uQ1erCodNV

Deen Alen ass e Lidderhanes, e schafft näischt. D‘ganz Famill läit um Aarmebüro.

Hien huet ëmmer säi Speckdeckel um Kapp, si hiert Schiethaischen.

En huet eng dréche Liewer genee wéi säi Papp.
(Si saufen allen zwee.)

e Paillass
(eng Popp mat Stréi ausgestoppt, de Kapp an d‘Broscht waren aus Kartong)

hir goungen d‘Dronkenellen aus a si ass an d‘Schwächt gefall

A goueregt Meedchen, hanne wéi en Dill a vir wéi e Briet. Keng Ham a keng Mam. Et krut ni eng waarm Zopp.
(ganz negativ fir d‘Fraen, sorry, et war awer d‘Realitéit)

En huet seng Fra erëm hannert d‘Kachmaschinn bruecht.
(si duerf net méi schaffe goen)

Gotteszéif (Wäin, deen een net kann drénken)

Aus de Schippelcher sinn Hinkelcher an da Pëllen ginn.
Se leeë scho Pëlleneeër. (déi ware méi kleng)

Beruffer:

E Luerenzweiler Klautjen (vu cloutier). Si hunn Neel gemaacht, mat deenen
Entréesdiere verstäerkt an dekoréiert goufen.

E Moustrëppler a Kabestrëppler (Millebaacher Gemeisgäertner)

Leemknätzler (Boch, Familljen aus dem Rollengergronn)

Lompekréimer aus Weimerskirch = pejorativ; selwer hu si sech et Lakerte genannt.