OVtjErvbsZ

Zwee wësse méi wéi een.
A ratsch mat der Bom duerch d’Kichen.
Aarm wéi eng Kierchemaus
All Ufank ass schwéier.
All Vulle stierwen, just den Näidvull nit.
All Weeër féieren op Roum.
Alles geet mol eng Zäit laang.
Alles huet zwou Säiten.
Alles mat der Mooss.
Am Bësch sinn (näischt matkréien)
am Donkele fëschen
am Donkelen ass gutt monkelen
An d’Gette goen (vu Schwächt zesummebriechen)
An d’Gras bäissen (stierwen)
An d’Héiluucht goen
An d’Lach kucken
An der Nuecht sinn all Katze gro.
A fir de Rescht Telleren an Tasen (wann een Deel interessant/wichteg ass an de Rescht net)
Aner Säiten opzéien (sech änneren; méi streng ginn)
Äppel a Biere vergläichen (zwou Saache matenee vergläichen, déi näischt mateneen ze dinn hunn)
Ass de Mee kill an naass, fëllt en dem Bauer säi Faass.
Aus der Haut fueren
Aus der Këscht sprangen (plëtzlech d’Beherrschung verléieren a ganz rose ginn)
Aus der Rei danzen
Aus Kanner gëtt Leit.
Aus Maulefskéip Bierger maachen (iwwerdreiwen)
Aus Spaass gëtt heiansdo Eescht.
Bäi engem duerch de Kuerf sinn (bei engem näischt méi ze radetten hunn)
Bal ass keng Maus an der Fal
Bal ass nach keen Hues an der Fal.
Bauere sinn och Leit, mee keng wéi déi aner.
Bei engem Alen ass ee gutt gehalen.
Béimescht Duerf
Bekannt sinn, wéi e bonten Hond
Besser gro wéi net méi do.
Besser gutt gesiess wéi schlecht zu Fouss gaangen.
Besser haut wéi mär.
Besser jonk dragesprong wéi al dragezwong.
Besser spéit wéi ni.
Bestueden ass eng Lotterie, wee gewënnt, dee verléiert.
Bezuel, da bleifs de um Haff.
Blech schwätzen (Dommheeten erzielen)
Bleiw Vir eweg fun de Fraleit an Hannen vun de Pärd.
Blo a rout ass Baueremoud (eppes passt net zesummen)
Bludde wéi e Rand (immens bludden)
Blutt geleckt hunn (wann ee sech mat eppes befaasst, dat een duerno net méi lass léisst)
Brëlle wéi e Mauliesel (haart jäizen)
Brenne wéi Zitz (eppes wat ganz liicht a séier brennt)
Briech der d’Auer net (ëmmer mat der Rou, iwwerhuel dech net)
D’Ae si méi grouss wéi de Bauch.
D’An op oder de Beidel.
D’Ausriede si fir ze gebrauchen.
D’Baach eragoen (wann aus eppes näischt gëtt, zerstéieren, futti maachen, eppes verléieren)
D’Bengele bei d’Tromm geheien (ophalen, opginn)
D’Box voll hunn (Angscht hunn, es genuch hunn)
D’Dronkenellen gi mer aus.
D’Fléi néitzen héieren (luusseg sinn)
D’gebroden Dauwen kommen engen net an de Mond geflugen.
D’Gecken an d’Kanner soen d’Wourecht.
D’Geess hätt och gären ee laangen Schwanz si huet awer nach ëmmer nëmmen een Deckelchen.
D’Geld régéiert d’Welt.
D’Geleeënheet meëht den Déif.
D’Gléck geet dem Soff no
D’Gras wuessen héieren
D’Guttheet ass ee Stéck vun der Dommheet.
D’Hand iwwer een halen
D’Häut ass engen méi no wéi d’Hiem.
D’Hoffnung stierft fir d’lescht.
D’Kanner kommen éischter wéi d’Renten
D’Kar virun den Ochs spanen
D’Katzen loossen d’Mausen net.
D’Kaz duerch Baach schleefen
D’Kierch am Duerf loossen (net iwwerdreiwen)
D’Knëppele bei d’Tromm geheien (opginn)
D’Kräiz iwwer eppes maachen
D’Lach hunn (erausgoen)
D’Läffele spëtzen (gutt nolauschteren)
D’Läppen hänke loossen (traureg sinn)
D’Léift mécht blann.
D’Ligen hu kuerz Been.
D’Mass fänkt net un, oer de Paschtouer do ass.
D’Maueren hun och Ouheren.
D’Pans gerappt kréien (oder: eng Pansrappecht kréien) (vernannt ginn)
D’Pans schwenken (zum Beschte ginn)
D’Panz voll
D’schwaarzt Schof sinn
D’Ursache sin fir ze gebrauchen.
D’Waasser léft nët de Bierg aus.
D’Wieder op d’Goldwoo léen.
Da meng alt!
Dat bréngt d’Faass zum Iwwerlafen
Dat huet kee Kapp a kee Schwanz!
Dat lescht Wuert hunn
Dat mech de Bock net fett.
Dat preisescht Nuesschnappech huelen
Dat schéinste Meedchen kann net méi gin wéi et huet.
Dat schléit dem Faass de Buedem aus
Datt Zänn am Aarsch Piano spillen
De bäschte Plou mecht och alt mol eng kromm Fuer.
De Bëseler hunn (wibbeleg, nervös sinn)
De Botter vun der Schmier rappen
De Fanger nach an d’Wonn leeën (eppes nach méi schlëmm maache wéi et schonn ass)
De Fascht geschnidde kréien.
De Fuedem verléieren (duerch eppes gestéiert ginn, an doduerch net méi wëssen, wat ee soen oder maache wollt.)
De Gëtschel an d’Luucht hiewen (fréi opstoen)
De Känki gediebelt
De Känki voll
De Kéis hunn (d’Flemm mat eppes hunn)
De Kéis kréien (vernannt ginn)
De Läffel ofginn
De Pabeier ass gedëlleg.
De Paschtouer priedegt dat keng Zweemool.
De Schwanz bäizéien
De Wollef am Schofspelz
Deele wéi d’Pissinger mat de Kueben (ongerecht deelen)
Deemno Geld deemno Wuer.
Deen huet d’Klibbersuen nach an der Täsch (deen ass knéckeg)
Déi dommste Baueren hunn déi déckst Gromperen.
Déi Gutt sinn déi Bescht an du bass där keen (auswäichend Äntwert op eng generell Fro)
Déi Jonk päifen wéi déi Al.
Déi Wëll, déi lafen am Bësch (gëtt meeschtens als Äntwert benotzt fir kleng Kanner déi quengeleg sinn, an onbedingt eppes “wëllen” hunn)
Dem Honn hanne leien
Den Aarsch op hunn (se net méi all hunn)
Den Aarsch oprappen (ganz vill Méi ginn, vill schaffen)
Den Alter gét vir.
Den Apel fällt net wäit vum Bam.
Den Appetit kennt iwert dem Iessen.
Den Ärmut ass iwerall verstouss.
Den Eefalt markéieren
Den éischte Maufel schmacht am beschten.
Den Här priedegt keng 2 mol dat selwëscht.
Den Hënneschten ersielt kréien (een op den Hënner schloen)
Den Hond hänke goen (auswäichend Äntwert op d’Fro wou een higeet)
Den Honger dreift de Wollef aus dem Bësch.
Den Hunn ass Meeschter op senger Mëscht.
Den Trick 17
Der Däiwel sech dech huelen.
Do dech net aus irs de an d’Bett gees.
Do fënnt keng Kaz hir Jong méi erëm (do fënnt ee guer näischt méi erëm)
Do ginn engem d’Aen op wéi Ginzescheeken
Do läit d’Kromm an der Heck
Do läit den Hond begruewen
Do stoe wéi den Ochs virum Bierg
Domm gaangen
Domm gebuer, näischt geléiert an d’Hallschent vergiess
Domm si wéi siwe Sai knaschteg
Domm si wéi siwe Schëppe Kazebräi
Domm wéi siwe Schappe Schäissdreck sinn
Domm wéi Stréi
Dra kucke wéi eng Kou, déi an d’Baach pisst
Drafache wéi d’Sau an de Bräi
Dräimol geplennert ass eemol verbrannt.
Dreck schauert de Mo (et deet näischt och wann de Kascht net ganz propper ass)
Dronkenellen ausgoen
Du gëss dech net bis keng Kniddel méi am Dëppen ass.
Du kanns den Iesel bei den Trach féieren mé du kanns hén net saufen doen.
Du kanns mech klibberen (ech brauch Dech net)
Du wäisse Kéidéif do.
Duebel geneelt hält besser.
Duerch d’Bascht sinn (sech ewech maachen, fort goen)
Duerch d’Fale léieren d’Kanner goen
Duerch d’Fangere kucken
Duerfir ass keng Ursaach.
E Fouss hannebäi kréien (kee Merci kréien)
E Fuerz am Kapp hunn
E Fuerz queesch hunn
E Geck mecht der Honnert.
E gudden Hunn gët net fett.
E Luussert sinn
E Mann ee Wuert.
Ee bei d’Lisett loossen
Ee gedellegt Pärd soll een net schloen.
Ee gutt Gewëssen ass ee gutt Schloofkëssen.
Ee lénks leie loossen
Ee Mënsch ass deem aaneren säin Däiwel.
Ee Schëmmel a Bless vernennen
Ee virun d’Dier setzen (een aus der Wunneng geheien)
Ee Wuert brengt dat aanerrt.
Een Aarschkrécher (een, deen iwwerméisseg schmeechelt)
Een Af mécht der honnert.
Een am A behalen (op een oppassen, een observéieren)
Een Apel fir den Duuscht (eng Reserv fir schwéier Zäiten)
Een ass dém aneren säin Däiwel.
Een dee mengt, dee weess näischt (een dee seet “ech mengen”, deen ass sech net sécher vun deem wat en erzielt)
Een éiweg um Läpp hunn (een ëmmer hanneru sech hunn an em net lass ginn)
Een ëm den Eck bréngen
Een hanne lecken
Een Iesel vernennt dén aneren Säckdréier.
Een Ongléck kennt selten alleng.
Een op d’A drécken (een uschmieren)
Een op d’Maul schloen, datt d’Zänn em am Aarsch Piano spillen
Een op d’Plaz setzen
Een op d’Schëpp huelen (den Uz mat engem dreiwen)
Een op de Bam dreiwen (ee rose maachen)
Eierlechkeet hält am Längsten.
Elle wéi d’Nuecht sinn (net schéi sinn)
Ëm de Bräi fueren (net riicht eraus froen)
Ëmfale wéi d’Mécken
Ëmgedréint ass och gefuer (et geet och anescht)
En A op ee geheien (an ee verléift sinn)
En A zoudrécken (maache wéi wann een eppes net gesinn/an Uecht geholl hätt)
En Aarsch wéi e Brauereispäerd hunn
En Aarsch wéi e Kasärestack hunn
En ass an d’Schwämm Billjeeë rappen
En ass Buergermeeschter ginn (en huet den Heewon ëmgetippt)
En ass d’Scheefchen net wéi en d’Woll dréit
En ass do wéi d’Kugel aus der Flënt
En ass en Dräibiz
En Eck ewech hunn (verréckt sinn)
En huet an de giischter Pëtz gekuckt (bezeechent e liichtgleewege Mënsch)
En Zant zouleeën (méi séier maachen; et geet riets vun den Zänn vun engem Héil)
Endlech ass net éiwech.
Eng am Been hunn
Eng am Biz
Eng am Ginz
Eng am Kanelli
Eng bei d’Läffele ginn
Eng blann Sau kann och mol eng Eechel fannen.
Eng Briquette bäileeën
Eng Hand wäscht déi aner
Eng Kaz am Sak kafen
Eng Laach hu wéi eng Héngerseech
Eng mat der Broutschéiss hunn (se net méi all hunn)
Eng mat der Dänn hunn (verréckt sinn)
Eng mat der Pan hunn
Eng mat der Ratsch hunn (net ganz normal, verréckt sinn)
Eng Méck maachen
Eng op d’Noss kréien (oder: engem eng op d’Noss ginn)
Eng Piss ouni Fuerz ass wéi eng Kap ouni Stuerz
Eng Schëpp bäileeën (méi séier maachen)
Eng schlecht Maus, déi nëmmen ee Lach huet.
eng Schnëss, déi ass net voll ze schäissen
eng Schrauf labber hunn
Eng ureg Fra ass wéi én Zonk em d’Haus.
Engem d’Levitte liesen
Engem d’Wierder am Mond verdréinen
Engem d’Zänn weisen
Engem de Bauch pinselen (engem schmeechelen)
Engem de Paltong zéien
Engem de Wiermchen zéien (ee mat Froe buere bis datt een endlech déi ganz Geschicht oder hire Fong héieren huet)
Engem den Eefalt stäipen (ee (finanziell) ënnerstëtzen, obwuel deen den Eefalt markéiert)
Engem duerch siwe Boxen an den Aarsch kucken (onverschimmt indiskret sinn)
Engem e Fanger maachen
Engem e Kuerf ginn (engem Freier oder enger Freiesch nee soen oder e/se verloossen)
Engem en Dar am A sinn (et geet deem net, et passt deem net)
Engem en X fir en U virmaachen
Engem eng Zigar verpassen
Engem eppes op eng Salztut schreiwen
Engem eppes schwaarz op wäiss ginn
Engem geet den Hutt héich
Engem gläiche wéi een Ee deem aneren (bal d’selwecht ausgesinn)
Engem Lächer an de Bauch froen
Engem mam Aarsch an d’Zänn sprangen
Engem mol de Brëll opdoen (een emol richteg opklären)
Engem net fir fënnef Su trauen
Engem op d’Schlapp(en) (oder: d’Strëmp) goen (engem op d’Nerve goen)
Engem op de Wecker goen
Engem op den Zant fillen
Engem weise wou de Bock d’Lach huet
Engem Zocker an den Aarsch blosen
Ënner aller Klarinett sinn (ganz schlecht sinn)
Eppes aus dem Effeff kënnen
Eppes iwwer de Knéi briechen
Eppes mat spilles machen.
Erëm op d’Féiss falen
Et ass ee wéi der Giedel hire Mischi
Et ass fir op e Schof ze klammen, a wann et nëmmen ass fir méi wäit ze kucken
Et ass nach ké Meeschter vum Himmel gefall.
Et ass net all Dag Kiirmes.
Et ass net alles Dreck wat sténkt.
Et ass net alles Gold wat blénckt.
Et ass net d’Lämmchen, wéi en de Pelz dréit
Et gët een esou al wéi eng Kou, et léiert een ëmmer zou.
Et get keng Zopp esou wärem giess wéi se gekacht gin ass.
Et gët méi Ketten wéi rosen Honn.
Et gëtt erëm alles gutt, et ass nach Puddeng am Schaf (Erweiderung: …dofir ass awer kee Läffel méi do)
Et gëtt Holz op e getässelt (ee gedam maachen)
Et gëtt Zopp an z’iessen
Et gi fréi Biren (et muss ee fréi opstoen)
Et kann ee kengen 2 Hären dingen.
Et kann een net jiddferengem et gerecht man.
Et kann engem net méi schlecht goen wéi no der Doud an d’Häll.
Et lieft een nemmen eemol.
Et muss een d’Eisen sou laang dängelen wéi et wärem ass.
Et muss een mat deene Meedercher danzen déi een huet.
Et muss een net alles gleewen wat d’Leit soen.
Et muss et vun deenen Liewegen huelen well vun deenen Doudegen kriss de näischt.
Et sinn der méi am Patt erdronk wéi am Pull (den Alkohol fuerdert méi Doudesaffer wéi d’Mier)
Et soll een näischt am Äifer man.
Et steet een net gutt op engem Been.
Et versäit een sech net méi wéi hannert de Leit.
Et weess ee keemol ze vill, mee dacks net genuch.
Fal op eng Millioun.
Faarf bekennen (soen zu wiem een hält)
Falschen Hond
Feier a Flam sinn (begeeschtert vun eppes sinn)
Feier an der Box hunn
Fëmme wéi e Schaaschtech
Fëmme wéi en Tierk [Opgepasst! Dës Riedensaart kann als pejorativ empfonnt ginn.]
Fir d’Kaz sinn
Fräschen am Bauch hunn
Ganz Ouer sinn
Gecke sinn och Leit, just keng wéi déi aner
Geckn sinn och Leit, awer keng wéi déi aner.
Gedeessems maachen (eppes opféieren)
Gehäit sinn
Géi dohin, wou de Peffer wiisst!
Géi mat Gott, awer géi
Gerëscht wéi e Pëngschtochs
Geschenkt ass net ze deier.
Geschitt ass geschitt.
Gestengegt ginn (Grouss Virwërf gemaach kréien)
Getten zéien (fortlafen)
Gewuer ginn, wat d’Pond Kiischte kascht
Gi mer virun d’Dier? Oder soll ech den Trottoir erabréngen? (wann een eng Kläpperei well ufänken)
Gläich a Gläich gesellt sech gär.
Glat wéi en Nonnebauch
Goe wou de Keeser zu Fouss geet (op d’Toilett goen)
Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen
Gréngs glëschten
Gutt doe bis an déi déck Zéif
Gutt geknat ass hallef verdaut.
Hanner dem Mound liewen (net Bescheed wëssen, net um aktuelle Stand sinn)
Hatt huet vill Holz virun der Dier (d’Framënsch huet eng grouss Broscht)
Hätten an hate waren zwéin aarm Staaten
Hätten an Haten wären 2 ärmer Staaten.
Hien ass en Haalwerweis (hien ass net ganz gescheit)
Hien ass geklaackt ginn (hien ass zur Rechenschaft gezunn ginn
Hien ass net ganz gebaack (hien ass net gescheit)
Hien ass sou gescheit wéi e Koup Kräsi
Hoer op der Zong hunn
Honn déi billen bäissen net.
Hues de schonn ee grénge Fuuss gesinn??
Ieren ass mënschlech.
Ieren ass mënschlech.
Iess Salz, da gëss de duuschtereg (als Äntwert op de Saz “Ech sinn hongereg.”; meeschtens wann de Saz vu Kanner kënnt déi quengeleg sinn a sech net ginn)
Iessen an drénken hält Leif a Séil zesummen.
Iwwer de Bierg sinn (wann et engem besser geet)och: iwwer dem Kand sinn
Iwwer den Duuscht gedronk
Iwwer ee Leescht gezu sinn
Iwwerall dobäi sinn, wou eng Kaz geschleeft gëtt
Iwwerfloss mécht Iwwerdross.
Jiddwer Déierchen huet säi Pleséierchen.
Jiddweree fir sech an eiser Herrgott fir eis all.
Jiddwereen huet genuch mat sech ze dinn.
Jiddweree muss och mol Léiergeld bezuelen.
Jiddweree soll viru senger Dier kieren.
Jiddwere spiert säint am meeschten.
Jiddwerengem säin Handwierk.
Kaalwer, déi gutt saufen, brauchen näischt ze friessen.
Kabes schwätzen
Kal Féiss kréien
Kal Hänn, wärem Léift.
Kalenneren (mat de Gedanke vun eppes net méi lass kommen; däitsch: grübeln)
Kanner an d’Gecke soen d’Wourecht.
Kapp a Fouss hunn
Kapp an Aarsch matenee sinn
Kee Blat virun de Mond huelen (riichteraus schwätzen)
Kee Fouss faassen
Keen Holz mat an de Bësch huelen
Keen ass een Hellegen a sengem Duerf.
Keng Hamen a keng Mamen hunn
Keng Reegel ouni Ausnam.
Kënnt Zäit kënnt Rot.
Kleeder maache Leit.
Kleng Kanner klengt Leed, grouss Kanner grousst Leed.
Kleng mee reng.
Kloer wéi Bullettszopp (ganz kloer)
Knaschteg wéi en Héil (ganz knaschteg)
Kotzeg ginn (beleidegt ginn)
Kraache Kar (een deen al, teekelech a kränklech ass)
Kräisch net, iers de geschlo bass.
Kräisch net, iers de geschloe bass.
Krëschtdag am Kléi, Ouschteren am Schnéi.
Kuuschteg sinn (oder: ginn)
Laache wéi e Geck
Lauter Nullekackerten! (déi näischt fäerdegbréngen …)
Leck d’Kaz an der Täsch
Leck d’Kaz do, wou se keng Buuschten huet
Léie wéi e Biischtebënner
Léie wéi gedréckt
Léier keen alen Af Grimasse schneiden.
Léierjoer si keng Härejoer.
Liewen a liewe loossen.
Maach de Geck mat dengen alen Schung.
maach elo hei keng Fisematenten
Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit.
Maachen, datt d’Kierch am Duerf bleift
Mäi léiwe Jolli
Mam Kapp duerch d’Mauer goen
Mam lénksen A an déi riets Täsch kucken (balucken)
Mär ass och nach een Dag.
Mat alle Waassere gewäsch sinn
Mat allem Pipapo
Mat den Enner zesummekommen
Mat der Dier an d’Haus falen (eppes ganz ondiplomatesch riichteraus soen)
Mat der Dir an d’Haus falen.
Mat der Heibleifskärche fueren (doheem Vakanz maachen)
Mat der Scheierpaart wénken
Mat engem Kapp an Aarsch sinn (mat engem eng onzertrennlech Frëndschaft hunn)
Mat Froen vermécht een näischt.
Mat Gewalt setzt de eng Kou hannerem mat méi eventuell zwou.
Mat him ass et net gutt Kiischten iessen
mat Kanounen op Spatze schéissen
Mat Klëppele fänkt ee keng Vullen.
Mat Knëppele fänks de keng Vullen.
Mat sengem Latäin um Enn sinn (net méi weider wëssen)
Mat zwéi Féiss um Buedem stoen (e gesonde Mënscheverstand hunn)
Mattheis mécht Äis oder brécht Äis.
Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee (cf. een dee mengt, dee weess näischt)
Mengen, et hätt een der Herrgott mat der décker Zéif (menge wat wonnesch datt een hätt)
Mengen, et misst een an e Patt fuerzen
Midd wéi siwe Mikkimausen
Mir fäerte keng Maus, a wann et e Ridd wier!
Mir näischt, dir näischt (einfach sou, klammheemlech)
Mir wäerten dat Kand scho schaukelen
Moie Misch! (zum Ausdrock bréngen, datt een net sou domm ass, bei eppes matzemaachen oder sech uschäissen ze loossen)
Mokes op den Dokes (der e puer op den Hënneschte kréien)
Nach gréng hanner den Oueren sinn (cf. nach net dréchen hanner den Ouere sinn)
Nach net dréchen hanner den Ouere sinn (ze jong sinn, nach keng Erfarung hunn)
Nach un de Kleesche gleewen (naiv sinn)
Näid mécht Sträit.
Näischt ass gutt fir d’Aen.
Näischt ass gutt fir an d’An.
Näischt gesot ass och geäntwert.
Näischt gesot ass och eng Äntwert
Näischt ze radetten hunn (näischt ze soen hunn)
Näischt ze räissen an näischt ze bäissen
Neel mat Käpp maachen
Nei Biesemen kiere gutt.
Nëmmen d’Wourecht mécht verhaasst.
Nëmmen eng Box am Aarsch gehat hunn (fréier ganz onbemëttelt gewiescht sinn)
Net aus de Kleeder kommen
Net vun der Heck gepléckt sinn
Nidderträchteg si wéi en Iesel voller Fierz
Nonnefleesch u sech hunn
Nuets vu plakege Mécke dreemen
O Mamm, o Kanner!
Ondank ass der Welt Loun.
Ongléck am Spill, Gléck an der Léift.
Onkruad vergeet nit.
Op d’Fangere kucken
Op d’héicht Päerd klammen (oder: um héije Päerd sinn) (sech opbauschen, sech eräiferen, keng Widderried akzeptéieren)
Op d’Schëff schécken (eng Fra oder e Mann verloossen)
Op eppes passe wéi d’Fauscht op d’A (gutt beienee passen)
Op Sand bauen
Pak schléit sech, Pak verdréit sech.
Pankratius, Servatius, Binifatius, dat sinn där Helleger Hären 3.
Probéieren geet iwwer studéieren.
Quecksëlwer an den Oderen hunn
Quetschen och
Rapp a Klapp sinn
Renne wéi eng Sau
Rënne wéi eng Seibecken
Rutsch mer dach de Bockel erof (du kanns mech emol)
Säi Kapp a Rou leeën
Säi Pak huelen (opginn)
Säi Pak maachen (fortgoen)
Säi Pefferkär bäiginn (säi Kommentar ofginn)
Säin Otem spueren
Saufe wéi e Biischtebënner
Schéin Fiederen schéin Plomme man.
Schif gelueden
Schlofe wéi e Muermeldéier
Schlofe wéi e Rat
Schong (oder: Schlappen) an Huese verléieren
Schreif der et hanner d’Oueren
Schwamme wéi eng bläien Int
Schwätz oder schäiss Buschtawen
Schweesse wéi eng Sängerin (immens schweessen)
Se net méi all am Schaf hunn (duerchgedréint)
Se net méi all hunn (eppes Oniwwerluechtes, Verrécktes maachen)
Sech an eppes erareiden (an eng komplizéiert Situation geroden)
Sech aus dem Stëbs maachen (fortlafen)
Sech de Batti stellen (sech den Domme stellen, Topegkeete maachen)
Sech de schéine Männche maachen
Sech een/eppes op d’Broscht huelen (sech mat eppes intensiv beschäftegen)
Sech elle gerëselt hunn (vill Gewiicht ofgeholl hunn)
Sech eppes hanner d’Ouere schreiwen
Sech eppes hanner de Spigel stiechen
Sech op de Kënn späitzen
Sech senger Decken no strecken.
Sech wéi d’Aaxt am Bësch behuelen (sech total donieft behuelen)
Sech wéi e Bettseecher schummen
Séier wéi de Blëtz
Seng Fangeren am Spill hunn (eppes mat eppes ze dinn hunn)
Seng Wierder friesse mussen
Senger Hänn kee Rod wëssen
Si huet d’Box un (d’Fra ass Meeschter am Stot)
Si sinn am Gaang ze maulafen
Soen an maachen ass zwéerlee.
Soss hëlt dech der Jomer
Sou wéi een sech d’Leit winnt sou huet een se.
Souvill vun eppes verstoe wéi d’Kallef vun der Houmass
Spéin hunn
Ugi wéi e Sak voll plakeg Mécken
Ugi wéi eng Tut plakeg Mécken (sech immens bretzen)
Um leschte Lach päifen
Um leschte Steiwer wunnen
Um Teppech bleiwen
Um Zännfleesch lafen
Un de Schnësser erkennt een d’Schwäin
Un den An dierf een net mam Ielebou reiwen.
Un engem sengem Käfeg rabbelen
Un engen décke Mauffel ass nach keen erhingert.
Véirel op kal Ierbessen, wa se waarm si kriss de se z’iessen (auswäichend Äntwert op d’Fro wéi vill Auer et ass)
Verhouert wéi dem Jupp säin Iesel
Verloss dech op d’Leit dann bass de verlooss.
Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.
Vill Geschwätz a wéineg Fett mécht moer Zoppen
Vill Kanner gëtt schmuel Deelen.
Vir bäi an hanne widder sinn
Viru senger eegener Dier kieren (sech ëm seng eege Saache bekëmmeren)
Vu lauter Beem de Bësch net méi gesinn (eppes net erkennen obwuel et no läit)
Vum Falen léieren d’Kanner goen.
Vum Lämmes gebass sinn
Vun alle gudde Geeschter verlooss sinn (verréckt sinn)
Vun der Aarbecht gëtt kee fett.
Vun der Hand an de Mond (oder: den Zand) liewen (näischt op d’Säit leeën, all Su ausginn)
Vun der Long op d’Zong.
Vun Hippches op Hapches sprangen
Vun Tuten a Blose keng Anung hunn
Vu ville Mercië gëtt een net fett.
Waasser a säi Wäi schëdden (e Kompromëss agoen)
Wäit vun den Aen, wäit vum Häerz.
Wann al Scheiere brennen.
Wann d’Käche verléift ass, ass d’Zopp versalzt.
Wann d’Kand am Pëtz läit, kënnt een Deckel drop.
Wann d’Kand am Pötz läit, da kënnt een Deckel drop.
Wann d’Kanner Geld hunn, léisen d’Kréimer.
Wann d’Kaz fort ass, sinn d’Mais Meeschter.
Wann d’Katze Gras friessen, da gëtt et Reen.
Wann d’Katzen sech wäschen, da gëtt et Reen.
Wann d’Mais sat sinn, ass d’Miel batter.
Wann d’Mooss voll ass, leeft se iwwer.
Wann den aarme Jang un d’Dier klappt, spréngt d’Léift zur Fënster raus.
Wann der Däiwel d’Kou huet, kann en d’Kallef och huelen.
Wann ee esou ee Liewe wéi mäi Liewe Liewen nenne kann, da liewen ech nach.
Wann ee Vum Däiwel schwätzt, dann ass en net wäit ewech.
Wann et dem Iesel ze wuel gËtT, geet en op d’Äis danzen.
Wann s de engem de klenge Fanger gëss, hëlt en déi ganz Hand.
Wann s de mat deene groussen Honn wëlls pisse goen, da muss de d’Been och an d’Luucht kréien.
Wärem Hänn, Léift ouni Enn.
Wat bass du fir ee Krappschass.
Wat de Bauer net kennt. dat ësst heen net.
Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net (ni eppes neies ausprobéiere wëllen)
Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn.
Wat een net am Kapp huet, dat huet een an de Been
Wat laang dauert, gëtt endlech gutt.
Wat méi al, wat méi geckeg.
Wat muss sinn, muss sinn.
Wat näischt kascht, dat ass näischt.
Wat nit ass, kann nach ginn.
Wat wëlls de hunn, soen d’Leit an da ginn se engem näischt.
Wat s de hale kanns, solls de net verspriechen.
Wat s de net staark bass, muss de gescheit sinn.
Watschele wéi eng Gäns
Wee beim Wäihwaasser ass, dee seent sech.
Wee gär ee Maufel hëlt, muss de Mond opdoen.
Wee gutt schmiert, dee gutt fiert.
Wee schléift, sëndegt net.
Wee laang lieft, gëtt al.
Ween als éischte bei d’Mille kënnt, muelt als éischten.
Ween eemoll litt, litt ëmmer.
Ween et laang huet, léisst et laang hänken.
Ween op d’Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet.
Wéi den Här sou säi Geschier.
Wéi e Camion kucken (verwonnert sinn)
Wéi e Fär jäizen.
Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et rëm raus.
Wéi een an de Bësch rifft, sou schaalt et erëm
Wéi ee Pohunn stolzéieren.
Wéi eng naass Zeitung (wann eppes schlecht ass)
Well ass keng Äntwert
Ween A seet, muss och B soen.
Ween als Eefalt fortgeet, kënnt als Dabo rëm.
Ween näischt huet, ass näischt.
Ween näischt mécht, deen näischt brécht.
Ween sech näischt mécht, deen ass näischt.
Wëssen, wou een der Méck d’Blutt hëlt
Wie litt, klaut och.
Wien ausdeelt, muss och kënnen astiechen.
Wien iwwer den Uess kënnt, dee kënnt och iwwer de Schwanz (wien dat Schwéiert gepackt huet, dee packt och nach de klenge Rescht)
Wien op d’Kiermes geet, verléiert seng Plaz
Wien zu lescht laacht, laacht am besten.
Wou Damp ass, ass och Feier.
Wou et d’Moud ass, séngt e Pompernéckel an der Kierch
Wou Holz gemeet gëtt, falen och Spéin.
Wou kee Gott ass, ass kee Gebot.
Zäit ass Geld.
Ze no um Waasser gebaut hunn (ufänke mat kräichen)
Ze vill Käch verdierwen de Bräi.
Ze vill zerräisst de Sak.
Ziddere wéi Espelaf
Zodi maachen (oder: schloen)
Zoppnaass sinn (ganz naass sinn)
Zu eppes Jo an Amen soen