Wann den Dreck Mëscht gëtt, da gëtt e gär gefouert!
Dee schreift seng Rechnunge mam Mëschtgreef.
Egal ass: an déi eng Hand geschass, an déi aner geschmass, dann ass et egal, wat fir eng dass de oflecks!
Deen do späizt sech selwer op de Kënn.
Deem do kaalwen d’Ochsen um Späicher.
Wann s de d’Suen an de Kullang gehäit häss, dann hätt een se wéinstens gehéiert rabbelen.
Wat schwätz du e Blech!
Sech gréng a giel iergeren.
Vun Angscht an d’Box maachen.
Rapp dech um Rimm!
E kräischt wéi eng Muedeléinchen.
Ech hunn d’Leeëndecker um Kapp!
Hien huet net vill Liicht vu Gott!
Hien huet en Aasch wéi e Kasärestack (wéi e Brauereispäerd)!
Bass de hongereg? Iess Salz, da gëss de duschtereg!
Dëse Site benotzt Cookien, fir dem Utilisateur e maximale Confort beim Surfen ze erméiglechen. D'Cookië stelle just fest, ob en Utilistauer schonn emol um Site war. Et gëtt näischt getrackt an et ginn och keng Donnéeën un Drëtter weiderginn.
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website.