, wéi den Hues leeft"

en drénkt wéi de Buuschtebënner

Wat een net am Kapp huet, huet een an de Been!

Hien ass domm wéi siewe Schëppe Schäiss

Hie schléit dran ewéi de Grojaan an d'Béck

Da géi zapp dech an de Schissi!

Heen/hatt ass net déi hellste Luucht um Beemchen

Bei d'Lisette gelooss ginn

Den Hond hänke goen.

Dem Hond hannen

Hännes op der Gänn

Ech kann hie weeder hiewen nach droen

Deen ass zou wéi eng Handbrems

Du gëss der Welt Stéiss!!

Mir weisen hinnen, wat d'Pond Kiischte kascht

Ech mengen, hien huet säi Klibbergeld nach.
(Sprachwuert, fir e Knéckjang ze benennen.)

Sécher ass sécher, sot d'Fra an huet d'Ram an der Mëllech gekacht.
Wann een e Steen an eng Perch mat Hénger schéisst, da jäizt dat Hong, wat getraff gouf.
Dat doten ass vun anno Tubak

Onprouf der Welt

(Sproch vu mengem Grousspapp - dee war tëschent de Kricher Tagelöhner am Éislek.)

Geklufft wéi d’Gréidel am Hierscht

Verhouert wéi dem Jupp säin Iesel

Wann d'Dommheet kleng géif maachen, da misst du mat Stelzen ënnert dem Teppech lafen

Du kanns mer de Bockel erofrutschen an ënne mat der Zong bremsen

Et gëtt keen Damp ouni Feier

Eng Zopp gëtt net esou waarm giess, wéi se gekacht gëtt

Dat do kanns de der mam Hilti an de Beton schloen

Du kriss lo gläich de Wësch an d'Dëppen

Ween naischt mécht, deen näischt brécht

E schléit dra wéi d’Sau an de Weessbräi.

Da’s eng fir an de Péckvillchen!

En ësst wéi e gepannte Päerd.

Mir si vir bäi an hanne widder.

wat gëss de, wat hues de

engem d'Späizkëscht halen

Dat ass de Schiele mam Blanne vertosch.

Hues de Paangecher an den Dieren?!

Wann s de enger Geess en an d'Ouer schëtts, da leeft se bis op Paräis.

Wee Pech huet, brécht sech de Fanger an der Giletstäsch.

a wann der Däiwel zu Bock kéim

Do soll der Däiwel en Af ginn!

En ass dem Eefalt vun der Drobier gefall.

En ass dem Dabo aus der Hatt getrollt.

Hien ass drop aus wéi der Däiwel op eng arem Séil.

En hätt gär Paräisser Schong, mee en huet Éisleker Féiss.

Dann hale mer de Bock nach e Joer, bis e Mëllech gëtt!

Hie kuckt dra wéi e gestachene Bock.

Deen huet e Gesiicht wéi e gebeetschte Kanneraasch.

Besser ass besser, sot d'Fra, du huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.

De beschte Monni ass de Port-Monni.

Hien ass ëmmer am Jumm.

Houremiel gëtt Hourepaangech

an déi eng Hand geschass, an déi aner geklaakt, ass ees ewéi ees

Verstoen, wéi den Hues leeft.

Et kann ee sou al gi wéi eng Kou, et léiert een ëmmer dozou

Wann d’Kaz fort ass, sinn d’Mais Meeschter!

Wa meng Bom e Schnauz hätt, da wär se mäi Bop

Du mengs, du misst dech doutmengen

Du mengs, du misst Haren op d'Stier kréien

"A lass!", sot déi Al, an dunn houng se mat de Jartellen an den Tramsschinnen.

Deen huet e Gesiicht wéi e Prelatenoarsch. (deen huet en déckt Gesiicht)
Deen huet Lëpse wéi Jummdeckelen. (deen huet ganz déck Lëpsen)
War däi Papp Glasmécher? (seet een, wann déi aner Persoun eng Vue blockéiert, z. B. wa se virun der Tëlee steet)

Dat ass Speck a Schwéngefleesch

Deen do frësst eis d‘Hoer vum Kapp

Wann de Jo net geschass hätt, hätt hien den Hues kritt.

Ech schloen där e Puzzel an däi Brëll.

Du muss och ëmmer iwwerall däi Pefferkär bäileen

Huet een un dengem Käfeg gerabbelt?!

- "Ech hunn Honger"
- "Leck Salz, da kriss de Duuscht"

Dee mengt och, e wär der Härgott mat der décker Zéif

Komm eran, da kucks de eraus
(Wann een een erwëscht, wéi en engem op der Fënster nokuckt)

Dat do hält vun 12h bis Mëtteg

Wëlls de heihi sëtze kommen, da bass de méi no bei denge Féiss

An d'Labrente kommen ...

engem aus de Féiss goen

D'Lompe fänken un ze sténken

Schnësser schneiden

Déi Affär klunscht elo schonn esou laang

Décke Buttek hunn

Hee muss sech um Rimm rappen

Deen huet d’Klacken net méi all am Tuerm hänken!🙄

Dat ass sou sauer, et zitt mer d'Lächer an de Strëmp zesummen.
Schlo dat Blat ëm (vergiess et, d'Liewe muss weidergoen)
Hien ass een ewéi en Handkesselchen (hien ass hëllefsbereet a geschéckerlech)
Et ass mir net hanne wéi vir (et ass mir net gutt)
D'Stonnen an d'Minutte sinn ongläich

Du bass esou domm wéi Brout

Eng Haasebottisch/eng Hoosebottisch
E Pottschamp (Pot de chambre)
´t ass schweins wouer (es ist geschweige wahr)
dacks - dacker (oft)

Bottermëllech mécht den Hënner ongedëlleg
Houre Miel gëtt houre Paangech
Ech hunn de Kurewitt (Courez-vite)
"Besser ass besser", sot d´Fra, an huet d´Ham an der Mëllech gekacht.
Du bass en Intebinnes

Maach dir keng Ouwien - maach dir keng Emstänn

Deen huet der Daiwel an der Panz

Wie gutt schmiert, dee gutt fiert, deen ze vill schmiert, dee bei der Däiwel fiert

Hues de Tomaten op den Aen?

deen huet Scheiklappen op den Aen

et ass liicht schäissen, wann en aneren dréckt

.. an dass d'Kierch am Duerf bleift!

Bleif bei der Staang!

Hal d'Ouere steif!

hal dat Geräbbels

ouni Méi, keng Fléi

Léck mech do, wou d'Kaz keng Hoer huet

Do brauchs de Nerve wéi Tramsschinnen

D'Zopp ass net um Waassersteen gekacht

D'Box voll hu vun eppes

Mat deene Meedercher danzen, déi do sinn.

Et gëtt méi Kette wéi rosen Honn

Bass du vum Lämmes gebass?

Du hues eng mat der Pan

wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter

Du fiers ewéi eng Masett!

De Kärel do ass ee wéi en opgeriichtene Maisdreck

Hien huet eng bosseg Manéier.

Dat do ass ee kamësse Brudder.

Ech sinn ausser mer.

… hëlze Kou

Lo hun ech erëm fir dem Hari säi laange Baart gekacht!

Ech hat de Moschter an der Nues.

Mam Siggy an d‘Uewerstad

Net mam plakege Fanger op ugedoe Leit weisen.

D'Aen op oder de Beidel!

Ech hale wuel jo!

Do si mir d'Ae bal aus dem Kapp gefall

Deen huet den Trach gebotzt (beim Keelespillen)
Eppes zu Läif bréngen
Deen do ass nawell fasséngerlech (deen huet eng gutt Figur)
Hal de Ball flaach!
Dee Kaffi ass batter wéi Eileseech
Deen ass och net vun der Heck gepléckt
Kloer wéi Maschtepull
An d'Kréibänk schloen
Do kritt ee laang Zänn! (Dat passt engem net)
D'Koppel krut Waiséngen (ass ausgeruff ginn)
Dat huet en Aasch wéi e Brauereispäerd
E mécht e Bockel wéi e Kueder, wann et donnert
Wat der Dag méi helleg, wat der Däiwel méi rosen
D'Engele spille Keelen (wann et donnert)
Stuer wéi e Panzer
Den Ox mat den Hoaren huelen (eppes ugoen)
Ueleg an d'Feier géissen
E Leeër maachen (en Tëmmchen halen)
De Rousekranz iwwer de Buedem schleefen (iwwerméisseg fromm sinn)

Kapptrotz ass Bauchschued

Eemol ass keemol, zweemol ass eemol ze vill!

En ass domm wéi Brout!

De Bock zum Gäertner maachen!

Da gëss de gewuer, wat d'Pond Kiischte kascht!

Kuff't Schmull

Schmock mer de Gatt

Géi pléck dir eng Heck

Do läit d'Kromm an der Heck

Ech sëtzen um Schlauch.

En huet Schong an Huese verluer

Dir kommen déi gebroden Dauwen och nach an den Mond geflunn

Ech sinn aus alle Wolleke gefall

E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eng Kéier.

Eng Seech ouni Fuerz ass wéi eng Kap ouni Stuerz

allneemes

Erklärung: Dat Wuert heescht sou vill wéi 'dacks' oder 'reegelméisseg a kuerzen Ofstänn": Hei um Duerf kënnt net allneemes e Bus.

Et rabbelt an der Broutgaass

Hien ass d'Trape ropgefall

Dee laacht souguer iwwert e kromme Fanger

Mer hunn der Däiwels Geschier hei trëllen

Hatt huet Kiermes

Dat passt him an de Krom

Besser vu Panz net leie wéi vun Honger net schlofen

Ma Moie Misch

Sech de Batti stellen

Et ass em näischt gebroden

Do soen sech Wollef a Fuuss gutt Nuecht

Do, wou d'Welt mat de Brieder zougeneelt ass

Et geet him eng Späicherliicht op

Léiwer mat der Panz an der Musel, wéi Mousel an der Panz

Deen huet Schëffer um Rhäin

Jëses, Maria, Jousepätter

Mir gi spadséieren, déi aner musse léieren

Geplot ass och gelieft

Voll wéi honnert Männercher am Liicht

E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eng Kéier

Maach ewéi d'Leit, da geet et der ewéi de Leit

En ass futti wéi eng Micky Maus

E fiert Schlappchassis

E mengt, en hätt den Härgott mat der décker Zéif

En ziddert wéi Espelaf

E bläert wéi e Maartiesel

Dummeldeng an Eech, déi leien un engem Streech. A Weimerskierch dabäi, dat sinn där Kéidierfer dräi

Se hu gestridde wéi d'Buuschtebënner

Himmel, Aarsch an Zwier

Kanner a Gecke soen d'Wourecht

En hält sech dru wéi de Geck un de Bengel

Kënns de net haut, da kënns de muer

Dat kanns d'an Haascht schreiwen

E wor schwaarz wéi en Héil

Schreif dir dat hannert d‘Oueren

En huet d'Hoer do stoe wéi e Pak Neel

Dat passt him wi der Kou de Suedel

Bass du vun Dijon? ... esou gemoschtert wéi s du bass

En huet gefriess wéi e gepanntent Päerd

Et kann een den Iesel un den Trach féieren, mä saufe muss e selwer

Wéi een an de Bëscht rifft, schaalt et zréck.

Iess dat fir d'éischt, wat ze vill ass!
(Wann ee mengt, et hätt een ze vill op den Teller kritt.)

Fuer engem Plakegen an d'Täsch (Een, deen näischt huet, kann näischt ginn)

“D’Geess hätt och gären e laange Schwanz gehat, mee si krut awer nëmmen en Deckel!”

Ech hale wuel jo!

ween et laang huet, dee léisst et laang hänken

besser ass besser, sot d'Fra an huet d'Ham an der Mëllech gekacht

si gläichen sech wéi eng Drëps Waasser där anerer

Vum Reen an den Drëpsschlag

Bass du vum Lämmes gebass gi.

Egal ob Speck oder Schwéngefleesch

Et ass gehopst wéi gesprongen

Hien/hatt ass net déi hellste Käerz um Kuch ...

Ech fänke gläich u mat baschten

mam blanke Spuet an de Gaart

Voll wi de Männchen am Liicht

Elo ass d'Bëtschel fett!

Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et zréck.

Hei kéint nach eng Kou dertëschent kaalwen.

Glat wéi een Nonnebauch.

E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol.

et gëtt gläich eng an d'Laiskaul

Geet et nach mam Geliichts?

Wann den Dreck Mëscht gëtt, léisst en sech féieren

Hues du an de Kapp geschass?

Et rabbelt gläich an der Kamellekëscht

Du sténks wéi e Brauereispäerd

E Lidderegen ass nach laang keen Dommen

Hues du haut Grimassenzopp giess

Et reent, du kéints e Sak op engem Bam wäschen.

Du kanns den Ochs bei d'Baach féieren, mee saufe muss e selwer!

Deen huet eng mat der Ratsch!

Kapp net méi lass wéi s de geschëppt kriss.

En Auto an eng Fra léint een net!

Geet et mat dir?

dem Doud vun der Schëpp gesprong
ausgesi wi dem Doud säi Reesender
ugi wi eng Tut plackeg Mécken
sech drunhalen wi d‘Fatz um Bengel
en Aarsch an d‘Säit kréien
hien ass esou domm wi 7 Schëppe Schäiss

Da gëss du gewuer, wat d‘Pond Kiischte kascht

Wat s de net am Kapp hues, dat hues de an de Been.

Hues du se nach all?

Do, wou de Schong dréckt.

Kuff d‘Schmull a schmock mer de Gatt

Krononzeng am Schaf

wat bass du e Krëschtkëndchen

Ech mengen, bei dir kommen se net méi der Rei no.

bäi deem ass Happ a Malz verluer

hien huet der Däiwel an der Panz

Looss dech net an d'Boxhorn joen

Hei hat ech de Bauch nach net wéi

Engem den Diks riichten

Ee bei d'Lisett loossen

D'Kand ass an de Pëtz gefall

En hänkt do ewéi de Kueder um Schläifsteen

Ech klammen net méi héich wéi d'Baurefra déck ass

dat passt, wéi der Kou d'spëtzen Haifchen

Wanns de dech net packs, gëtt et eng voll an d'Kabinn

Laf mer de Bockel erof

Lo läit d'Kand am Pëtz

Deen ass gréng hannert den Oueren

Dat huet Been wéi eng Uewepäif

Deen huet sech duerch d'Bascht gemaach

Do kann alles näischt déngen

Aarm wéi eng Kierchemaus

engem d'Panz rappen

Sief dach net sou rose wéi eng Spann

Du kriss vu mir den Dix geriicht

Dee gesäit aus wéi e preisesche Prënz

War dat do e Wénk mat der Scheierpaart?

Hues du de Klimpi gebéit?

hien huet zwou lénker Hänn

dat ass mir esou laang ewéi breet

hien dréint eng roueg Klatz

Esou haart ewéi Gapp.

Esou al gëtt keng Kou!

Sou ass dat an der Stad!

Hie war do wéi d'Mëtsch am Buttik
Elo kriss de den Diks geriicht!

Déi hunn d’Schnëss sou voll, datt se mol net méi gaapse kënnen

Dat do gesäit zwar aus wéi komm jauf mer eng

do bass du nach a kuerzer Box hannert der Musik gelaf

Dat ass kengem Dafe gepaff

Hien ass schonn op éier der Däiwel Schung an Huesen unhuet

ass d‘Kaz fort, danzen d‘Mais

E steet do ewéi den Ochs virum Bierg

Dat geet him ewéi der Kou de Suedel

- do verléiers de Schung an Huesen
- Ech muss rëm d'Käschten aus dem Feier huelen
- so et duerch d'Blumm
- hien ass ganz Feier a Flam

et gëtt ee esou al ewéi eng Kou,
et léiert een all Dag dozou!

besser e Spatz an der Hand
wéi eng Dauf um Daach

Bei deene kaalwen d‘Uessen um Späicher.

kënns de net haut,
da kënns de muer

deen ass vum Lämmes gebass!

Ee gudden Iesel stéisst sech nëmmen 1 X

wann et dem Iesel ze wuel gëtt, geet en op d‘Äis danzen

Hien ass platt ewéi e Sou

En ësst wéi eng invitéiert Police

Hien huet sech d’Auer bal gebrach! ⌚️

Den Nee Merci ass zu Paräis um Trottoir erhéngert.

Elo ass d'Bier geschielt.

Et ass enges, Speck a Schwéngefleesch

ech wëll net bis Mokuchsdag wuarden

Hatt ass rose wéi eng Spann

zoppnaass sinn

ech si puppsat

deen ass méi voll wéi do oder deen ass och net méi aleng

de Kapp hänke lossen

Oh Madame, sidd där vun Dijon, där sidd sou schéi gemoschtert

Hie geet mer wéi en Eelefmeter

En ass liddereg wi Mëscht

En huet gefriess wi e Biichtebënner

Et soll een net esou bestellerech sinn (et soll een net esou pipeg sinn)

Do gëtt e Rid senger Mudder näischt mat.

Dat do deet de Bock schnadderen.

E schmunzt wéi eng Sau, déi an d‘Baach seecht.

Wie gutt "schmiert", dee gutt "fiert".
Wien ze vill "schmiert" ... dee bei der Däiwel "fiert".

Du gëss al wéi eng Kou, léiers all Dag derzou

D'Pan klaken

Do war de Mann mam Hummer komm.

D'Been an de Grapp huelen.

Looss de Laascht kommen.

Elo gëff dech dach emol!

Lee däi Kapp a Rou!

Maach mer keen décke Kapp!

Engem e béise Fanger maachen

Hien huet et fauschtendéck hannert den Oueren

Hues du Angscht virum eegene Courage?

Et falen al Frae vum Himmel

Déi si méi schwéier ze hidden wéi e Sak voll Fléi

Dir geet de Mond op wéi den Hinger den Oosch!!

Hien/Hatt ass net déi hellste Käerz um Kuch

En hält sech dru wéi de Geck un de Bengel

Eng fléie loossen

Egal ass nëmmen den Tram. Do kann ee vir oder hannen eraklammen

Elo kënnt et knëppeldéck

Muer ginn et Fréibieren

Hei ass der Däiwel lass!

Dee geet mer kee Meter!

Ech dréien dech gläich banne baussen

Schweesse wéi eng Sängerin

Den Härgott mat der décker Zéif hunn

Sech e Been ausrappen

Eng am Knéi hunn

Feier ënner dem Hënneschte maachen

Ech hat mech bal entwutzt

En huet sech an den Hënner gebass

Lénks ass do, wou den Domm riets ass

Mäi klenge Fanger seet mer….

Ech hunn do een um Fanger

Ech si bal op de Réck gefall
Ech si bal vum Hocker gefall

Engem den Aarm béien

Op den Aarm huelen

Ech pissen nach op säi Graf

Häerz, wat begiers de!

Sech an d'Broscht geheien

Do kréien ech Bullen
Do kréien ech en décken Hals

Huet ee Kuch geruff, dass du Grimmele sabbels?

Dee kritt den Hals ni voll

Du Schnësskätti/du Tutebatti

Engem op den Zant fillen

Spack/Ziel/Schwätz kee Brach

Aus enger Méck en Elefant maachen

Eng Méck maachen

D’Been an de Grapp huelen

Schéi vu wäit a wäit vu schéin

Eng Schëpp schneiden

Ech hunn dat versoff

Ee Béischt, dee gutt sauft, brauch näischt ze friessen

Déi gläiche sech, wéi een Ee deem aneren

Op dee muss een Holz tässelen

Et ass net alles Gold, wat blénkt

Ech muss elo goen, soss kréien ech de Wësch an d'Dëppen
(Ech muss goen, well soss sinn ech ze spéit u fir z'iessen an dann ass näischt méi am Dëppen, ausser d'Spulllomp.)

Hee wëll mat de groussen Hënn pisse goen, kritt d‘Been awer net sou héich

Et gi méi Kette wéi rosen Hënn.

Looss dir d'Féiss splécken a géi an d'Wiss.

Wéi du mir, sou ech dir

Hie wunnt um Honn hannen

E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol

Engem Plakege kann een net an d'Täsch fueren

Wou geschafft gëtt, do fale Spéin

Baussenerëm Firelefanz, bannenerëm de Läpp net ganz!

Hien ass holl a blo (blo Plazen hunn)

A lass sot déi Al, dunn hung se un der Auerketten!

Du bass schwaarz ewéi en Héil!

Kiischtchen, Kiischtercher
Lëtzebuergesch fir crouton(s)

E Wuert: Batteralzem

(Et handelt sech warscheinlech ëm Wermutskraut. Meng Groussmamm hutt dovun Téi gemaach)

Maach mer keen Ouer

Sech mat frieme Plomen schmécken.

Dat ass net dat Scheefchen, wéi et Woll dréit
D‘Zopp gëtt net esou waarm giess, wéi se gekacht gëtt
D‘Lekt sënn all fein, wann s de näischt mat en ze douen hass
De Bock zum Gäertner maachen
Se kachen all nëmme mat Waasser

Hues du der Bomi an de Knéi gebass?
d.h. wann e Kand seng Mëllechzänn verléiert

Ech sinn däers esou sat wi d'Kaz der kaler Ierdsen

Eng Huddel an eng Fatz

Hien ass mer iwwer de Mond gefuer

Waren d’Aen erëm méi grouss wéi de Mo?

Da maach mol d’Guckelien op!

Eng op de Koz

Ech kann en net méi richen

Deem reent et an d’Nues eran

Si sinn e Kapp an en Aasch

Eppes am Schna hunn

Bass du mëll an der Bier?

Hues du eng Schrauf verluer/labber?

Ech hunn d’Hoer nach geschwollen

Déi gutt Rotschléi an déi schlamm Geesse kommen ëmmer ze spéit

dat mécht der Kaz kee Bockel

D‘Geess hätt och gären e laange Schwanz gehat, mee si krut awer nëmmen en Deckel.

Mat der Heibleifskärche fortfueren

Dat geet op keng Kouhaut!
Dat ass ënner aller Sau.
Ech hu kee Rouden an kee Wäissen.

Lo räisst mir gläich den Zwier

En huet Tomaten op den Aen

léier een alen Af keng Grimasse schneiden

e Mann ouni Bauch ass wéi e Pompjee ouni Schlauch

Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap ouni Stuerz

Et ass nach net an dréchenen Dicher

Een Aaf mécht der honnert

Hues du Paangecher an den Dieren?
Hues du Säck an den Dieren?

Do mengs de, du misst an de Patt faschten.

Ee gudden Iesel stéisst sech nëmmen eng Keier

En ass an d'Gette gaang
(fir: En ass ëmgefall/onmächteg ginn)

Houere Miel gëtt houere Paangech
(Et läit an der Famill)

Hues du Klonenzopp giess?

Maach, soss rabbelt et an der Wurschtkichen/der Broutgaass!

Zatzgranatevoll

Domm wéi Saubounestréi

Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck

Ze domm, fir e Lach an de Schnéi ze pissen

Deen huet e Rass an der Schossel
(deen ass net ganz normal)

Deen huet eng mat der Ratsch
(Deen ass net ganz normal)

Maach keng Baken!
Hal op mat Spruddelen!

Du aarme Wiermchen!

Do ass him den Aasch/d'Soupape awer gaang!
Do sinn him d'Aaschbaken awer gaang!

Een Af mécht der honnert

En huet Héichwaasser an der Box

Da gëff emol Gas!
Da maach emol virun!
Gëtt dat haut nach eppes?

De Geck an den Eck

Kënns de net haut, kënns de mar

Deen do dréit der d'Wierder am Mond ëm

Ech sinn haut scho midd opgestan

Deen een ass deem anere säin Däiwel

Hien huet d'Gescheitheet net mat Läffele gefriess
Hie stong net an der éischter Rei, wéi d'Gescheitheet verdeelt ginn ass

Briech der d'Auer net!

Hien ass vum aarme Jupp

Aarm ewéi eng Kierchemaus

Huet een un dengem Käfeg gerabbelt

Hien/hatt huet gedanzt ewéi d‘Fatz um Bengel

All Dëppe fënnt säin Deckelchen

Nerven hunn ewéi Tramsschinnen

Een Aaf mécht der honnert

… Bauereféiss a Paräisser Schong

Wat bass de awer gemoschtert (ugedoen)

Wann d'Brout schwätzt, sinn d'Grimmelcher roueg

„Ech wëll…“ ... déi Wëll lafen am Bësch

Wann den Hond net gescha… hätt, hätt en den Hues kritt

Eng déck Schnëss an näischt dohanner

Lo kriss de gläich eng op de Känki!

Ween näischt mécht, deen näischt brécht

Wat huet deen eng am Kanälli!

En huet gebierelt wéi e Far

Huet ee Kichelche geruff, datt s du grimmels?

Häss du dat gäre schrëftlech op enger Salztut?

Wien näischt mécht, deen näischt brécht!

Dem Hond hanne leien

Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck

Ech hunn et déck do sëtzen

Bal ass nach keng Maus an der Fal

Et gi méi Kette wéi rosen Hënn

Mir fueren dëst Joer mat der Heibleifskärchen!

Hien huet him e Päerd fir en Iesel verkaaft.

A fäerdeg ass de Lack!

Pass op, soss weisen ech der, wou de Bock d'Lach huet!

De Paschtouer priedegt keng zweemol!

Schwätzen ech hei fir d'Maueren??

Ech han der eng, datt d'Zänn am Oarsch Piano spillen!

Wëllkeschmiel gëtt Wëllkeschpaangech.

D'Liewen ass kee Kichelchen - a scho guer kee mat Schockela

D'Liewen ass kee Kichelchen!

ech sisn dees sat wéi d'Kaz der kaler Ierbessen

Gottes Waasser iwwer Gottes Land

Wou ass deen an de Bounen drun?

Wat geet dee mir op de Geescht!

Wat ass dat hei fir e Schwéngestall!

Hatt huet en Aarsch wéi e Kasärestack.
Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter.
Hien huet eng mat der Ratsch/Broutschéiss.
Hatt ass gerëscht wéi d'Pan an der Fuesent.

Dat ass e Vull fir d'Kaz

dat mécht der Kaz kee Bockel

da kéint ech baschten

Hie geet do, wéi wann en en Ee am Aarsch hätt

En ass faul wéi e Sak

Du kucks dran, wéi wann d’Hénger der d'Brout geholl hätten

Dat intresséiert mech souvill, wéi wann am Éislek e Sak Gromperen ëmfält

Bis datt dee souwäit ass, hunn d’Hénger nach Zänn

D'Mëllech kënnt aus dem Supermarché an de Stroum aus der Steckdous!

1 Eefalt mécht der gären 2

‘t ass keen Dëppe sou roosteg, datt et keen Deekel fënnt

An engem Haus sollen net mei Fraleit si wéi Bakuewelächer

Dir wäert dach elo domatter kee Krack aus der Kroun falen!

Et ass gehoppelt ewéi gepoppelt!

Et ass mir en Dunn

Wann der iech elo net schéckt, da ginn et Kapen ze rafen

Dobaussen déck Uspréch stellen an doheem friessen se aus de Jatten

Si hate kee Rouden a kee Wäissen, si hunn de Mastik aus de Fënstere gefriess

Mir hu gefriess wéi Buuschtebënner

Mir hunn eis zerklappt wéi Nësssäck

Hien ass voll wéi de Männchen am Liicht

Dat ass net de schäerfste Knäipchen am Tirang

Du bass ee wéi de Blëtz 🌩

Dann ass d’Bom déi älst!

Een Af mécht der honnert.

Den dëmmste Bauer huet déi déckste Gromperen.

Dat ass wann d'Glacke méi déif hänke wéi d'Seel.

Luucht am Tunnel muss net d’Enn vum Tunnel bedeiten!!!
Et kann och den Zuch sinn, deen dir entgéintkënnt.

Den dommen Dittchen dréit den décken Demy duerch dat däischtert, dreckegt Duerf

Et ass gutt schäissen, wann déi aner drécken!

Iwwert mäin Doud soll keen sech freeën!

Mir vreckt keent a mir leeft keent fort!

Deele wéi de Pissenger mat de Kueben
Den Hiel méi héich hänken

Du bass esou onschëlleg wéi eng frësch gebockte Geess.

Dat rappt och keen Hierk vum Teller

Pass op, soss kënnt meng Boom, déi knat Tramschinne wéi Nougat.

Du kanns den Iesel bei den Trach féieren, awer net zum Saufen zwéngen.

Lieb mech!
(Fir: Du kanns mech gären hun)

Meng Fra huet mer mäin Hiem ronn gestreckt

D‘Naas leeft him wi een Hunnigsak

D’Schéinheet vergeet, den Eefalt behäls de

Muschel mech!

D‘Haut ass méi no wéi d‘Hiem

BASS DU VUM LÄMMES GEBASS?

Mengen, et hätt een den Herrgott mat der décker Zéif

Du hues en Drot aus der Mutz

Mam rietsen A an déi lénks Täsch kucken

Ech schwätze sou wéi de Mond mir gewuess ass.

Deng Ae si méi grouss wéi däi Bauch

op eppes aus sinn ewéi der Däiwel op eng aarme Séil

"Dat ginn ech dir schrëftlech op eng Salztut"

Hien/hatt gëtt u wéi eng Tut plakeg Mécken

Op dëser Welt gëtt et näischt, wat et net gëtt. Mee et ginn och Saachen, dat gëtt et net.

'Een nom aneren', sot de Mëller; do huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht.

Hatt/Hien huet Nerve wéi Tramsschinnen.

Do wuar keen décken Dausch

Quetschen och!

Een aneren ass net vun der Heck gepléckt!

Ech si stolz wéi e Brauereipäerd

Haaptsaach eng Gäns

Hie wunnt dem Honn hannen. Ech brauch bal 2 Stonne bis bei hien.

Ech sinn esou hongreg wéi siwe Schappe Schäissdreck

Dee geet mir ewéi en Eelefmeter

Kromm Féiss, kromm Stéiss

Et kënnt, sot de Bettseechert, du war et schonn ze spéit

Géi dohin, wou de Peffer wiisst

Wat s de éischter stierfs,
wat s de méi laang dout bass

Hie schwätzt wéi eng Gebeesshouer

Hien hält sech dru wéi de Geck um Bengel!

An du stung en do mam Fanger am Mond

Heen ass esou gouereg wi eng Rapp

Heen ass esou knéckig, hee giff sich fir 5 Sou eng Bounestaasch um Kapp spëtze lossen

E Lidderege war nach ni en Dommen.

Da gëtt et rëm eng aner Gei

... dann ass d'Bier geschielt!

Dat deet es dausend / dat wor es dausend wiärt

Gehäit sinn ewéi d'Pan an der Fuesent.

An da geet alles Holler iwwer Bënzelt

Hätt den Hond net geschass, hätt en den Hues gefaangen

dat schielt en Dag un engem Ee

Wann si dech kréien, loossen se déi aner lafen

Dat do ass réischt den Ufank vun der Kiermes!

Deen ass esou schnell wéi e Pak Neel

Këmmer dech ëm deng Aaschfuer, da baut och keng Spann der dran!

et hält op mat lues reenen

Rutsch mer de Bockel erof!

Wien näischt mécht, deen näischt brécht!

En huet eng mat der Ratsch
En huet eng mat der Dänn
En ass matsch an der Bier

Dee kuckt dra wéi e frësch geschassent Kallef

Léiwer vum Béier e Bauch wéi vun der Aarbecht e Bockel.

Maach de Gëtschel zou,
seet een zu engem, deen de Boxekueder opstoen huet

E Blanne gesäit et net an en Domme mengt, et misst sou sinn

Do kritt d'Geess laang Zänn.

Houere Miel gëtt houere Paangech.

Do läit d'Kromm an der Heck.

Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter.

Fir näischt ass der Doud, an e kascht nach d‘Liewen

Mengs du, mir hätte Schëffer um Rhäin lafen?

Kuck mat den Aen, net mat de Kaulen

E Rass am Kichelchen hunn

Stëllt Waasser kësst de Gronn
Den Härgott mat der décker Zéif hunn

Et rabbelt an der Broutgaass.

Et ass mir esou Wurscht wéi Zoossiss

Du bass dach net aus Zocker

„Ech si gespaant wéi en ale Prabbeli“

Hie wor sat ewéi eng Bei.

Besser ass besser sot d'Fra, du huet se d'Hamm an der Mëllech gekacht.

Dat doten ass ënnert aller Klarinett.

Bäiss op d‘Zänn!

Op dech muss Holz getässelt ginn.

Lo kriss du geschwënn de Marsch geblosen.

Dat geet d'Schäisgässel an

Bonz ënnen a Bonz uewen

Ech sinn dach net vun der Heck gepléckt

Drénk kee Waasser, dovu kritt een de Réck wéi!

Wee mengt, dee weess näischt!

Ech geheien d‘Bengele bei d‘Tromm

Do ginn engem d‘Dronkenellen aus

A viru mam Jabel.

Et gi méi Kette wéi rosen Honn.

E schwéiere Sak fält net esou séier

Hie gesäit aus wi dem Doud säi Reesender

Et ass, fir sech z‘entwutzen

Du wäerts schonn nach gewuer ginn, wat d'Pond Kiischte kascht

Hien huet an der Schoul Poute kritt

Hien hat eng am Been

Domm wi e Blëll

Looss dech net beducksen!

Daat deet de Bock schnadderen

d'Knëppele bei d'Tromm geheien

Hien huet Héichwaasser

engem den Diks riichten

"en ass driwwer hiergefall wéi der Däiwel iwwer eng aarm Séil"
"soulaang s de d'Féiss ënnert mäin Dësch stells, méchs de, wat ech der soen"
"do wou s du hi wëlls, si mir scho laang rëm"

Wou gehuwwelt gëtt, fale Spéin.

dee léisst sech en horegt Seel duerch den Aasch strëppe fir fënnef Su

Et soll een de Bock net zum Gäertner maachen.

Hien ass op de Su ewéi der Däiwel op eng aarme Séil

Wann d'Baueren net méi kloen an d'Pafen net méi heeschen, da geet d'Welt ënner.

Du Hännes do!

E Lidderege war nach ni en Dommen

E Päerd wat gutt säift, brauch näischt ze friessen

Deen huet eng Coiffure/Frisur wéi e Pak Neel

Wie siele reit, dem bliedert den Aarsch.

Wann se Dech fänken, loossen se all déi aner lafen. / Op hie muss een Holz tässelen.

Hie rappt och keen Eskimo vum Schlitt ...

Hiweis vum ZLS: De Begrëff Eskimo kann als pejorativ empfonnt ginn.
https://lod.lu/?ESKIMO1
Kuckt och hei: https://www.duden.de/rechtschreibung/Eskimo_Volk_Gruppe_Stoff

Do läit d'Kromm an der Heck

Dat schléit dem Faass de Buedem aus

Deen Hännes ass dem Topert aus der Hatt gefall.

Aus anere Leit Lieder ass gutt Rimme schneiden.

Et gëtt een sou al wéi eng Kou, et léiert een ëmmerzou.

Mäi Papp sot: "Et ass eent wi eng Wissbei."
An: "Zu Greich an der Kierch hat eng Al hannevirgebiet (hanne virgebiet)."
Zu Bitsch am Geesselach. An zu Kalplakeg.
Di zwee hale wi Kapp an Aasch zesummen.
Wann et peift, da fiert den Zuch.
Eng Huppegeess.

téckeleg
(Dat Wuert heescht "schwaach, wackeleg")

Engem den Aasch oprappen

Et kéint jo Meilech sinn, sot d’Kaz
Do huet se Steif gesoff.

Dat ass fir zwee Aarmer, déi kee brauchen
Dat daacht der Kaz am Aasch näischt

Hues du den Diks vreckt?

Du hues sou séier Bësch gesot wéi Bam

Déi wëll, lafen am Bësch.

Vun Tuten a Blose keng Anung.

Draschloe wi d'Geess an den heesse Bräi

Dat ass besser ewéi an de Grapp geschass.

Hee kuckt dra wéi eng Éil aus enger Tut.

Du kanns den Iesel bis bei d'Baach zéien, mee saufe muss e selwer!

Een Af mécht der 100

Ween näischt wot, deen näischt wënnt.
Ween näischt sicht, deen näischt fënnt.

Dir geet de Mond op wéi der Geess den Aarsch

Du bass liddereg wéi Mëscht.

Et gëtt keng Zopp esou waarm giess wéi se gekacht gëtt.

Dat geet esou schnell wéi d’Honn sech zerbäissen.

voll wéi de Männchen am Liicht

Hee gläicht vir de Lekt, an hannen der ganzer Welt.

Eng Bottisch (o na eng Schmier genannt)

Du hues eng mat der Broutschéiss!

Do ass mir d’Späicherluucht opgangen!

De Geldsack an den Heeschesack stinn ni honnert Joer vir an der selwichter Dier

Et gëtt mi Kette wi rosen Honn!

Du krëss de Kapp tëschent d’Uere gesat.
Du krëss den Dicks geriicht.

du gesäis de Leit zwar op d'Panz, mee net eran! (du weess ni, wat an engem virgeet)
egal wéi domm se sinn, et stécht keen der en hannert d'Ouer (pass op, all Mann kann der theoreetesch e Kand maachen)
hien huet em een ënnert de Läpp gepecht (hien huet hatt geschwängert)

Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt.

Du schwätz wéi e Buch ouni Deckelen.

hien daacht kee roude Su
hatt huet eng Laach ewéi eng Héngerseech
hatt huet keng Ham a keng Mam a kee Fatz Auder
hie frësst ewéi e gepannt Päerd
do hat ech dem Här awer an de Frack gegraff

Eiser Här huet allerlee Kaschtgänger, ma keng, déi näischt iessen.

 

Lo ass Feierowend!

Du Ierbessenzieler!

Do kriss de jo eng un de Bic.

Honn, déi billen, bäissen net

däers kritt een esou sat wéi der kaler Ierbessen.

Ech hunn es esou sat ewéi d'Kaz kal Ierbessen

Hues du der Bomi an de Knéi gebass?

Et kéint Mëllech sinn, sot de Kueder.

Ech haen dir eng an d'Salle à manger / an d'Akaul / an d'Laiskaul, dass d'Zänn dir am Aasch Piano spillen.

Du bass net grad deen hellste Stär um Himmel
All Dëppe fënnt sein Deckel
Hätt den Hond net geschass, dann hätt et net gedämpt

Mat der Scheierpuart wanken

Du has Nerve wi Tramsschinnen!

vun alle gudde Geeschter erlooss sinn
sech an d'Fäischtche laachen
sech eppes ënner den Nol rappen
méi domm ewéi de Gebrauch
esou domm ewéi de Gebrauch
et sténkt hei ewéi eng Pescht
do ass Happ a Malz verluer
de Kapp an de Sand stiechen
mam Kapp an d'Mauer rennen
mam Kapp duerch d'Mauer goen
domm sinn ewéi e Schongstréckel
vum Lämmes gebass sinn
Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen
Den Herrgott mat der décker Zéif hunn
dat schléit dem Faass de Buedem aus
deen/dat huet d'Polver net erfonnt
dat geet op keng Kouhaut

Vun Hëppches op Haapches kommen

Hie wunnt um Honn hannen

Dat ass mäi Béier!
Dat sënn meng Kéi! (beim Bauer)

Wulte bien mais puffte pas.
(Wann engem d'Mëttelen net gi sinn, fir eppes ze maachen)

Bass du vum Lämmes gebass?

Et gëtt een al ewéi eng Kou an et léiert een all Dag derzou.

Du gees mir op d'Schlappen

Een Domme ka méi froen, wéi ee Gescheite kann äntwerten.

Deen ass gespaant ewéi een ale Präbbeli

a wann der Däiwel en Af gëtt

Hätten an Haten, waren zwou aarme Staten

no beim Waasser gebaut

Wee mengt, dee weess näischt

Da fält der nach ëmmer keng Zack aus der Kroun

Engem Plakege kanns de net an d'Täsch gräifen

De Jëwwi (= ech)

Jiddwer Béinchen hiren Téinchen.
Jiddwer Ierzchen hire Fierzchen.

engem d'Lewitte liesen
(ee vernennen/engem d'Meenung soen)

Heen/Hatt ass vum Lämmes gebass.

Dee setzt de Punkt op den i!

Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz!
(Leit, déi sech opféieren als wieren se eppes Besseres, et offensichtlech awer net sinn)

Dat ass ënner aller Klarinett! (Dat do geet ze wäit)

Et ass mer haut net hanne wéi vir

Rutsch mir de Bockel erof

Déi Wëll lafen am Bësch

Do bass du um Holzwee!

Dat do wor e Wénk mat der Scheierpaart.

Hie geet gär mat de groussen Honn pissen.

Eng grouss Schnëss a näischt derhannert.

Et gëtt ee su al wi eng Kou a léiert ëmmerzou.

Vun hanne Lycée a vu vir Musée

Deen huet eng mat der Ratsch (oder mat der Broutschéiss).

Een Af mécht der honnert.

Hätten an hate waren zwee aarmer Staaten

D'Geess hätt och gär e laange Schwanz gehat.

Hackernëss

Dat passt wéi der Kou de Suedel

en ass bei d'Lisette gefouert ginn

meenen a Botter schäissen ass zweeërlee

Wat gëss de, wat hues de ...

't ass mer sou laang wéi breet. (= ass mir komplett egal)
een Af mécht der honnert (= wann een engem eppes nomécht)
Kënns de net haut, da kënns de muar (wann een net virumécht)

Géi klapp der en Ee!

Do ginn engem d'Dronkenellen aus

Do ass d'Welt mat Brieder zougeneelt

eng Hand mat upaken

sech de Batti stellen

keng Gudd an der Kopp hunn

domat hues du däin Ee geluecht!

En Zappee (e luesgekachtent Ee)

Dat ass dach egal wat!

Klibber mech!

D'Geess hätt och gär e laange Schwanz, krut awer nëmmen e klengen Deckel

Dat geet op keng Kouhaut!

Eng al Fra ass kee Schnellzuch

dann ass d'Bëtschel fett

Domm wéi 7 Schappe Schäissdreck

- Kapp der net méi lass, wéi s de geschëppt kriss

Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kaart ouni Stuerz.

"Sécher ass sécher", sot d'Bom. Dunn huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.

Wiers de midd geschafft, géifs de net op domm Gedanke kommen

Du hues e Gesiicht wéi en tapezéierte Schäisseemer

Et ass liicht schäissen, wann déi aner drécken

Hackerflënt

Deen do ass souwéisou net dee schäerfste Knäip am Tirang.
Wann den Hond net geschass hätt, hätt en den Hues kritt.
Dir Dammen an Dir Hären, Bannanen hu keng Kären.

Een, dee litt, dee klaut
An een, dee klaut, dee frësst Kanner

Da schreif heem, et géing der gutt

Hätten an haten waren zwou aarmer Staaten

Een ale Bam verplanzt een net

Si sinn ewéi e Kapp an en Aasch

Du bass bekannt wéi e gringen Hond

Du hues dach de Klimpi vreckt.
Du hues d'Stuff net méi ganz miwweléiert.
Eng ugewichsten Ameis.
Hal de Bak a maach Zänn.

Mir fueren dëst Joer mat der "Heibleifskärchen"

Lee dech op de Réck a spill mat den Zéiwen.
Fänk Mécke mam plakegen Aarsch.
Da kriss de eng an d'Virgesiicht, dass et hanne liicht.
Géi scho virun d'Dier bludden.
Huel deng Dattel aus der Sonn.
War däi Papp Glasmécher? (Wann ech virum Fernseh stoung)
Hues du Säck an den Dieren.

Ech hun de Fuedem verluer (wann een eppes vergiess huet ze soen)
Da komm mir ginn an de Bitzbuttik een neie kafen

Fuerze wéi ee Klouschterhengscht

Et ass eng Plooschter op en hëlze Been

Uewenerëm Spëtzekranz - ennenerëm de Läpp net ganz

Deen huet Nerve wéi Eisebunnsschinnen

Ech hu Féiss wéi den Aacht-Auer-Zuch

Du hënners wéi den Hond am Keelespill.

Stell dech moies domm a geckeg, da bass de owes net midd an dreckeg.

Paipenneijoersdag, wann d'Schleeke bëselen

Zocker an den Aarsch bloosen

Bass du vum Lämmes gebass?

Een ale Mummeschäiss!

Du mëss aus enger Méck en Elefant

Kand: Mir ass (et) langweileg ...
Mamm: Da géi lee dech op de Réck a spill mat den Zéiwen

Wien et laang huet,
léisst et laang hänken

Uewe Spëtzekranz ënne Läpp net ganz

Op dech mudd een Holz tässelen

Bekannt wéi e gepierperlechten Hond
Héiers d'et donneren?
Du hues Hoer wéi e Kilo Neel
E puer décker Kutschelanteren / Speckentasen
Dat ginn ech der schrëftlech op eng Salztut

Een Af mécht der honnert

Dat läit jo dem Honn hannen

Domm wéi 7 Schappe Schäissdreck

Op de Strëppe wiisst näischt.

Op dech muss een Holz leeën.

Du gees geschwënn ongespëtzt an de Buedem.

Mëss de ëm d'Schoul e grousse Bou, gëss de domm wéi eng Kou

Du hues d’Mondwierk vun engem Framënsch

Dee mécht alles futti

An d'Gette goen
(schwaachfalen)

Ech hoen dech reng ewéi Salz

Du gees mer wéi en Eelefmeter.

Du kriss de Kapp tëschent d'Ouere gesat!

D’Kaz am Sak kafen

Deem fält keen Zacken aus der Kroun

Wann s de der Däiwel bis gewinnt bass, ass et an der Häll och schéin ...

Wann däi Kapp net ugewuess wier, géifs de deen och nach vergiessen.

Hie war ellen ewéi d'Nuecht.

Eng Strunz (Piss) ouni Fuerz ass ewéi eng Kap ouni Stuerz.

do ass mer de Wapp gaangen

hues du d'Bom an de Knéi gebass?

wat en Duercherneen, do fënnt jo eng Kaz hir Kleng net erëm

Du hänks do ewéi d'Kaz um Schläifsteen.

Wëlls de eng Koppel waarm Oueren?

Du mengs, du misst en Har op d‘Stier kréien

Dat geet an de Ginz!

Dat kënnt net an d‘Tut!

Da mengs de, du misst den Aasch an d‘Säit kréien

Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall

krenonzéng am Schaf

dat ass eng Mooss wéi en Ieselsouer

du kriss den Diks geriicht

dat ginn ech dir schrëftlech op eng Salztut

dat ass glat wéi en Nonnebauch

An déi eng Hand geschass an an déi aner geklappt

E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol

Du Paiaass

Hie brëllt wéi e Far
(e Far ass e Stéier)

Houremiel gëtt Hourepaangech

Et gëtt allerhand Leit op der Welt, mee keng déi näischt friessen!

Et gesäit ee kengem an d’Panz!!

Eng ganz Schmier hallef oder eng hallef Schmier ganz.

Soll ech der d'Schéier bréngen?

Gehäit een e Knëppel an en Trapp rosen Honn, ass et deen, dee getraff gëtt, dee billt

D'Dier mat Brieder zouneelen

Hie wunnt, wou d‘Welt mat Brieder zougeneelt ass

Looss d'Kierch am Duerf

Esou al gëtt keng Kou

Méi helleg ewéi de Poopst

Aner Mammen hunn och schéi Jongen/Meedecher

Bass de am Bus gebuer?

Et kräischt ee eréicht, wann ee bis gebass ginn ass

Een de mengt, de weess näischt

Een ass keen

Bass de vum Lämmes gebass?

Hien ass domm ewéi ee Lach

Hues Du aus der Our gesoff?

Du gees mer fatzeg op de Su.

Tuddel dir kee Kulang an de Réck

Et ass fir an e Greef ze lafen

Ween hutt un dengem Keefeg gerabbelt?

Hutt een dir an däin Aquarium gepisst?

Dat doten hëls de am Kapp net aus

Ech gesi kee Land méi.

Jongen, mir zéien an de Krich.

Et gëtt keen Holz mat an de Bësch geholl

D’Liewen ass kee Kichelchen

D'Ochse kann ee bei d'Waasser bréngen, mee saufe mussen se selwer

Du kriss eng an d‘Sabbel, datt d‘Zänn der am Oosch Piano spillen

Et schëtt wéi mat Eemeren

Maach d'Aen zou, da gesäis Du, wat Däint ass.

Gëtt een al wéi eng Kou, et léiert een ëmmer derzou

„Et ass Affaire de goût“, seet den Hond a bäisst an d‘Seef!

Bal ass nach laang keng Maus an der Fal.

Léiwer zweemol ze vill giess, wéi eemol net genuch gedronk

Leiwer gesoff ewéi d‘Leit beschass

Hues de eppes Bestëmmtes an der Nues?

Lee däi Kapp an d‘Brout!

Do mer eng Händsch aus.

Hien ass net dee schäerfste Knäip am Tirang

hien huet eng laang Leitung
= e brauch laang, bis en eppes (oder dat) versteet

Hie geet mer déck op d'Strëmp!

Du bass ee fir bäi zwee Aler, déi kee méi brauchen

Muss du an d'Hee, dass du dech sou fläiss

Domm op d'Welt komm, näischt bäigeléiert an d'Hallschent vergiess.

Wou gehuewelt gëtt, do fale Spéin!

Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee

Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter!

En ass iwwerall derbäi, wou eng Kaz duerch d‘Baach geschleeft gëtt.

Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter

Dat ass esou einfach wéi Bonjuer

Bréng keen Holz mat an de Bësch.

Et lieft een nëmmen eemol.

Deen huet ze déif an d'Glas gekuckt

Hien/hatt huet Hoer op der Zong

Briech der d’Auer net

Schmonk mir de Gatt!

Dat do ass wéi Speck oder Schwéngefleesch.

Ech schweesse wéi eng Sängerin.

Dat huet kee Kapp a kee Schwanz

Wat bass du e Péckvillchen

Besser ass besser, sot d'Fra an do huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.

D'Zopp gëtt net sou waarm giess wéi se gekacht gëtt

Dat geet op keng Kouhaut

Vu lauter Beem kee Bësch méi gesinn

En ass op den Hond komm.

Päifenneijoerschdag, wann d'Schleeke bëselen

Do gewënns de nëmmen den zweete Präis

Hei hat ech de Bauch nach net wéi

Et ass keng Weis, soss géif et sangen.

Hatt mécht e par Aue wi den 8-Auer-Zusch

Wann ass Onkraut

Een Aasch mat Schellen.

Onkraut vergeet net.

Schweesse wéi eng Sängerin am Beichtstull.

Ee verfeelte Bouf/Jong sinn.

Géint d'Dommheet ass kee Kraut gewuess.

Hatt ass net der Gescheitheet aus der Hatt gefall

"Géi klapp der de Wappchen"

Et hëlt sech net vill

Et ësst een net do, wou ee schäisse geet

Et gëtt méi Kette wéi rosen Hënn.

hal dech vir vun de Fraleit an hanne vun de Päerd ewech

Du muss een awer griengs glëschten

An deem Fall ass d’Bom déi Aelst

Looss mengen an denken de Päerd, déi hu méi grouss Käpp

Dat mécht der Kaz kee Bockel

Du mengs mir wieren op enger Millen!

Fuer engem Plakegen an d'Täsch.

Et kënnt op keng Kouhaut méi un

Mat de Leit schwätzt een a mat de Päerd fiert een

sech drunhale wéi de Geck un de Bengel

Du bass iwwerall, wou eng Kaz geschleeft gëtt

Lo huet en awer Plomme gelooss

Meng Haut ass méi no wéi däin Hiem

Däi Mooch schleeft keng Kaz mi fort

Méngs de, ech wier vun der Heck gepléckt?

Vum Lämmes gebass

Hien huet d'Weisheet mat Läffele gefriess.

Et ginn der mam Bräiläffel.

Do ass mir d‘Messer an der Täsch opgaang.

Uewerëm de Spëtzekranz, ënnerëm de Läpp nit ganz.

An der Nout frësst der Däiwel Mécken.

Dofir ass mär de Kapp ze fréi zougaangen

Vun engem schéinen Teller aleng gëtt een net sat

Vu wat dreems du nuets?

Elo ass awer d'Bëtschel fett.

Hee fënnt keen naasse Steen am Waasser

Hien ass gelaf, wat gëss de, wat hues de.

Hien ësst wéi een Heebléiser.

Hues du de Bandwuerm?

Hie fäert wéi den Däiwel d'Wäiwaasser.

Hien huet säi Schweess och nach net gericht.

Houere Miel gëtt houere Paangesch

Ee Liewen wéi een Hond ouni Fléi

Op ee méi oder manner kënnt et och net un.

Hues du deng Kleeder zu Dijon kaf, dass de esou gemoschtert bass?!

Do mengs de dach, du misst an eng Taass fuerzen an zur Hänk erauskucken!

Du kaschts mech de leschten Nerv;
Dat ass wéi eng Drëps op e woarme Steen;
Deen huet der Däiwel an der Panz;
Du bass nach ze domm, fir aus dem Zuch ze kucken, wann e steet;
Du bass iwwerall do, wou eng Kaz geschleeft;
Mär falen d'Aen aus dem Kapp;

Bass du jo net e Mounddëlpes

Hien huet sech dout gestuerwen

Du mengs, du misst dech dout mengen

Géi net an d'Kierch fuerzen

Dreck schauert de Mo

Elo geet et lass wi zu Gräisch an der Kierch, do huet eng al Fra virgesong ...

Wann d'Giedel net gepisst hätt, hätt se den Zuch nach kritt

Ech hunn es sou sat wéi d‘Kaz der kaler Ierbessen.

Dee Kaffi hei kanns de enger Geess an d'Ouer schëdden a si wackelt net mam Schwanz.

D‘Geess hätt och gär e laange Schwanz gehat, mee alles, wat se krut, war e klenge Jibbelchen.

Wann den Hond net geschass hätt, hätt en de Fuuss kritt.

Wullte bien, mais puffte pas.

Deen/Dat schwätzt wéi eng Gebeesshouer.

Firwëtz mat Äppelschnëtz

Et si scho méi Ellener ënnert den Tram komm.

Säit der Doud erfonnt ass, ass ee senges Liewes net méi sécher.

Du bass de beschte Beweis, dass den Härgott sech och emol iere kann.

Du gees mir op d‘Schlappen.
Du gees mir op de Su.
Ech hu kee Geldschësser.
Et ass gehopst wéi gesprongen.

D’Schong an Huese verléiere

Dee mécht sech wéi d’Laus um Roff

Di sëtzt do wi de Kueder um Schläifsteen

Du läis do wi eng gebarschte Kou

Kenns du d‘Seeche vun der rouder Geess?

Sech mat Mann a Maus presentéieren

Dee bäisst sech net, wou et e kraazt.

Säck an den Dieren hunn

Dat frësst kee Brout

Wéi wann d’Hénger him d’Brout geholl hätten.

Dee gesäit aus wéi dem Doud säin Dénger

Du kriss de Kapp tëschent d'Ouere gesat.

Do ginn der d'Dronkenellen aus

D'Geess hätt och gär e laange Schwanz gehat

een net mol mam Mëschtgreef upaken

Hien huet Präisser wéi an der Apdikt

Eng Koppel waarm Ouren

Hues du Tomaten op den An

Wa se dech kréien, lossen se déi aner all lafen

Do ginn ech rose wéi eng Spann

Ziel mer keng vun der Geess

Do kréien ech sou Bullen

Du bass en Dabo, wéi en am Buch steet

Hien huet de Läffel ofginn

Hien huet sech duerch d'Bascht gemaach

An deenen eelste Kierche ginn déi beschte Masse gelies

Hie war net dee spatzeste Bläistëft aus dem Tirang

Ech ginn um Zännfleesch

Pak deng 7 Saachen

Wat geet dee mir op d'Strëmp!

Et ass fir Schlappen ze katzen.

Du hues den Härgott mat der décker Zéif

En hält sech dru wéi de Geck un de Bengel.

Hien huet gesoff wéi ee Buuschtebënner.

Eng am Biz hunn

Owes ass méi kal wéi dobaussen

Dee wunnt um Hondshannen

Du gëss der Welt Stéiss

Een nom anere wéi bei der Äppelfra, do gi se all der Rei no gebeetscht

Huet een un dengem Käfeg gerëselt?

Hues du de Koffer getéitscht?

Mir leien hei wéi d'Hierken an der Tonn

Bass du vum Lämmes gebass

Du bass awer net déi knusperegste Fritt aus dem Dëppen.

Et ass fir en Har op d’Stier ze kréien!

Deen huet an de Kapp geschass

Elo geet mer d'Späicherliichtchen op

Deen huet e Briet virum Kapp

Dee kann Dir d'Waasser net reechen

Deen huet eng mat der Broutschéiss

E Wénk mat der Scheierpaart

Wann s de net wëlls al ginn, muss de dech jonk ophänken.

't ass Affaire de goût, sot d'Fra, dunn huet se an d'Seef gebass.

Rutsch mir de Bockel erof

Haut gëtt et kale Plat mat Duerchzuch

Deen huet gepasst wéi d'Mamm op de Papp (z. B. wann e Gol fält)

Wann s de näischt dovu verstees, da schwätz och net dovun

Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net

Hal keng Ried

Hien hält sech dru wéi de Geck un de Bengel

Hien ass ee wéi e Kleederschaf, net grad esou breet, mee genau esou stëbseg

Schéi vu wäit a wäit vu schéin
Du gesäis aus ewéi eng Wiederhex

Kënns de net haut, da kënns de muer

En huet gejaut ewéi e Mäerder

Eppes mat Schweppes a kalen Ierbessen

Lee dech op de Réck a spill mat den Zéiwen

Deen ass esou frëndlech wéi eng Prisongsdier

D'Geess hätt och gären e Schwanz gehat

Besser ass besser, sot Fra, du huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.

Hien ass opgedréint wéi eng Wissbei!
Dat passt wéi d’Fauscht op d’A.
Paräisser Schong a Bauereféiss

Du schwätz ewéi e Waasserfall

Jesses Maria mam Joseph am Bett

Dat geet dir wéi der Kou de Suedel

„Do kriss de dach e Vull op d'Stier!“

A lo séier den hëlze Bierg aus

Lo rabbelt et awer an der Broutgaass.

Eng Laach wi eng bleche Fraleitsbox, di d'Kellertrap eroffält.

Hien ass ee wéi en Handkesselchen

Wouhi gees de? - Den Hond hänken. Gees de mat, dann dréis de d'Seel.

Hien ass gekleet wéi aus enger Liedchen

Dat ass mir esou laang wéi breet

Wat hunn ech mech kristillegt!

Dreck leeft bei Dreck.

Hues de näischt, bass de näischt.

hien (hatt) ass säi Papp (seng Mamm) wéi duer geschass

Du kriss eng an d'Schnëss, dass der d'Zänn am Aarsch Piano spillen!

mat de groussen (décken) Hënn pisse goen

ee bei d‘Lisett loossen

et reent al Fraen

wann ët dem Iesel ze gutt geet, geet hien op d‘Äis danzen

Dat kascht d'Aen aus dem Kapp.
Hues du Tomaten an den Aen?
Bass du vum Lämmes gebass ginn?

Wann et net fir ze laachen ass, ass et fir ze kräischen.

Wou gehuwwelt gëtt, do fale Spéin

Schëmmel a Bless vernannt

Wënn net hei ass, gëtt net gezëllt

Du hues e Verhalt wéi eng Seibecken

Wann et knuppt nach e Meter

Du hues e Kapp wéi en Eisendëppen

Du fënns keen naasse Steen am Waasser

Stroossenengele sinn Hausdäiwelen

Ech hunn e Kapp wéi eng Wiederhex!

Du kriss geschwënn eng Koppel waarm Oueren!

Hien huet gedanzt wéi d’Fatz um Bengel

Et gëtt Zopp an d'Ziessen a Boppen a Gromperen

Dat ass weeder Speck nach Schwéngefleesch

Hues du Säck an den Dieren?

Deen do huet en Eck ewech

Engem Plakege fiert een net an d'Täsch!

platt ewéi e Su
platt wéi Holland

Deen danzt wéi d'Fatz um Béngel!

Du gesäis vu lauter Beem de Bësch net méi.

Dat pisst den Hond der an de Schnéi.

En ass gelaf, dass e Schung an Huese verluer huet.

Ech hu kee Geldschësser.

D'Iddi mécht de Goût, sot de Geessebock an ass der Härekächen nogelaf.

Fir een Apel an ee Stéck Brout

Wat bass du ee Stéck Miwwel!

Här ass Här a Max ass Max.

Een Af mécht der honnert.

Ween näischt mécht, deen näischt brécht.

Besser ass besser, sot d‘Fra, du huet se d‘Ham an der Mëllech gekacht.

Deen huet pickegen Drot an den Täschen.

Wat ee Gedeessems!

Dat Hiem ass Huddel a Fatz.

Déi Fra ass eng richteg Rennscheier.

De Fuuss verléiert seng Hoer, awer net seng Naupen.

Wee bëlleg keeft, keeft zweemol.

D'Zopp gëtt net esou waarm giess, ewéi se gekacht gëtt.

Ëmsoss ass der Doud, da muss du d'Liewe ginn.

Wee gut schmiert, dee gut fiert,
ween ze vill schmiert, dee bei der Däiwel fiert.

Eng al Fra ass kee Schnellzuch.

Den Toun mécht d'Musek

Léiwer räich a gesond wéi aarm a krank

Du schwätz Englesch wéi eng Kou Spuenesch

Dee Klengen do ass een Hanneviren

Deen Ale wor och well ee Schauss

E wor ëmmer ee Spizigen

Dat kënnt net an d’Tut

Da krëss de Fast geschnidden

Sou kal ass et net, datt mer schnaddere missten

Déi Kullang drëpst

Déin Zuwwer rënnt

Ass déi Kaandel verstoppt?

Et ass keng Spléiter Holz mi do

D'Hiertchen ass nach am Schäffchen

Dat ass ewer een décke Komp Gromperen

Déi Kurwel do ass ze kleng

Man d'Huurt richtig zou, et sti Päerd am Peesch

Géi durich den Hiirzel, dat ass méi einfach

Den Taartestack ass nawell net zevill sauer dëst Joer

Do, wou de Kinnek och zu Fouss geet

Den Anker geheien

Uewen de Spëtzekranz an ënnen de Läpp net ganz.

Lo kann ech erëm iwwer den Daach sprangen!

Dee rennt ewéi eng Sau/e Schwäin

A lo viv d’Trap aus!

Maach keen Zirkus!

Haut bleift d’Kiche mol kal!

Allez, geess de bei d’Kéi!

Ech fuere lo net bis op Hamipri

Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn.

D'Woch fänkt gutt un, sot de Mann, dou ass e méindes Marges gehaange ginn.

Ech kréie geschwë Mippercher

Deng Plack hänkt

Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter.
Hätten an haten waren zwou aner Staaten.
Kuff schmull a kieb schiebes.
Angscht a Geld hat ech nach ni.
Een Aarsch ewéi ee Kasärestack.
Ech ginn den Hond hänken.
Et ginn agemeete Kellertrape mat Spannebeen.
Géi schäissen, kriss de d'Knéie wéi.
Kourommeldomm

Leck Salz, da gëss de duuschtereg.
Déi Wëll lafen am Bësch.
Wann Dommheet laang Been hätt, géings du op de Knéie sëtzen, fir d'Sonn am Aarsch ze lecken.
Vun hanne Lycée, vu vir Musée.
Eng Ausstralung wéi ee Lutepoteau.
Vum Lämmes gebass.

Sécher ass sécher, sot d'Fra an dunn huet se d'Ham an der Mëllech gekacht.

Lee mol eng aner Plack op!

Lo gëtt et gläich eng an d’Akaul!

Ween als Eefalt fortgeet, kënnt als Dabo erëm.

Ech hu mer eng nei Texasbox kaf.

D’Zopp an d’Fraleit sollt een net waarde loossen, soss killen s’of.

Hien huet mir d'Zäit net gebueden.

Fir e Gräppche voll Freed, en Teimer voll Leed.

En huet geschlof wéi en Äppelchen.

An elo Kaffi, Quetsch, Zigar, Kannapee!

Ass gebongt!

En huet eng déck/fatzeg komme gelooss.
En huet eng déck/fett Bullett geluecht/gedréit.

Wien et laang huet, léisst et laang hänken!

Dee krut lo mol den Diks geriicht

Maach mär lo keen Ouer!

Et gëtt net laang gefaxt.

Der Däiwel soll en huelen.

Lo rutscht mir d'Hand geschwënn aus!

Dat ass vun anno Tubak.

Hien huet seng Huese schlangs un.

Et gëtt een op de Bak, dass d'Zänn am Oosch Piano spillen.

Sinn ech lo dem Pastouer an de Frack getrëppelt?

Et ass 5 vir 12!

Dem Däiwel vun der Schëpp sprangen.

Lo gëss du gewuer, wat e Pond Kiischte kascht!

Ech sinn net op de Kapp gefall!

Här ass Här a Max ass Max!

Ee gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol.

Da gëtt Holz op dech getässelt.

Hutt Dir Säck an den Dieren?

Et kann een och en Dag un engem Ee schielen.

Elo ass d'Bier geschielt.

Dat schéinste Meedche kann net méi ginn, wéi et huet.

Mir musse mat de Meedercher danzen, déi do sinn.

Du hues eppes ze soen, wann d'Kaz d'Spulllomp frësst.

D'Geess hätt gären ee laangen Deckel, huet bis haut nach keen.

Kapp kal, Féiss waarm, mécht dee beschten Dokter aarm.

Dir sidd dach vum Lämmes gebass.

Hätten an Haten, dat woren zwou aarmer Staaten.

Uewerëm de Spëtzekranz, ënnerëm de Läpp net ganz.

Ech schweesse wéi eng Sängerinn, déi Grompere schielt.

Houert Miel gëtt houere Paangech

Du bass net dee schäerfste Knäipchen am Tirang.

Du kanns dech dréinen a kéieren, wéi s de wëlls, den Aasch bleift ëmmer hannen.

Egal ass an déi eng Hand geschass an an déi aner geklappt.

du bass gebungelt

- Voll Gespréicher sinn niichter Gedanken.
- mengen a Botter schäissen ass zweeërlee
- wat de Bauer net kennt, frësst en net
- do has de näischt ze radetten
- a wann den Hond net geschass hätt, hätt en den Hues kritt

Warden op Mokusdag (dat heescht: waarden op eppes, wat ni kënnt)

Wat e Jirimiri (wat en Duercherneen, wat e Gedruddels). A noter: Jirimiri gëtt et an der spuenescher Sprooch, dat heescht Fiselreen wéi am Baskeland.

Dat ass Speck wéi Schwéngefleesch.

Dunn huet hien domm aus der Wäsch gekuckt!

Du hues eng mat der Klatsch.

Ellesonndeg ass deem säin Namensdag.

Elle wéi eng Mouk

Wann d’Kaz an d’Tak puupt.

Hien ass net de schäerfste Knäipchen am Tirang.

Du schneits e Gesiicht wéi siwen Deeg Reen.

Mir gëtt et dronkenellen.

Wen näischt mécht, den näischt brécht.

Du hues eng mat der Broutschéiss.

Dat geet op keng Kouhaut.

Da musse mer de Mëttig d'Maul an e Krop hänken!
Hief de Fouss!
Dau muss de Rof mol méi héi gehaange kréien!

Pärele bei d'Sai geheien

Dee wunnt um Hond hannen, oder: dee wunnt do, wou den Hond Fléi huet.

Déi Wëll liewen am Bësch.

D'Geess hätt och gär e laange Schwanz gehat an se krut awer just e klenge stuppegen.

Hu mir e Geldschësser heiheem?

Et ass mer esou laang ewéi breet.

Do hues du den Herrgott mat der décker Zéif.

Si kruten d’Panz geschwenkt.

„Du bass ee wéi de Blëtz!“
„???“
„Du schléis och just eng Kéier op déi selwecht Plaz.“

D'Keess op an d'Klacken eraus!

Domm wéi Bounestréi

Voll wéi de Männchen am Liicht

Bal ass nach laang keng Maus an der Fal
d'Bengele bei d'Tromm geheien
Wien op d'Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet
e Gesicht wei siwen Deeg Reen

Hackerstiwwel a keen Enn

Dat ass enges Dreck, sot d’Fra, dunn huet se zwee Kéip geschass.

Wat geet dat/dee mir op d'Strëmp.

Een Af mécht der honnert.
Eppes mat Schweppes an Äppelkompott.

Wat däin ass, ass mäin an dat wat mäin ass, ass nach laang net däin!

Looss Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen.

Dir geet de Mond op ewéi der Kou den Aarsch.

Kënns du net haut, da kënns du muer.

Muer ginn et Fréibieren. Dobäi huet hien haut awer eng déck/kleng/schéin am Kanelli.

Déi Kou ass elo vum Äis.

Mat Speck fänkt ee Mais.

Déi Wëll lafen am Bësch!

Du bass e rise Bräikapp.

Mir leeën eng Schëpp bäi.

Hätten an haten, dat woren zwou aarme Staten.

Ech kréien eng un de Bick.

Däin Auto geet jo kee Pond.

A wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en de Fiissche kritt!

Ech mengen, du hues de Koffer vreckt!

Hatt/hien ass och net di hellste Käerz um Kuch.

Dann hoen ech dir eng, datt s du d'Rad schléis!

Wat bass du e beschassenen Eemer!

Du gëss u wéi eng Tut plakeg Mécken.

wann al Scheiere brennen.
kraache Kare fueren am längsten.
späert dir är Hinger an, (well) mir loossen eis Hunne lafen.
der Jomer net nach!
Kuck, dass de fort kënns, soss man ech der Been!
komm zur Zäit fir z'eessen, soss gëtt et de Wësch an d'Dëppen!
mer sënn op d'Zopp gerouf.
mer sënn op d'Kiermes gerouf.
mer musse si o mol rëm eng Kéier op de Kaffi roufen.
dat do ass kee roude Su wäert.
dee kruch et o net mat de Schëppen.
dee muss de Frang o dräimol rondrëm drien.
dat ass eng gellig Freed.
dat ass grailich sching, grailich schwier, grailich deier …
do hatt hatt d’Box an, heen hatt näist ze soen.

Dat deet de Bock schnadderen.

Du bas esu gurig, du kéints eng Geess tëschent den Huäre këssen.

Do gëss de mierf!

Ech hunn es sou sat wéi der kaler Ierbëssen.

D'Ham an der Mëllech kachen

Stroossenengel, Hausdäiwel ...

Hien huet vun Tuten a Blose keng Anung.

Hätten an Haten woren zwou aarmer Staaten (déi eng hätt et gär gehat, déi aner hat et net).

Du läis do wi eng gebaschte Kou.

Ech si frou wéi e Kichelchen

Ech si platt wéi e Su

Vir widder an hanne bäi

Himmel, Aasch an Zwier!

Lo mol lues mam Jabel.

Du bass awer raffinéiert wéi den Zocker vun Tirlemont.

D'Aen op oder de Beidel

Wee mengt a Botter schäisst, weess näischt.

Dat ass mat dem graffe Beidel gemaach.

Déck Bake maachen

Mir huelen dat op de Leescht.

Se hunn d'Schlappe verluer.

Erziel mir keng Raibergeschichten.

Ech sinn net vun der Heck gepléckt.

Et schéisst een net op eng Ambulanz!

Wien des Däiwels gewinnt ass, dee fënnt et nach op eemol an der Häll schéin.

Bei dir an der Box

Gees de bei d'Kéi.

Ech wéilt net a senge Schong an Huese stiechen.

Nondikass! Nondidjabbel! Hakkamuni!

Du bass domm wéi Bounestréi;
Där geet d'Maul op wéi den Hinger den Oarsch;
Du hues eng mat der Broutschéiss;
Du hues nach kee klengen Elefant gesinn;
Pech an domm gaang;
Nondikass an d'Dëppe geschass;
Du hues d'Dommheet mam Läffel gefriess;
Ween de Spillmann dankt, dee muss en och bezuelen;
Wann et der schlecht wëll, bréchs de der de Fanger an engem Dëppche Ram;
Domm gebuer a guer näischt bäigeléiert;
Géint d'Dommheet gëtt et kee Mëttel a wann s de d'Apdikt mat de Regaler frëss;
Du hues eng Panz wéi eise Bless;
Ha net sou op d'Tromm;
Du häls dech dru wéi de Geck um Bengel;
Dat ass sou kloer wéi Waasserzopp;
Dee säi Kräiz net packt, muss et schleefen;
Ma du Intebinni;
Du bass méi domm wéi den Härgott helleg;
Sief net méi fromm wéi d'Muttergottes;
Du säifs ewéi e Lach;
Du säifs ewéi e Buuschtebrënner;
Wee beim Wäiwaasser ass, dee seent sech;
Der Däiwel soll en huelen, mee dee wëll en net;
Pass op, datt der keen Zacken aus der Kroun fält;
Du hues en Oarsch wéi e Brauereipäerd;
Du hues e Marsch wéi e Postkutschepäerd;
Vill Wand a wéineg Reen;
Uewen hui an ënne pfui;
Blo a rout, Bauremoud;
Do ass de Wuerm dran;
Séiz du gutt, wou de Peffer wiisst;
E klengt Këndchen, eng kleng Stëndchen;
Du hëls den Dag am Galopp;
Maach net aus enger Méck en Elefant;
Du stees um Schlauch;
Paräisser Schung a Baureféiss;
Mat de Plomme klappen a vir an hanne kee Su hunn;
Schéi Plomme maache schéi Vullen;
Mär fuere mat der Heibleifskärchen;
Déi dommste Baueren hunn déi déckste Gromperen;
Eng blann Sau fënnt och emol eng Eechel;
En ass gerannt wéi eng wëll Sau;
Du méchs dech wéi eng Muedeléin;
En ass bekannt wéi e bonten Hond;
Kräisch keng Krokodilstréinen;
Ech si sat ewéi eng Bei;
Du hues en Oarsch ewéi en Tramsschapp;
Een dee mengt, dee weess näischt;
Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee;

Marie, bréng d'Aaxt, et ass e Raup am Kabes;
Deem enge säi Leed ass deem aner seng Freed;
Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet;
Dat geet op keng Kouhaut;
A weider mam Jabel;
Mat deem ass net gutt Kiischten iessen;
Hien/Hatt ass rose wéi eng Spann;
Alt erëm goe gelooss, d'Rad dréit sech;
D'Zopp gëtt net sou woarm giess, wéi se gekacht gëtt;

Lo geheien ech d'Kromm an d'Heck;
En hëlt kee Blat virun de Mond;
E steet do wéi den Ochs beim Bierg;
Et gëtt een sou al wéi eng Kou an et léiert een ëmmer derzou;
Du bass en Dräibiz;
Wat s de méi am Schäissdreck wulls, wat et méi sténkt;
Du hues besser ze gleewen, wéi kucken ze goen;
Hien/Hatt huet Hoer op der Zong;
Lo geet ëm d'Späicherliicht op;
E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol;
D'Geld gëtt sech ewech an den Dëlpes behäls de;
Du hues d'Dommheet mam Schëmmläffel giess;
D'Geess wollt e laange Schwanz a krut just en Deckel;
Du nenns keng Kou Blimmchen, diers si huet eng Strimmchen;
Dee litt dat Blot vum Himmel erof;
Lee dech op de Bauch a fänk mam Oarsch Mécken;
Dat do geet rit an d'Hell;
Déck téinen a kee Wak an der Täsch;
Du bass eppes wéi eng Drummsee;
Den Alter ass näischt Schéins.

Wann d'Dommheet giff wéidoen, giffs du de ganzen Dag jäizen;
Et ass ewéi et ass, d'Saach ass verschass;
Wéi d'Dommheet ausgedeelt gouf, hues du dräimol hei geruff;
Déi Wëll lafen am Bësch;
Just derlaanscht ass och derlaanscht;
Schéiss net mat Kanounen op Spatzen;
Vun näischt kënnt näischt;
Du kucks, wéi wann d'Hinger der Brout geklaut hätten;
Du hues besser, an e Flapp Schäissdreck ze fale wéi deem an d'Maul;
Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net;

Dat ass ënner aller Klarinett.

Komm trëppel!

Hutt dir Paangescher an der Dier?

Do ass Happ a Malz verluer.

Geet et nach mam Geliits?

Dat ass esou sécher wéi den Amen an der Kierch!

Leck d'Kaz am Aasch!

Do ginn där d’Dronkenellen aus!

Déi Wëll lafen am Bësch.

Du kucks dran, als hätten der d'Hinger d'Brout geklaut!

D'Knëppele bei d'Tromm geheien.

Dat geet net op eng Kouhaut.

Engem d'Geschicht vun der grénger Geess erzielen.

En ass domm wéi siwe Schëppe Schäiss.

Bass de vum Lämmes gebass (ginn)?

Do muss du awer de plackegen Aasch weisen.

En hält sech drun ewéi de Geck un de Bengel.

Tuddel der kee Kullang op de Réck, soss reent et der an d'Aaschfuer.

Dat ass e Vull fir Kaz.

Wann s de enger Geess dat do an d'Ouer schëtts, leeft se domat bis op Paräis.

Ech hale wuel jo!

E mécht säi Meescht a säi Bescht.

Et reent wéi mat Eemeren.

Allez, viru mam Jabel!

Et ass dach fir an e Patt ze fuerzen an en op Paräis ze schécken!

Kanns dech dréinen a kéieren, wéi s de wëlls, den Arsch bleift ëmmer hannen.

Dat do ass kale Kaffi.

Déi Wëll lafen am Bësch!

Iwwerlooss d'Denken de Päerd, déi hu méi grouss Käpp.

Et muss ee mat de Meedercher danzen, di do sinn.

Krenonzéng am Schaf!

Wann der Däiwwel d'Geess huet, da kann en och d'Bëtschel kréien.

D'Kaz am Sak kafen

Domat fält der keen Zack aus der Kroun.

Mokusdag!

Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall.

Wann den Dreck Mëscht gëtt, léisst en sech féieren.

Wien de Misère huet, brauch fir de Spott net ze suergen.

Wou kee wunnt, ka keen der opmaachen.

Wann d'Kaz fort ass, sin d'Mais Meeschter.

Hien ass just e klengen Hellegen an enger grousser Kierch.

En dréit sech am Wand wéi den Hinnchen um Kierchtuerm.

Et ass nach ni eng Kou bei hiert Kallef saufe gaang.

Wann den Hond net geschass hätt, hätt en den Hues kritt.

Wien et laang huet, léisst et laang hänken, sot de Bauer an huet de Wissbam nogeschleeft.

Wou gehuwwelt gëtt, fale Spéin.

Wat wëlls de hunn, soen d'Leit an da ginn se der näischt.

Ee Schëmmel a Bless vernennen

Maach ewéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit.

Fouss beim Mol halen

Ee bei d'Lisett loosssen

Ech gi sou rose wéi eng Spann.

Looss der d’Féiss splécken an da gees de op d’Weed.

Ech glëschten dach kee Gréngs!

Nondi Märi mäi Läif, Kätty meng Séil

Wann et dem Iesel ze gutt geet, da geet en op d’Äis danzen.

An dreem net vun den Hénger, soss fäls de vun der Leeder.

Hatt huet no beim Waasser gebaut.

Lo kriss de de Kapp tëschent d’Ouere gesat.

sech eng Stënnchen tässelen

en Tëmpchen halen

Da kritt e mol gewisen, wou de Bock d'Lach huet.

Du kucks dra wéi eng Kou, wann den Zuch laanschtfiert

Hien ësst wéi eng invitéiert Police.

Kleng Kesselen hu grouss Oueren.

Do ass Happ a Malz verluer ...

Hien (Si) danzt ewéi d'Fatz um Bengel.

Pak schléit sech, Pak verdréit sech.

D'Geess hätt och gär e laange Schwanz.

Kaalwer, déi gutt saufen, brauchen näischt ze friessen.

D’Kanner an d’Gecke soen d’Wourecht.

Wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter.

Een Af mécht der honnert.

Gerëscht si wéi d'Gréidel am Hierscht.
D. h. 'opfälleg' Kleeder unhunn, déi net onbedingt zesumme passen.

Besser ass besser, sot d’Fra, do huet si d’Ham an der Mëllech gekacht!

Maach mir keen Ouer, ech hunn der schonn zwee.

Hues du e Fuerz kromm?

Dat do geet op keng Kouhaut!
Deen do huet an de Kapp geschass!
Deelen ewéi d’Piissenger mat de Kueben.

Rapp dech um Guidon!

Uewen de Spëtzekranz an ënnerëm de Läpp net ganz.

D'Hiem ass méi no wéi de Paltong.

Hues Du de Koffer vreckt?!

Bal ass nach keng Maus an der Fal.

Et gëtt een al ewéi eng Kou an et léiert een ëmmer nach dozou.

Do mengs de dach, du misst baschten!

Ech si fit wéi eng Turnschlapp.

Huet een an däin Aquarium gepisst?

Een Af mécht der honnert.

Dreck schauert de Mo!

seet een zu engem, deem eppes beim Iessen net propper genuch ass

d'Haus verléiert näischt!

wat een am Haus verluer huet, fënnt een enges Daags erëm

dat ass de Glanz!

dat ass genial!

deen nervt mech, ech kéint en ongespëtzt an de Buedem schloen!

deen nervt mech, ech géif en am léifste gutt zerschloen

maach gemälleg, mir sinn net am Hee!

maach gemälleg, et gëtt kee Grond, fir sech ze tommelen!

dat do ass grad de Kotteng!

dat do ass grad dat Richtegt!

hien huet e Knuet an der Leitung

hie versteet net direkt, wat gemengt ass

hu mir zesummen d'Schwäi gehitt?

⇒ seet een zu engem, deen ze vill familiär gëtt

ech ginn der gläich en Akkont!

du kriss gläich Streech!

hien ass voll ewéi de Männchen am Liicht!

hien huet ze vill Alkohol gedronk

vill Hänn läsche vill Bränn!

wann een zu vill ass, kann ee villes erreechen

wien et laang huet, léisst et laang hänken!

wie vill Suen huet, weist et

hal direkt op, soss flaamt et!

hal direkt op, soss ginn ech rosen!

friet dech emol (un de Kapp)!

bass du geckeg?

hien hat gëschter Owend de Kenki gediebelt

hien hat gëschter Owend ze vill Alkohol gedronk

ech hu just zwou Hänn!

ech kann net alles gläichzäiteg maachen!

ziel deem näischt virun, dee kann d'Waasser net halen

ziel deem näischt virun, dee kann näischt fir sech halen

wat näischt kascht, dat ass näischt!

gutt Saache kaschte vill Suen

wie frech ass ewéi en Hond, dee lieft ewéi en Här

déi frech Leit kréien ëmmer alles, wat se wëllen

hien ass kee Giedlechen

hien ass kee gudde Mënsch

wann s du miss nomaachen, wat dee kann, da miss de de Plakege weisen

du bass net amstand, dat nozemaachen, wat dee kann

hien hëlt et vun de Liewegen!

hie léisst sech seng Wuer deier bezuelen; hie léisst sech seng Aarbecht deier bezuelen

de Mound steet am Waasser

de Mound ass duerch den Niwwel verdeckt

hien huet wënsch dragekuckt

hien ass schlecht gelaunt

d'Gléck geet dem Soff no

Leit, déi voll sinn, hunn dacks Gléck

wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter

⇒ seet een, wann ee glott gëtt, well ee sat ass

du hues vun Tuten a Blose keng Anung!

du hues vun näischt eng Anung!

et hat eng gutt Nonn fir hie gebiet

hien hat Gléck am Ongléck

ech hu vun der Doud an der Däiwel näischt verstanen

ech hunn absolut näischt verstanen

mäi Bop huet eng nei Salle à manger kritt

mäi Bop huet en neit Gebëss kritt

däi Behuele geet op keng Kouhaut!

däi Behuelen ass onverschimmt!

et gutt mengen an et gutt maachen ass zweeërlee

et gutt mengen an et gutt maachen ass net dat selwecht

d'Mamm sot dem Kand, et soll zoupëtzen, d'Toilette géif gläich fräiginn

d'Mamm sot dem Kand, et soll anhalen, d'Toilette géif gläich fräiginn

hal op, an der Nues ze fëschen!

hal op, mam Fanger an der Nues ze wullen!

et ass eng elle Welt

d'Liewen ass net schéin

dat ass Waasser an de Pëtz geschott!

⇒ seet een, wann een eppes Iwwerflësseges mécht

dat Meedchen huet der un all Fanger zéng!

dat Meedchen huet vill Freieren

du wäerts dach net de Schwanz bäizéien!

du wäerts dach net kleng bäiginn!

ech hunn einfach kee Leeër fonnt

ech hunn einfach keng gutt Positioun fonnt fir ze schlofen

wann d'Mais sat sinn, ass d'Miel batter!

⇒ seet een, wann ee glott gëtt, well ee sat ass

zéi mer eng Händsch aus!

ech kann der näischt ginn, wat ech selwer net hunn

d'Lompe fänken un ze sténken

d'Affär gëtt brenzeleg

dat huet mäi klenge Fanger mer gesot

ech verroden net, wie mer dat gesot huet

ëmsoss ass der Doud an dee kascht d'Liewen!

et kritt een näischt fir näischt

déi Fra huet Hoer op der Zong

dat ass eng béis Fra

an deem Beruff verdéngs de d'Salz net fir an d'Zopp

an deem Beruff verdéngs de guer net vill

et soll een d'Mais net bei de Speck spären

et soll ee keen a Versuchung féieren

hien huet e Gesiicht ewéi e Paangech!

hien huet e grousst, ronnt Gesiicht

et ass kee Prophéit a sengem eegene Land

⇒ seet ee vun engem, deen am Ausland unerkannt ass, mee net a senger Heemecht

Honger ass dee beschte Kach

wann een hongereg ass, ësst een alles

et muss een sech der Decken no strecken

et muss een eens gi mat deem, wat een huet

ech kafen dach keng Kaz am Sak!

ech loosse mech op näischt an, éier ech et iwwerpréift hunn

eisen Hausmeeschter héiert d'Gras wuessen an d'Fléi néitsen

eisem Hausmeeschter entgeet näischt

et gëtt méi Ketten ewéi rosen Honn!

et ass derfir gesuergt, datt d'Reegelen agehale ginn

du bass net hei, fir brong ze ginn!

seet een zu engem, deen net effikass schafft

schonn den éischten Dag vum Examen hat ech Schong an Huese verluer

schonn den éischten Dag vum Exame war ech iwwerfuerdert

wéi een d'Kanner winnt, esou huet een se

et spiert ee selwer d'Konsequenze vun der Erzéiung, déi ee senge Kanner gëtt

hie schwätzt vun der Long op d'Zong!

hie seet riichteraus, wat en denkt

deen dommste Bauer huet déi déckste Gromperen

och domm Leit kënne Chance hunn

ech ginn, wuer de Keeser zu Fouss geet

ech ginn op d'Toilette

dat do ass Waasser op meng Millen!

dat do gëtt menger Meenung méi Gewiicht

si hunn de Bock zum Gäertner gemaach

si hunn ausgerechent deem d'Verantwortung ginn, deen se net hätt däerfe kréien

deen héiert sech gär schwätzen

dee steet gär am Mëttelpunkt

dat do ass mir esou laang ewéi breet!

dat do ass mir komplett egal

en ale Bam verplanzt een net

en ale Mënsch soll een do liewe loossen, wou e gewinnt ass

kräisch net, éier s de geschloe bass!

reeg dech net op iwwer eppes, wat nach net geschitt ass!

hien ass um Dill, éier der Däiwel Schong an Huesen unhuet

hien ass mueres ganz fréi aktiv

hie läit nach am Jelli

hie läit nach am Bett, well e gëschter ze vill gedronk huet

déi Keelt geet engem duerch Muerch a Schank

déi Keelt spiert een um ganze Kierper

hien huet e Liewen ewéi en Hond ouni Fléi

hien huet keng Suergen am Liewen

dat ass méi einfach gesot ewéi gemaach!

dat léisst sech net einfach maachen

du hues méi Chance ewéi Verstand

wat der geléngt, ass méi duerch Zoufall ewéi duerch Iwwerleeën

hien huet mech net emol mam Aasch bekuckt

hien huet mech total ignoréiert

nom Iesse leeën ech mech gär e bëssen op d'Träip

nom Iessen halen ech gär eng kleng Mëttesrascht

deem enge säin Doud, deem anere säi Brout!

wat enger Persoun schuet, notzt enger anerer

du bass e Vull fir d'Kaz

dir ass net méi ze hëllefen

an Amen a Jo war d'Affär gedoen

d'Affär war ganz séier gedoen

dee Kärel huet der Däiwel an der Panz!

dee Kärel ass duerchdriwwen

wien op d'Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet!

wie vu senger Plaz opsteet, muss dermat rechnen, datt en anere sech drop setzt

elo kréien déi kleng Fësch och Waasser

elo kommen déi onwichteg Persounen och zum Zoch

et muss een déi zwou Klacken héieren!

et muss een déi zwou Meenunge betruechten

hien huet e Fuerz am Kapp

hien ass arrogant

bei mir läit de Rimm erof

ech hu keng Energie méi

déi Dommheet ass op seng Kap gaangen

fir déi Dommheet huet hie misse geruedstoen

geet et da mam Geescht!

bass du da geckeg!

de Papp an de Jong sinn iwwer ee Leescht gezu ginn

de Papp an de Jong hunn déi selwecht Eegenschaften

däin éiwegt Gesouers geet mer op d'Strëmp!

däin éiwegt Gesouers nervt mech!

all Dëppe fënnt iergendwann säin Deckel

jiddweree fënnt iergendwann de Partner, dee bei e passt

komm mer técken!

komm mer kucken, wiem säin Ouschteree ganz bleift, wa mer se widdereneestoussen!

mäi Papp huet sech gréng a giel geiergert

mäi Papp huet sech ganz vill geiergert

en huet sech drugehalen ewéi de Geck un de Bengel

en huet sech ganz vill drugehalen

dee gesäit aus, du mengs, e kréich keng waarm Zopp

dee gesäit gouereg a schappeg aus

du bass däi Papp wéi duer gespaut

du gläichs dengem Papp ganz vill

hie gaapst ewéi e Klouschteriesel!

hie mécht de Mond ganz grouss op, wann e gaapst

iessen an drénken hält Leif a Séil zesummen

iessen an drénken hält Kierper a Geescht gesond

um Enn vun hirem Liewe war d'Wittfra aarm ewéi Job

um Enn vun hirem Liewe war d'Wittfra ganz aarm

hie séngt esou falsch, et ass, fir Kréienaen an d'Oueren ze kréien

hie séngt ganz falsch

hie steet do ewéi d'Kand beim Dreck

hie weess net, wat e soll soen oder maachen

et reent ewéi mat Eemeren (geschott)

et reent ganz vill