mCXEIboIbc

Aarm ass net deen, dee wéineg huet,
sonder deen, de gär méi hätt.

An Hechtchen aus der Stad;
wéineg am Portmonni, awer hänkt den decke Bretz eraus.

An hätt den Tram a Rack un, géing an deem och nach nolafen.
En ass fraleitsgeckeg. (Mannsgeckeg gëtt et och.)

En huet säi beschte Fuedem un, et ass net nëmmen de Beschten, sonder och den eenzegen.
Et ass säi Sonndesgezei.

Theema shoppen, akafen:
Fänke mer op der Gar un oder an der Groussgaass?

Meng Groussmamm huet den Teppech geluxt.
(Op deem éischte Stëbssuckler/Staubsauger war dat Wuert Lux, also gouf den Teppech geluxt.)

Si hu Foussball gespillt, et gouf Schinnegebeess.

Kann e Lëtzebuerger sech selwer ëmbréngen?
Well dann hëlt en sech dach d‘Liewen?

Fir d’Elteren ass et Pubertéit vun hire Kanner nëmmen e Prelavage.
Et kënnt nach knuppendéck.

Dee lieft dem Honn hannen, do ass d‘Welt mat Brieder zougeneelt.

E geet um Bengel (Gehstock).