Wantergréng = Eefeu
schneit mer en Dill erof
(eng déck Tranche Brout)
e war krank an huet sech gutt gerëselt
e war no beim Patron
(Onse Bouf geet am Hierscht an de Kolléisch,) elo ass säi Brout gebak.
Esou schnell schéissen d’Preisen och net
D’Boulette war en Internat an der Stad
e geet an de Quatsch
(dat war d’Museksschoul um Hellege Geescht an der Stad)
hien ass e Pafefrësser
et ass e Knéchler, en tässelt, en zierkelt an en diedegt
e gëtt bei alles säi Pefferkär
et ass e krommen Hond, e Rabbelkapp, e Schnëssert an en ass, wie wonnert sech, de Stoussnéckel
en huet Bonjour gesot, dee war haut gespréicheg
Si huet Onrou an hirer Figur, si ass verbaut / d’Gerüst ass gutt, awer d’Fassad ass et net
Ech brauch eng nei Coiffure, ech gi bei de Straubejitzer (aus dem Jéineschen).
Et laacht ewéi eng Rësel, déi d’Trap eroftrëllt.
E gudde Fotograf? Jo, en ass Meeschter vum Photoshop.
d’Klack laut of