wTGExoWnDY

Du bass domm wéi Bounestréi;
Där geet d’Maul op wéi den Hinger den Oarsch;
Du hues eng mat der Broutschéiss;
Du hues nach kee klengen Elefant gesinn;
Pech an domm gaang;
Nondikass an d’Dëppe geschass;
Du hues d’Dommheet mam Läffel gefriess;
Ween de Spillmann dankt, dee muss en och bezuelen;
Wann et der schlecht wëll, bréchs de der de Fanger an engem Dëppche Ram;
Domm gebuer a guer näischt bäigeléiert;
Géint d’Dommheet gëtt et kee Mëttel a wann s de d’Apdikt mat de Regaler frëss;
Du hues eng Panz wéi eise Bless;
Ha net sou op d’Tromm;
Du häls dech dru wéi de Geck um Bengel;
Dat ass sou kloer wéi Waasserzopp;
Dee säi Kräiz net packt, muss et schleefen;
Ma du Intebinni;
Du bass méi domm wéi den Härgott helleg;
Sief net méi fromm wéi d’Muttergottes;
Du säifs ewéi e Lach;
Du säifs ewéi e Buuschtebrënner;
Wee beim Wäiwaasser ass, dee seent sech;
Der Däiwel soll en huelen, mee dee wëll en net;
Pass op, datt der keen Zacken aus der Kroun fält;
Du hues en Oarsch wéi e Brauereipäerd;
Du hues e Marsch wéi e Postkutschepäerd;
Vill Wand a wéineg Reen;
Uewen hui an ënne pfui;
Blo a rout, Bauremoud;
Do ass de Wuerm dran;
Séiz du gutt, wou de Peffer wiisst;
E klengt Këndchen, eng kleng Stëndchen;
Du hëls den Dag am Galopp;
Maach net aus enger Méck en Elefant;
Du stees um Schlauch;
Paräisser Schung a Baureféiss;
Mat de Plomme klappen a vir an hanne kee Su hunn;
Schéi Plomme maache schéi Vullen;
Mär fuere mat der Heibleifskärchen;
Déi dommste Baueren hunn déi déckste Gromperen;
Eng blann Sau fënnt och emol eng Eechel;
En ass gerannt wéi eng wëll Sau;
Du méchs dech wéi eng Muedeléin;
En ass bekannt wéi e bonten Hond;
Kräisch keng Krokodilstréinen;
Ech si sat ewéi eng Bei;
Du hues en Oarsch ewéi en Tramsschapp;
Een dee mengt, dee weess näischt;
Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee;