An der Pandemie: “Hues de deng Schnësstut un”?
Mir ware pilgeren, den Hotel huet no verstëbster Hellegkeet gericht.
Et kritt alles vun him, en huet awer näischt. (Theema: ierwen)
En ass matsch wéi eng Bier (an d’Bier ass vu bannen no bausse gefault, se gesäit nach ëmmer intakt aus).
Nimm, déi et haut net méi gëtt:
Streckmisch
Kiischtejeanne
Duderbatt
Fouermannsjemp
Bonifatius, Pankratius, Servatius an dat kaalt Sophie, dat sinn dei Äishelleg.
(Mir hunn och d’Hären, déi sech ëm d’Heizung gekëmmert hunn, ons Äishelleg genannt [→ Gebaier a Verwaltungen].)
De Mann, deen d’Kuelen an d’Heizung gemaach huet, wor och en Äishellegen.
E Schloff ass e klengen Espace.
E Schloff zwëschent 2 Haiser ass e klengen Espace.
Tëschent ärem Haus an onsem ass e Schloff.
D’Réimer si mat Latäin gestuerwen, ech stierwen duerch Latäin.
(Schüler vun der Boulette, kathoulescht Internat an der Stad)
Zwou Madammen, hir Männer schaffen op der Bunn:
„Wa mäi Mann päift, muss däi fueren.“
„Wa mäi Mann schäisst, muss däi waarden.“
De Code, fir eng Capote beim Apdikter oder Coiffer ze kréien: e Schaffskostüm wgl.
E Frënd ass een, dee laanschtkënnt, wann hie Problemer huet.
Zum Adel: den Här von und zu; habe nichts und brauche viel
Huele mer d’Liewen, wéi et kënnt, et gëtt keen anert.
Wat fir eng Schong kann een net undoen? Kornischong(en)