Wanns de dech net packs, gëtt et eng voll an d’Kabinn
Laf mer de Bockel erof
Lo läit d’Kand am Pëtz
Deen ass gréng hannert den Oueren
Dat huet Been wéi eng Uewepäif
Deen huet sech duerch d’Bascht gemaach
Do kann alles näischt déngen
Aarm wéi eng Kierchemaus
engem d’Panz rappen
Sief dach net sou rose wéi eng Spann
Du kriss vu mir den Dix geriicht
Dee gesäit aus wéi e preisesche Prënz
War dat do e Wénk mat der Scheierpaart?
Hues du de Klimpi gebéit?