hYrmZ8TT7S

Niklosdag gouf et e Boxemännchen

E sëtzt um Suedel wéi eng Wäschklam op der Léngt.

Et geet op de Bulli lass.
(vu Bouilli fir Zopp wéi Ierbessebulli)

Eng Gromper gëtt no där anerer giess.

Ech sinn ze aarm fir bëlleg anzekafen.

D’Rechnung ass mat der Forschett geschriwwen.

Ech stieche mir dach keng Dynamitstang an d’Täsch.

Bal ass keng Maus gefaang.

De Kuch kënnt op d’Hiertche fir auszekillen.