PlLTaQpiqe

Deen huet den Trach gebotzt (beim Keelespillen)
Eppes zu Läif bréngen
Deen do ass nawell fasséngerlech (deen huet eng gutt Figur)
Hal de Ball flaach!
Dee Kaffi ass batter wéi Eileseech
Deen ass och net vun der Heck gepléckt
Kloer wéi Maschtepull
An d’Kréibänk schloen
Do kritt ee laang Zänn! (Dat passt engem net)
D’Koppel krut Waiséngen (ass ausgeruff ginn)
Dat huet en Aasch wéi e Brauereispäerd
E mécht e Bockel wéi e Kueder, wann et donnert
Wat der Dag méi helleg, wat der Däiwel méi rosen
D’Engele spille Keelen (wann et donnert)
Stuer wéi e Panzer
Den Ox mat den Hoaren huelen (eppes ugoen)
Ueleg an d’Feier géissen
E Leeër maachen (en Tëmmchen halen)
De Rousekranz iwwer de Buedem schleefen (iwwerméisseg fromm sinn)