BwruVgmm0i

Ech hu mech un der geckeger Knippche gestouss (Ielebou).
E sëtzt an Néckels (Prisong).
E studéiert Gitterkunde (Heimatkunde wor e Fach an der Primärschoul, hei eng Variatioun)
Uebst ass zeideg, iwwerzeideg oder matsch (gëtt och z. B. bei Persoune gebraucht, déi keng Decisioun huelen)
Si halen eng Kosettchen.
Et ass e spëtzege Kärel, esou e richtege Méckentarzan.
Ech hunn op der Eemaischen e Péckvillche kritt.
Déi riets Hand weess net, wat déi lénks mécht.
Hien ass e Pafefrësser (e primär antiklerikalen).
D’Klack laut of (et ass fäerdeg, et geet zum Schluss).