XhyGHmSsMM

-Du stees do wéi bestallt an net ofgeholl
-Wann d’Dommheet géng wéidoen, da géngs du den ganzen Dag jäizen
-sou déck wéi en Aaxtestill (een, deen net déck ass)
-Et steet all Daag en Dommen op
-Heen huet e Brëll op der Nues, mee en héiert a gesäit näischt
-Ech hunn d’Schong voller Féiss (wann een ze wäit gaang ass, an d’Féiss wéi huet)
-Ech man dat net fir dem Kaiser säi Baart
-Hei sëtz de wéi op engem Schläifsteen
-Deen ass mol net gutt fir an e Maisstéck ze setzen (een, dee fir näischt ze gebrauchen ass)
-En ass mol net gutt fir an eng Mausfal
-Du stungs ze no, wéi de Schäissdréck geklappt ginn ass (wann ee vill Sommersprossen huet)
-Dat daacht dach vir an hannen näischt / dat ass der Huddel näischt
-Schwätz oder schäiss Buschstawen (engem, deens de alles muss aus der Nues zéien)
-Deen ass elle wéi d’Nuecht däischter
-Enkt Jonkt frësst net méi wéi engt Aalt
-Dat ass mat den Hoer erbäigezunn
-Ech géng mer léiwer e Pull (Holzpfosten) um Kapp spëtzen loossen, wéi mat deem eppes unzefänken
-Du bass bekannt wéi en Donkelsser Wollef