FcMY58dksp

Lo geheien ech d’Kromm an d’Heck;
En hëlt kee Blat virun de Mond;
E steet do wéi den Ochs beim Bierg;
Et gëtt een sou al wéi eng Kou an et léiert een ëmmer derzou;
Du bass en Dräibiz;
Wat s de méi am Schäissdreck wulls, wat et méi sténkt;
Du hues besser ze gleewen, wéi kucken ze goen;
Hien/Hatt huet Hoer op der Zong;
Lo geet ëm d’Späicherliicht op;
E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol;
D’Geld gëtt sech ewech an den Dëlpes behäls de;
Du hues d’Dommheet mam Schëmmläffel giess;
D’Geess wollt e laange Schwanz a krut just en Deckel;
Du nenns keng Kou Blimmchen, diers si huet eng Strimmchen;
Dee litt dat Blot vum Himmel erof;
Lee dech op de Bauch a fänk mam Oarsch Mécken;
Dat do geet rit an d’Hell;
Déck téinen a kee Wak an der Täsch;
Du bass eppes wéi eng Drummsee;
Den Alter ass näischt Schéins.