En Apel fält net wäit vum Bam, ausser e steet op engem Hiwwel.
Dat ass net mäin Af an och net mäin Zirkus.
Déi gefléckte Karen halen am längsten.
Suen an Angscht, ni gehat.
Wat huet dat kascht? Dräi Minutten Doudangscht.
Deen huet säi Polver scho laang verschoss.
De Mann vum Sprëtzenhaus = Pompjee
D’Schéinheet vergeet, de Rescht bleift.
Dat Bësschen, wat deen ësst, kann en och drénken.
Hien ass ewéi e Stull, e gëtt mat all Aasch eens.
Ech war seegelen op de Séi, de ganze Gratin aus der Stad war do.
Besser schlecht gefuer wéi gutt ze Fouss gaangen.
Si hu Kommioun; et gëtt gekacht a gebracht.
Hire Mann ass e Kichekueder, e sëtzt niewent der Kachmaschinn a kuckt wéi de Schuedi an de Schäffche kënnt.
Dat kanns du an d’Haascht schreiwen, muer steet et net méi do. (Den Damp huet erëm alles geschwäerzt.)
Mat de Frënn ass et wéi mat de Schong ‒ mat der Zäit mierks de, déi al sinn déi bescht.
De Fouss beim Mo halen
Deem hänke jo d’Eeërschuelen nach un den Oueren.
Dëse Site benotzt Cookien, fir dem Utilisateur e maximale Confort beim Surfen ze erméiglechen. D'Cookië stelle just fest, ob en Utilistauer schonn emol um Site war. Et gëtt näischt getrackt an et ginn och keng Donnéeën un Drëtter weiderginn.
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website.