9whUigi1jw

Kufft d‘Schmull an dibber nobes, d‘Zankerte kommen.
Aus dem Jéineschen: Mond halen, sech ewech maachen, d‘Police kënnt.

Dirängel mech net!
(vun drängeln oder déranger?)

Hie läit kromm an de Kéieren.
(seng Tallonge si schif ofgelaf)

Et kann een iwwer alles laachen,
awer nach laang net mat egal wiem.
“Mat där laachen ech net.”

En huet d’Ham bis Kiermesméindeg geléint.

Hien oder hatt huet Héngerbeen.

Al ginn, ass näischt fir Feiglinger.

Pak schléit sech,
Pak verdréit sech.

Fir Ouschtere gratuléieren ech em fir Pakendag.

E gutt Päerd spréngt net méi héich wéi et muss.

Ech drécken op de Knäppchen.